De Jeeër a seng Aarbecht an der Natur
Iwwer d'Verbidde vun der Klappjuegd
No iwwer 40 Joer, déi ech Jeeër war – a selwer iwwer 40 Joer och Piechter war vun engem Juegdlous – , wëll ech mir einfach Loft maachen, nodeem eis Politiker (haaptsächlech déi vun der Millen) nëmmen all Forme sichen an et fäerdeg bréngen, fir all Juegdpiechter an eiser gesamter Jeeërschaft komplett op d’Äis ze lackelen. Piechter sinn nach just gutt fir ze bezuelen, dierfen awer net hir Juegd exploitéieren, well all Reegel vun der Konscht gëtt gesicht, fir hinnen nëmme Käiler an d’Rieder ze stiechen. Déi léif Ministesch muss dach awer menger Meenung no einfach ouni Kenntnisser iwwert d’Juegd sinn oder entweder ganz schlecht Conseilleren hunn oder si lauschtert net mat deem Ouer, wat hir Beroder hier soen. D’Form, wéi eis Jeeër sech mam Corona ofginn hunn, wéi se sech op de Klappjuegden besuergt beholl hunn, war mustergülteg. Dat kann ech als Ex-Jeeër confirméieren. Elo, wou d’Blieder vun de Beem an Hecke sinn, kënne mol endlech eis Schwäi bejot gi, fir se kleng ze halen an eise Baueren domadder ze hëllefe, fir kënnen de Schued a Grenzen ze halen..
Ech hunn d’Gefill, dass eis gréng Politiker dat absolut fërderen an sech an d’Fauscht laachen, wann se onendlech Schued musse bezuelen. Et ass a mengen Aen eng Utopie
fir d’Klappjuegden ze verbidden. Am Bësch gëtt sech net ugestach op Distanz!
An hei wëll ech och emol eng Erklärung iwwer de Wëldschued ginn. Wéi mir bei mir op menger Juegd am Revéier viru Joren d‘Braconniere gestallt haten – mat der Police, mam Helikopter, dem Fierschter, no nuechtelaangen Observatiounen –, déi beim Protokoll zouginn haten, iwwer 40 Schwäin a 40 Réi bestialesch dout gemaach ze hunn, sot ech zum Substitut, ech géif eng zivil Plainte géint d'Braconniere maachen an de materielle Schued vun iwwer 80 Stécker Wëld froen, do sot dee mir: Dir hutt kee materielle Schued. D’Wëld gehéiert dem Erleeër. An d’Wëld, esou laang et lieft, ass der Allgemengheet hiert. Also hutt Dir kee Schued gehat. Da froen ech mech, firwat deen (domme) Jeeër de Wëldschued soll bezuelen an net d’Allgemengheet. Dat Wëld, wat Schued mécht, ass jo lieweg an ass jo net dem Jeeër säint, mee der Allgemengheet hiert. An déi bescht war, dass d’Braconnieren deemools um Gericht net gestrooft gi sinn!
Et géif elo Zéit ginn, dass d‘Jeeër emol méi Respekt fir hir Aarbecht an der Natur vun eise Politiker géife gewise kréien. Et wier gutt, wann ee vun deene grénge Politiker emol mat an d’Schoul vum Permis géife goen, da géifen se mol gesinn, wat de Jeeër alles muss léieren a respektéieren, an da wieren se vill besser informéiert an eventuell géifen se net méi esou vill falsch maachen. Näischt fir ongutt. Tony Tintinger,
Niederanven