D'Kand mam Baulandvertrag aus dem Pëtz huelen
Iwwert e wichtegt Pëselstéck fir de Logementsproblem ze léisen
Eent vun de wichtegste Stécker ass d'Mobiliséierung vun Terrainen, déi kënne séier bebaut ginn. Esou Terraine leien am sougenannteBauperimeter. Mir schwätzen hei vun 2 719 Hektar Land, op deem direkt kéint gebaut ginn: Dat ass d’Fläch vun ëmmerhin 3 600 Fussballterrainen. Ma firwat gëtt do net einfach gebaut? Engersäits daueren d‘Prozeduren nach ëmmer ze laang. Hei musse mir besser a virun allem méi séier ginn. Déi zweet Ursaach, firwat esou vill Bauland brooch läit, ass d'Spekulatioun. Eng Partie Proprietäre verdénge sech mat hirer Wiss nämlech eng gëllen Nues, well si hiren Terrain esou spéit ewéi méiglech viabiliséieren.
Eng Muert amplaz eng Rutt
Verschidde Politiker a Parteien zécken net, fir d’Rutt erauszehuelen an de Proprietäre mat enger Hellewull vu Mesuren ze droen, wa si hiren Terrain brooch leie loossen. Do ass da rieds vu Spekulatiounssteieren an esouguer vun Enteegnung. Déi Politiker vergiesse leider, datt et nieft der Spekulatioun nach ganz aner – vill méi nobel – Grënn gëtt, fir en Terrain net direkt ze bebauen. Huele mer nëmmen d‘Beispill vun de Grousselteren, déi eng klengBaulück hale wëllen, fir datt hir Enkelen do an e puer Joer en Haus baue kënnen. Et ass kengem gehollef, wann de Staat dëse Leit den Terrain ewech hëlt, oder si mat Taxen an d’Vente dréckt.
D'Spekulatioun mat Bauterraineschuet dem Allgemengwuel, mä se ass net verbueden. Mir bauen awer keen eenzegt Haus méi, wa mir d'Proprietäreverdäiwelen. Mir vertrieden dofir d'Approche vun der Muert amplaz däer vun der Rutt. An de leschte Joren gouf mat enger Hellewull u steierleche Mesurë probéiert, fir d‘Proprietären dovunner z’iwwerzeegen, fir hir Terrainen ze viabiliséieren. Mir gi gären zou, datt déi Mesuren de Problem net geléist hunn – och wa se e positiven Effekt haten.
Zauberformel Baulandvertrag
Mir mussen der Tatsaach an d'Ae kucken, datt d'Kand scho viru Joerzéngten an de Pëtz gefall ass. Zu enger Zäit, wéi dausenden Hektar als Bauland ëmklasséiert gi sinn, ouni de concernéierte Proprietärevirzeschreiwen, bis wéini déi Terrainen da misste bebaut ginn. Mir mussen elo dofir suergen, datt an Zukunft net nach méi Kanner an de Pëtz falen. D'DP huet dofir schonn an hirem Walprogramm vun 2013 d’Iddi vum Baulandvertrag festgehalen, déi d'Spekulatioun mat Terrainen an Zukunft onméiglech maache soll.
Mir sinn dovunner iwwerzeegt, datt de Baulandvertrag mëttel- a laangfristeg d'Léisungfir vill vun eisen aktuelle Problemer am Logement duerstellt. Wann de Baulandvertrag virun 30 Joer agefouert gi wier, hätte mir haut net esou vill mat deene Problemer ze kämpfen. Mat där Mesure kéinten d‘Gemengen hire Bauperimeter erweideren, an hätten d‘Garantie, datt dat Land bannent enger bestëmmter Zäit géing bebaut ginn. D’Gemengen hätten en Instrument an der Hand, mat deem si hir Bauperimetere kéinten der
Demande no opmaachen. Si hätten eng gewësse Planungssécherheet, am Géigesaz zu haut, wou een och bei groussen Upassunge vum PAG net weess, wéi vill Proprietäre bereet sinn, fir kuerz- a mëttelfristeg ze bauen.
De Baulandvertrag ass am Géigesaz zur Expropriatioun oder zur Spekulatiounssteier e fairt a gerecht Instrument, wou d'Spillreegele vu vir era kloer sinn. E Proprietär, deem säin Terrain ënnert dem Regime vum Baulandvertrag an de Bauperimeter kënnt, weess genee wou en drun ass. Entweder hie baut an der virgeschriwwener Zäit, oder den Terrain gëtt zréckklasséiert.
Et geet endlech virun
Wourop waardemir also? Firwat ass d'Iddi vum Baulandvertrag net scho laang ëmgesat ginn? Et dierft deen een oder deen aneren iwwerraschen, datt een deementspriechende Gesetzesvirschlag schonn 2017 op den Instanzewee bruecht ginn ass; esou vill zu laangwierege Prozeduren ...
De Baulandvertrag ass am Géigesaz zur Expropriatioun oder zur Spekulatiounssteier e fairt a gerecht Instrument, wou d'Spillreegele vu vir era kloer sinn.
Mee et gëtt gutt Nouvellen: Et geet endlech virun an de Baulandvertrag dierft geschwë Realitéit ginn. D'Regierung huet am November Amendementer zum Projet agereecht, mat deenen déi juristesch Hürde sollen aus dem Wee geraumt ginn. Mir si gudder Déng, datt de Staatsrot geschwë säi laang erwaarten Avis ofgëtt an den Text kann an der Chamber gestëmmt ginn.
Mir hunn Iech am Ufank vun dësem Artikel erkläert, datt et net eng richteg Léisung fir de Logementsproblem gëtt, mä datt et vill kléng Pëselstécker brauch, fir genuch bezuelbare Wunnraum ze schafen. De Baulandvertrag ass kee kléngt, mä e grousst Pëselstéck, dat eis e wichtege Schrack an déi richteg Richtung bréngt. Mir sinn dovunner iwwerzeegt, datt eng Zukunft méiglech ass, an där et sech erëm méi Mënsche leeschte kënnen hei am Land ze wunnen. Un dëser Zukunft schaffe mir all Dag, ob an der Chamber oder an de Gemengen.
De Max Hahn ass DP-Deputéierten a Schäffen an der Gemeng Dippech; den Eric Thill ass Buergermeeschter vu Schieren a President vun der DP-Norden.