Et kann een net vun enger Fräizäitaktivitéit schwätzen
Iwwerleeungen zum aktuelle Verbuet vun de Klappjuegten
Der Ministesch Carole Dieschbourg no sinn zwee Drëttel vun de Juegte bis ewell ofgehale ginn. Wat ass mat deenen aneren? Et well jo net heeschen, dass wann am Nopeschrevéier gejot ginn ass, a sengem eegene Revéier de Wëldbestand automatesch reguléiert ass.
A wéi stellt d’Ministesch sech dat no deenen „nëmmen dräi Woche“vir? Wann d’Klappjuegten nom 15. Dezember erëm dierfen ofgehale ginn, wäerten emol fir d’éischt déi stattfannen, déi scho geplangt waren. Eng Juegd well organiséiert ginn, d’Jeeër, d’Dreiwer an hir Hënn no de Feierdeeg fannen, dierft net méi esou einfach ginn.
Der Ministesch no kéinten d’Jeeër jo och vum Usetz d’Wëld bejoen. Ech froe mech, ob d’Madame weess, dass d’Wëllschwäin nuetsaktiv sinn. Dem Juegdgesetz no dierf een eréischt eng Stonn viru Sonnenopgank a spéitstens eng
Stonn no Sonnenënnergang vum Usetz schéissen. Dem Wëld ass d’Joreszäit egal a kënnt net éischter eraus op d’Gewan, well et éischter däischter gëtt.
Dëst bréngt mech zu engem weidere Punkt: D’Juegd gëtt elo als Fräizäitaktivitéit ugesinn. Gläichgestallt mat Sport, Musek…, wou et awer, menges Wëssens no, keng rechtlech Basis gëtt.
Et gëtt e Juegdgesetz, mat ganz strikte Reegelen, da kann een net vun enger Fräizäitaktivitéit schwätzen! Kanner dierfen nach ëmmer an de Bësch mat de Scouten. Keng Fräizäitaktivitéit? Et ass gutt, dass d’Kanner wéinstens dat nach maache kënnen, e bëssi Kohärenz wier hei ubruecht.
A propos Juegdgesetz: Dëst gesäit vir, dass de Piechter fir de Schued muss opkommen, deen d’Wëld op de Felder an am Bësch mécht. Wann d’Jeeër dann elo am Januar hier Klappjuegten nohuelen, ass mat grousser Warscheinlechkeet Schued bäikomm. Ausserdeem dierf nom 20. Dezember kee Réi méi geschoss ginn. Esou steet et am Gesetz. De Juegdpiechter kann deemno net verantwortlech gemaach ginn, fir e Schued, deen entstanen ass, nodeems de Verbuet erstallt ginn ass, well hie jo senger Flicht net konnt nokommen.
De Jeeër muss sech och un en Ofschossplang halen, dat heescht, d’ANF schreift vir, wéi vill Wëld hien op sengem Lous ze schéissen huet. Vill Jeeër maachen nëmmen ee Mol d’Joer eng Klappjuegd a schounen de Rescht vum Joer d’Wëld an de Bësch (anescht wéi verschidde Bëschbenotzer). D’Klappjuegd soll dann dozou bäidroen, den Ofschossplang ze erfëllen. Ouni Klappjuegd ass dëst a ville Revéiere kaum méiglech.
D’Jeeërfederatioun kéint sech mat staarken Argumenter besser abréngen. Andeems ee sech beklot, dass een am Januar d’Fleesch net méi géif lassginn oder dass ee bezilt, fir kënnen op d’Juegd ze goen, leescht een de Jeeër ganz bestëmmt keen Déngscht. Am Géigendeel. Richteg Fakte wiere begréissenswäert, an dat souwuel vun der Federatioun wéi och vun der Madame Ministesch. Dat géif dozou bäidroen, dass d’Juegd net méi sou stigmatiséiert gëtt an hoffentlech Kommentaren op de soziale Medien, déi deels richteg ënnert de Rimm ginn, kéinten ausgebremst ginn.
Et wier wënschenswäert, wann 2021 den Zwist tëscht der Ministesch an der Federatioun endlech kéint ad acta geluecht ginn, dëst fir d’Wuel vun der Natur, vum Wëld an de Mënschen, déi dës notzen dierfen. De Mënsch ass nu emol säit éiweg e Jeeër a Sammler. C. Kaufmann
Diddeleng