Undenken un d’Molerin Mariette Laux
Et war nach e schéine sonnegen Dag am Hierscht, wéi mir viru kuerzem d’Mariette Balva-Laux op dem Kiirfech vun Einen op sengem leschte Wee begleet hunn. Wéint der Pandemie stounge mer all mat Masken hannert der Lued, wéi den Här gebiet an aus dem Paulus sengem Korintherbréif gelies huet. Seenen huet keen dierfen, keen huet eng Hand ginn, awer mir hunn ons all virun dem Mariette senger Lued déif gebéckt, fir him Äddi ze soen. A jiddereen huet sech wuel Gedanke gemaach iwwert dat Liewen, dat elo esou onerwaart zu Enn gaangen ass.
D’Mariette ass 76 Joer al ginn, dovun huet hatt der ronn 60 am Musel-Duerf verbruecht. Seng Mamm, d’Yvonne Laux-Linden, war Léierin zu Esch, säi Papp, de Vic Laux, huet als Schlesser zu Kayl geschafft. D’Mariette ass 1944 zu Lëtzebuerg op d’Welt komm, an hatt ass zu Esch an d‘Schoul gaang. Wéi seng Mamm pensionéiert gouf, ass si mat der Familjen an hiirt Heemechtsduerf zréckkomm. Do huet d’Mariette kuerz no 1960 am Keller vun hirem Haus eng Milkbar opgemaach. 1967 huet hatt sech mat dem JeanMarie Balva, dee Bäcker war, zu Eine bestuedt. Hire Jong, de Luc, koum um Enn vum Joer op d’Welt. Spéider hunn si allebéid an der Kellerei vu Wuermer hiert Brout verdéngt. Ganz fréi huet d’Mariette säi Mann verluer a war vun 1983 un Wittfra. Vun 2000 bis 2010 huet hatt seng krank Mamm geflegt, déi mat bal 100 Joer gestuerwen ass. Dat sinn e puer wichteg Daten aus sengem Liewen.
Si soen awer näischt aus iwwert dem Mariette seng léifst Beschäftigung, seng Molerei. Hatt war eng richteg Kënschtlerin, och wann hatt ni d’Chance hat, an enger Akademie am Ausland ze studéieren. Hatt konnt säin ugebuerent Talent nëmmen a private Coursen zu Lëtzebuerg entwéckelen. Mä dat ass duergaang, fir datt hatt sou intensiv säin Duerf gemoolt huet wéi keen aneren. Emmer nees huet hatt déi schéi pittoresk Motiver gezeechent, déi ronn Kierch wéi dat aalt Wellesteen-Haus, de Casino, d’Jeekelsgaass mat dem Lortzebou, d’Doumhäremillen, déi al Haiser am Käer vum Duerf, an Zären, al Schoumesch, a Schenkches, a Pinnels, a Fouls an a Bréckesch, de Balteseck, dem orthodoxe Geeschtleche Wladimir Guettée seng idyllesch Villa am Schank, d’Ieselsbréck, an och deen apaarte Barock-Pavillon aus dem Joer 1756, deen am Gaart bal viru sengem Haus steet. Et wär sécher ze wënschen, wann des räich a wertvoll Produktioun vun Aquarellen, déi elo a villen Haiser, Bicher an Artikele verstreet sinn, enges Dags an engem klenge Band kënnte gesammelt a publizéiert ginn, als spéiden Hommage un d’Molerin, an awer och zu Eiere vum Duerf. Och des Konschtwierker gehéieren zum kulturelle Patrimoine vun Einen.
D’Mariette war e groussen Naturan Déierefrënd. Säi kënschtleresch Wierk dréit sech och staark ëm d’Déieren. Als „peintre animalier“huet hatt sech am léifsten ausginn, an och dee Sproch gäer gebraucht: „Plus je connais les hommes, plus j’aime les animaux.“
Op sengen Zeechnunge gesi mir ee Päerd, e Schof, en Äisvugel oder e Räer, en Hond oder eng Kaz. Dëst lescht Déier war him besonnesch un d’Häerz gewuess. D’Mariette hat ëmmer eng Dose Kazen a sengem Stot, a viru senger Dir stoung och nach Iesse fir wëll Kazen.
D’Mariette war ganz geselleg, well et gär aner Mensche getraff huet an och gär an engem Veräin eng Hand uleeë wollt. Bäi Gaard an Heem war hatt jorelaang ganz aktiv, bäim Wënzerdag huet hatt regelmässeg matgeschafft, gemoolt, dekoréiert, gebak a verkaaft. Vill a staark huet hatt sech bei der Amiperas fir déi al Leit engagéiert. Hatt huet gär matgedeelt, geschenkt, Freed gemaach, dobäi hat hatt nëmmen eng kleng Rent. Seng perséinlech Usprech hu kaum gezielt, hatt huet ausgesprache bescheide gelieft.
Seng allerlescht Jore waren alles anescht wéi schéin. D’Mariette ass net vum Liewe verwinnt ginn. Schwéier Suergen ëm seng Gesondheet, ëm seng Familjen hu säi Liewe belaascht a bedréckt. Zu allerlescht huet d’Mariette missen am Altersheem „Am Schleeschen“zu Iechternach versuergt ginn, wou hatt de 7. November gestuerwen ass. Mat sengem Dout huet dat klengt Einen een häerzensgudden, ëmmer hëllefsbereeten, talentéierten, léiwen a frëndleche Mënsch verluer. Wien d’Mariette kannt huet, wäert sech ëmmer gär a mat groussem Respekt un hatt erënneren.
Joseph Groben