„Huddel a Fatz“
123 Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch, fir datt se op kee Fall vergiess ginn
Eng „Huddel“ass en aalt Lëtzebuerger Wuert fir e groussen duercherneen, och nach Kuddelmuddel genannt. „Huddel a Fatz“ass d’Beschreiwung fir eppes, wat net nëmmen duerchernee, mä och nach futti ass. Mä genau de Géigendeel dovunner, also eng nei Uerdnung schafen an e sëllege Saachen nees riicht béien, duerfir ass den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) do, deen elo um Enn vun dësem Joer eng Partie nei Publikatiounen an d’Librairië bréngt, dorënner ënnert anerem den éischte Band vum „Lëtzebuerger Wuertschatz“. An dësem Buch mam Titel „Aläert, jauwen, Zockerboun“sinn 123 Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch ze fannen, dorënner och dee schéine Begrëff „Huddel a Fatz“.
Well d’Lëtzebuerger Sprooch eng Kompetenz vum Educatiounsministère ass, huet de Luc Marteling, Direkter vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch, gëschter zesumme mam Educatiounsminister Claude Meisch dës nei Publikatioun presentéiert. Zeng Euro kascht dat Wierk, „et soll keng finanziell Hemmschwell fir de Kaf vun dësem Buch bestoen“, sot de Luc Marteling, grad well op laang Siicht och nach néng weider Bänn vun dësem dach ganz besonnesche Lexikon erauskomme wäerten.
Ierfschaft vun eise Grousselteren
Ugefaange gouf d’Bicherserie mat Pärelen aus enger Sprooch, déi sech laang Zäit verstoppt hunn, vläicht ze vill laang. An duerfir gëtt et elo héich Zäit, dës al Begrëffer,
Wierder an Ausdréck nei an de Sproochgebrauch ze bréngen, fir se esou weider um Liewen ze halen. Et si, wéi de Minister Claude Meisch betount huet, Ierfschafte vun eise Grousselteren, an duerfir wier et och eis Aufgab, dës Wierder net nëmmen ze dokumentéieren, mä och weider liewen ze loossen.
123 Pärelen, dat sinn 123 Adjektiven, Adverben, Interjektiounen, Substantiven a Verben, déi beweise géife, datt eis Sprooch vill méi räich wier, wéi een dacks géif mengen. Dorënner fënnt ee Wierder wéi „absënns“, „bëselen“oder „eng Hickecht“, si stamen all aus dem Lëtzebuerger Online Dictionnaire(LOD), hunn awer fir dëst Buch hire strengen Dictionnaireskader verlooss.
Wéi de Luc Marteling an der Pressekonferenz weider ervirgehuewen huet, sinn dem Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch e sëllege vun dëse Wierder iwwert d’Aktioun #Wonschwuert an de soziale Netzwierker zougedroe gi. Eng Rei Wierder géifen d’Leit haut nach gutt kennen, anerer hätte se awer vläicht nach ni héieren.
D’Iddi vun der Serie wär et, d’Loscht un der Sprooch an un hirer Villfalt waakreg ze halen, fir datt ee vläicht an Zukunft dat eent oder anert Wuert nees méi dacks am deegleche Sproochgebrauch héieren a liese géif.
An en zweete Band géife spéiderhin honnert Lëtzebuerger Spréchwierder kommen, duerno géif vläicht och e Buch iwwer besonnesch Wierder aus dem Beräich Uebst a Geméis erauskommen. Grouss wier d’Nofro no Lëtzebuerger Wierder vun Déieren, virun allem vun Insekten. De ronnen Anniversaire vum „Renert“am Joer 2022 kéint och Ulass sinn, fir Versen aus dësem Gedichtepos an engem Wierderbuch z’erklären. An zu gudder Lescht, firwat net och e Wierderbuch mat Lëtzebuerger Frechheete wéi „Topert“a „Flantes“?
Nieft dem éischte Band vum Lëtzebuerger Wuertschatz bréngt de ZLS och eng iwwerschaffte Versioun vum Josy Braun sengem Buch „Eis Sprooch richteg schreiwen“mat franséischen an engleschen Erklärungen an e Verbebuch eraus. No der Landkaart mat de Lëtzebuerger Uertsnimm soll geschwënn och eng Anatomiekaart publizéiert ginn, bei där d’Wierder vum mënschleche Kierper op Lëtzebuergesch an Franséisch duergestallt si. Och un engem Covid-19-Glossaire gëtt geschafft.
Online Dictionnaire och mat Phonetik a Gebäerdesprooch
Eng Rei Neierunge ginn et zanter kuerzem och um Lëtzebuerger Online Dictionnaire, LOD, vun deem all Dag am Schnëtt 2 500 mol Gebrauch gemaach gëtt. Néng Millioune Wierder ginn iwwert e ganzt Joer via Internet an dësem Dictionnaire nogesicht. D’Wierder loossen sech elo a fënnef Sproochen nosichen, nei ass, datt och eng phonetesch Transkriptioun do ass, an och an der Gebäerdesproch gi Wierder a Form vun engem kuerze Video ugewisen.
Den LOD wiisst permanent: 1600 Wierder sinn deslescht dobäi komm an et besteet och eng Kooperatioun mat Microsoft, wouduerch d’Wierderlëscht vum LOD elo och am Word-Schreifprogramm ass.
www.zls.lu