D'Ofrappe vun engem intakten ale Gebai ass kee Kompromëss
Iwwer Denkmalschutz, Nohaltegkeet an d'Recht op Besëtz
Kompromëssbereetschaft: Mir kënne mat Alem, wat bannendra modern, oppen an hell ass, oder mat Neiem, wat no baussen al ausgesäit a sech an den Duerfkär intégréiert, gutt liewen. Alles anescht wéi e Kompromëss ass d’Ofrappe vun engem intakte Gebai.
Nohaltegkeet: Déi Haiser, fir déi mir eis asetzen, goufe mat einfache Mëttel a lokale Materialien ouni Schuedstoffer gebaut. Dobäi koumen also keng fossil Brennstoffer, kee „Klimakiller“Beton a kee Plastik oder Styropor zum Asaz.
Déi gespäichert gro Energie vun dëse Gebaier ass also minimal, wann een se mam ökologesche Foussofdrock vun engem modernen Neibau vergläicht. Do läit et dach op der Hand, de Bestand schonn eleng aus Nohaltegkeetsgrënn ze erhalen. Vill Gebaier, déi d’Franséisch Revolutioun an déi zwee Weltkricher iwwerlieft hunn, géife labber nach eng Kéier 200 Joer packen. Dat, wat awer haut gebaut
Vill Haiser, fir déi d'Auteuren sech asetzen, goufe mat einfache Mëttel a lokale Materialien ouni Schuedstoffer gebaut. gëtt, wäert a 40 Joer nees ofgerappt an ersat ginn.
Gesondheet vun den Awunner: Déi kann ee schützen, andeems een d’Gebaier anstänneg sanéiert.
D’Statik ass dobäi nëmme ganz seelen e Problem, och wann dacks zu Onrecht behaapt gëtt, dass d’Haiser „morsch“sinn. Zu den Theme Radon, Schimmel, Solarzellen, Trapelift, breet Dieren a Käschte vun engem Embau kënnen eis „selwer ernannten Experten“gäer weider Erklärunge ginn.
Wunnraum: Déi schützenswäert Haiser all ofzerappe bréngt eis net deen „dringend benötigten Wohnraum“fir eist Land, zu deem Kielen mat senge sëllege Lotissementer a virun allem mam neie Quartier „Op Elmen“mat 750 Logementer fir 2 000 Awunner een net onwesentlechen Deel bäidréit.
Recht op Besëtz: Erlaabt eis ee Verglach. Ären Auto ass äre Besëtz, mee dir kënnt domat net maache, wat dir wëllt. Dir haalt iech un de Code de la Route an awer ass dat keng Enteegnung. Anert Beispill: Wann ee baut, muss een sech un d’Bautereglement halen an et kann een op seng Proprietéit net baue wat ee wëll. An awer schwätzt hei kee vun Diktatur. D'Zesummeliewen an engem Staat bréngt et mat sech, dass ee sech muss un déi gülteg Reegelen halen. Oder besser gesot: „Eigentum verpflichtet“. Gi mer net all gär an d’Provence, well et do sou schéin intakt, jo harmonesch an authentesch Dierfer gëtt? A kommen d’Leit net all Joer träppweis op d’Nouspelter Emaischen, well et am Aulebäckerdierfche sou schéin ass?
„Recht auf Valorisierung des Besitzes“richteg interpretéiert heescht, e Gebai ze valoriséieren, andeems een et renovéiert. Doduerch kritt et eng Plus-Value, wat per se der Definitioun vu valoriséieren entsprécht. Oder geet et ëm d’Valorisatioun vum Terrain? Wa jo, wat ass da mat der Valeur vun den Noperen hiren Haiser? Hu si net och e Recht dorop, dass hire Besëtz net duerch déi vill ze grouss gerode Residenz niewendrun devaloriséiert gëtt?
Recht vum Bierger: Net d’Bierger, mee d’Promoteure rappen of a verkafen den Neibau deier. Si passe sech de Reegele vun de Gemengen un. Och den „Alteingesessenen“ass et awer net egal, wéi eis Dierfer ausgesinn. Well dem Recht op Besëtz steet d’Utilité publique géintiwwer. Si ass och an eiser Verfassung verankert an huet, op den Denkmalschutz ugewand, näischt mat staatlecher Nötegung ze dinn, mee mam Erhalt vun der Kultur fir d’Allgemengheet.
An deem Sënn loosse mer ofschléissend dëst Zitat fir sech schwätzen: „Dies ist mein Haus und doch nicht mein. Der vor mir war, dachte auch es wär sein. Er zog aus und ich zog ein. Nach meinem Tod wird’s auch so sein.“Lena Bonifas, Nouspelt Tania Simon, Meespelt Philippe Hoffelt, Nouspelt
Jérôme Reuter, Kielen
Dëst ass en Reaktioun op de Lieserbréif „Gemeinde Kehlen handelt vernünftig” vum 25. November 2020.