Vill Leit hunn d'Spill erkannt
Iwwer déi inflationär Corona-Pressekonferenzen
Här Feyereisen, dat wat Dir schreift, ass „plein dans le mille“. Déi „bis repetita“-Pressekonferenze sinn am Fong en tape-àl'oeil: D'Madame Lenert ass impassible, cool, sachlech (sic!), bref eng Magistratin. Den Här Bettel ass den opgereegten, pathetesche Counterpart. Mais force est de constater, datt se alle béid näischt Neits ze soen hunn, opschonns d'Situatioun ganz schlëmm ass.
Vu datt d'Politik en général depasséiert ass, dat awer net zougëtt, mécht se Kapesëtzungen, Kasperletheater fir ofzelenken.
Dat mam Covid goung mat enger fierchterlecher Ligen un: d'Masken! Sot do net de Staatsminister, datt déi nëmme fir d'Personal an de Spideeler néideg wieren, sot do net déi total effacéiert Inneministesch, eng Mask géif veronsécheren? Dat ass dach délictuel, eng abstention coupable wéi et am Code pénal steet. „Wer einmal lügt ...“
Gouf do net d'Pandemie verharmloost an euphemiséiert, notamment vun engem Gesondheetsminister,
dee säi Liewen, awer net den intérêt public gesicht huet?
A wann ee mat sengem Latäin um Enn ass, da sicht een e Schëllegen, de Brunnenvergifter, de Kannerfrësser. Elo sinn et dat d'Restauranten, d'Kultur an esou weider. Awer, oh man staune, ech liese Reklamme vu grousse Geschäfter: „Sunday open.“De Konsum ass sécher virusresistent. Eng Klappjuegd ass awer en Hot Spot, e Cluster – whatever that is. Ouni Harrap's Shorter iwwerlieft een net.
Ech gleewen awer net, dass d'ganzt Land „an den Lippen des Ministers“hänkt. Ech, d'Fra a vill Bekannter hunn d'Spill erkannt a wëssen, datt et eng Prestatioun ass „qui relève de la discipline dite de l'art pour l'art“.
Jiddefalls, Monsieur Feyereisen, Där schreift d'Wourecht, an dat éiert Iech an Är Zeitung. Arthur Feyder,
Käerjéng
Dëst ass eng Reaktioun op dem Leitartikel „Der Bettel-Lenert-Bonus“vum 11. Dezember 2020.