De Kleeschen zu Dikrech
Keng Fairtrade-Titerecher fir d'Kanner
Léiwe Kleeschen, ech hat Dir 2014 schonn emol op dëser Plaz a Saache fair Séissegkeete geschriwwen. Déi Dikrecher Gemeng huet all deene brave Kanner dëst Joer eng Titche gestëft, awer leider nees ouni eng eenzeg Séissegkeet aus fairem Handel. Ech hunn dat immens traureg fonnt, well Dikrech jo awer schonn emol um Sprong war (ënnert der CSV-Déi Gréng-Majoritéit), fir eng Fairtrade-Gemeng ze ginn, a well et zu Dikrech och e Weltbuttek gëtt.
Fir dëst Joer hues Du, léiwe Kleeschen, deng Aarbecht gemaach a bass zréck an däi Räich. Ech hoffen awer, dass Du dëse Bréif nach liese kanns, an dass Du mat denge lokale Partner aus der Dikrecher Gemeng, déi sech méiglecherweis nach net mat der Problematik vum fairen Handel ausernee setze konnten oder wollten, eemol heiriwwer schwätze kanns.
A wann déi Dir elo soen, dass sou fair Titercher ze deier wieren, da kanns Du hinne versécheren, dass d’Kanner sech grad esou vill iwwert méi eng kleng Titche freeën.
Erlab mer och nach, léiwe Kleeschen, fir Dir an denge lokale Partner vun Ettelbréck ee ganz grousst Kompliment ze maachen: Déi Ettelbrécker Kanner konnten sech iwwert eng Titche freeën, déi integral mat faire (Bio)Séissegkeete gefëllt war. Respekt! Do bleift deemno nach vill ze „harmoniséieren“op Nordstadniveau !
An der Hoffnung, fir Dech am Dezember 2021 och zu Dikrech mat faire Schneekegkeeten erëmzegesinn, soen ech Dir, léiwe Kleeschen, elo scho Merci fir däin Asaz.
Olivier Bechet, Dikrich, (leider nach ëmmer keng Fairtrade-Gemeng)