60 Joer zesummen
Diamantenhochzäit vun der Koppel Reuter-Bindels
Contern. Wéinst de Corona-Restruktiounen hunn den Albert Reuter an d'Anni Bindels am enkste Familljekrees hier Diamantenhochzäit am Haaptmann's Schlass zu Berbuerg gefeiert. Den Albert Reuter, den 29. August 1939 a Clausen als drëtt vu fënnef Kanner vun der Koppel Honoré Reuter a Sophie Scholler gebuer, huet no der Primärschoul zu Hamm, der Oberprimärschoul an der Fiels an dem obligatoresche Militärdéngscht eng Léier als Kach ugefaangen, déi hien aus gesondheetleche Grënn awer huet missen opginn. Duerno huet en eng Léier als Installateur ofgeschloss a bei der Firma Soclair geschafft. No enger Rei Joeren an dësem Beruff ass hien bei DuPont de Nemours zu Conter schaffe gaangen. 1981 ass den Albert Reuter an de Sécherheets- an Iwwerwaachungsdéngscht vun der Spuerkeess gewiesselt, wou en 1996 als Chef a Pensioun gaangen ass. D'Anni Bindels ass de 24. Januar 1939 zu Conter als Zweeteelst vu siwe Kanner vum Ferdinand Bindels a Maria Neuses op d'Welt komm. No der Haushaltungsschoul an der Stad huet sie bei verschidde Familljen de Stot gefouert. Dat zivilt Bestietnes war den 11. Dezember 1960 zu Contern, den Dag duerno goufe se an der Méchelskierch um Fëschmaart bestued. Aus dëser Allianz sinn d'Meedche Karin an de Jong Claude ervirgaangen. D'Enkelkanner Lea, Tessy an Noah hunn d'Gléck vun der Koppel kompletéiert. Den Albert Reuter war als ganz aktive Veräinsmënsch bekannt. A jonke Joeren hat den Albert Reuter sportleche Succès als Marcheur a Laangstreckeleefer. Mat ganz vill Freed waren den Albert an d'Anni Reuter-Bindels virun allem awer während ville Joeren beim Neufundländer& Landseer-Klub Lëtzebuerg engagéiert, wou sie zesumme mat hirem Meedche Karin an deem sengem aussergewéinlechen Hond „Jonas vom Weinsberger Tal“bei Kompetitiounen hei am Land an am Ausland esou munnech Präisser gewonnen hunn. Gesondheetlech hat d'Koppel am Laf vun der Zäit en etlech Problemer. D'Anni ass no Openthalter an e puer Kliniken 2013 am Rollstull an d'Fleegeheim op Berbuerg komm, wougéint den Albert Reuter sech nach ëmmer vun engem Schlag mat deelweiser Lähmung erkritt. Trotz allem behale sie alle béid awer hire Liewensmutt. C.