Primat vum motoriséierte Verkéier
„Opportunités manquées“op der Place de la Gare a ronderëm
2005 war e grousse „Concours international d'urbanisme“vu Stad Lëtzebuerg, CFL, Ministère des Transports an Administration des Ponts & Chaussées ausgeschriwwe gi fir de Reamenagement vun der Place de la Gare. Als éischten Objektiv vun deem Concours gouf do gefrot: „Définir la gare centrale comme un lieu urbain à part entière, porte d’entrée au coeur de la cité et lieu de vie, d’habitat, de travail, de commerce, de culture et de récréation ...“
Ënnert 48 Kandidature waren der zwielef engem internationale Jury virgeluecht ginn. De „Projet lauréat“, ausgeschafft vun enger Associatioun vun däitsch-franséischen Architectes-urbanistes, sollt als Ausgangspunkt dénge, fir ee Masterplan ze entwéckele „qui guidera les interventions futures sur le site à l’horizon 2020“!
Ënnert anerem sollten d’Quartiere Gare a Bouneweg duerch ee groussen „Espace vert convivial“verbonne ginn. D’Plaz virun der Gare sollt ee grousse „Shared space“gi mat vill Gréngs a Plaz fir d’Foussgänger, fir ze flanéieren.
Leider ass vun dëse positive Visiounen näischt iwwereg bliwwen. Technesch Iwwerleeungen, reng am Sënn zur Oprechterhalung vum Primat vum automobille Verkéier, hu sech duerchgesat, an d’Iddië vun den Urbaniste sinn an den ënneschten Tiräng verschwonnen. Streng vuneneen ofgetrennte „Rennschneisen“fir Auto, Bus, Tram a Vëlo zerstéckelen elo d’Plaz an engem schlëmmere Mooss wéi dat je virdrun de Fall war. De Foussgänger, dee sech duerch dës steril Beton- a Blechwüst muss duerchkämpfen, ass de grousse Verléierer. E groussflächege „Shared space“mat ville Beem a Planzen, Terrassen, Bänken ... vun der Place de la Gare bis op d’Place de Paris an och an der Aler Avenue, hätt kënnen dee grousse positiven Input leeschten, deen de ganze Quartier no joerzéngtelaangem Néiergang gebraucht hätt.
Dëst hätt och fir de lokale Commerce a seng Cliente vill Virdeeler gehat. „Véhicules de livraison“oder
Privatautoe vu Clienten, déi e gréisseren Objet wëllen ewechhuelen, hätte kënne kuerz virum jeeweilege Geschäft stoe bleiwen. Am Moment ass dat eng Saach vun der Onméiglechkeet. Dëst gelt och fir Leit „à mobilité réduite“, Taxischaufferen, Handwierker, Hotelsgäscht, déi wëllen an- oder auschecken ...
Viraussetzung heizou wär allerdéngs e Paradigmewiessel am motoriséierte Verkéier, d. h. de privaten automobillen Transitverkéier misst ganz aus dem Stadzentrum eraus an de städtesche Busreseau misst nach méi entflecht ginn. Firwat z. B. net eng zirkulär Buslinn ariichten, déi all Quartier direkt matenee verbënnt, ouni missen duerch de Stadzentrum ze fueren?
Et geet ëm ee Matenee vun de verschiddene „Verkehrsteilnehmer“ënnert dem Primat vum Foussgänger. Nëmmen esou kann eng Stad attraktiv sinn. Et ass de Verantwortleche bëssche méi Courage ze wënschen. „Wann net elo, wéini dann?“
Vicky Mertens, Lëtzebuerg-Gare