Quo vadis, Minister Meisch?
D'Délégation Nationale des Enseignants beklot e Manktem u Respekt
Nach ni huet en Edukatiounsminister et fäerdeg bruecht, e spezifeschen Zeitungsartikel an enger Äntwert op eng QP un de Pranger ze stellen. Bis de Claude Meisch koum. Do drängt d’Fro „Quo vadis Minister Meisch?“sech vum selwen op!
Dem Här Meisch seng Funktioun verlaangt, dass hien als Staatsdénger agéiere soll. All seng Decisioune sollen haaptsächlech de Bierger déngen. Säin Aufgabeberäich begräift dobäi iwwerhaapt net d’Iwerwaache vun deem, wat d’Medien publizéieren.
Mat sengem Behuelen bedreift den Här Meisch dat selwecht Spill wéi den Donald Trump: ëffentlech den Inhalt an d’Informatioun vun engem unerkannte Presseorgan als „geféierlech“oder „irresponsabel“duerstellen. A genau aus deem Grond mussen eis Medien onofhängeg an duerch d’Pressefräiheet geschützt bleiwen. Eis Konstitutioun seet nun emol, dass de Bierger ee Grondrecht huet op fräi Informatioun! Dëst suergt fir fräi Meenungen.
Dobäi spigelt dës Attack leider just dem Minister säi wierklechen Ëmgang mat den Enseignantë rëm.
De Premier Xavier Bettel verkënnegt op Initiative vum Claude Meisch viru 5 Joer an der Chamber, dass „ab elo d’Professeren nëmmen nach fir déi Aarbecht bezuelt ginn, déi se och wierklech maachen.“Dat heescht, dass d’Professeren ab elo net méi an der Staatskeess klaue wäerten. Eng Frechheet!
Mat dësem Saz sinn och d’finanziell Aboussen, déi den Enseignanten ënnert dem Zukunftspak ënnergeschoustert ginn.
D’DNE zitt viru Geriicht, fir géint dës Mesuren ze kloen a kritt Recht. Ëmmer erëm. Fir d’éischt an der Form, well dës Mesuren net hätten dierfen an enger „procédure d’urgence“ëmgesat ginn an 2019 schlussendlech och um Fong. Just de Minister huet decidéiert, dëst Urteel net ze exekutéieren, well et net „erga omnes“an och net “retroaktiv” gëlle géing. Fir den “erga omnes” gouf et mëttlerweil goufen, justifiéiert eng weider Victoire fir d’DNE. Momentan leeft awer wéinst der Retroaktivitéit nach een Appelverfahren.
Queesch duerch des Prozesser ass kloer festgehale ginn, dass de Minister sech net un d’Prozeduren hält. Dass en d’Konstitutioun net respektéiert. Dass en sech erdreist, ee Jugement, net ëmzesetzen. De Minister huet andauernd bewisen, dass et nëmmen drëms geet, ze maachen, wat him passt an net wat d’Gesetz eis all seet.
Wat soss? Zwou illegal ofgelafe Sessioune vun de Premièresexamen. Diskriminatoresch Reegelen bei der Weiderbildung géigeniwwer all aner Fonctionnairen. D’Ofschafe per Gesetz vun de Professercomitéen, wat de Professeren hir offiziell demokratesch Vertriedunge läscht. Keng Konzertatioun mat de Gewerkschaften. Den Dialog feelt total, d’Diktat duerch de „fait accompli“ass d’Reegel. D’Entwerte vum Professerstage mat vollster Willkür – d’Direkteren kruten z.B. nëmmen een Dag Zäit fir hiren Avis ofzeginn. D’Schikanéiere vun de Kolleegen aus dem psychosoziale Beräich. Mat Recht froe si an engem Bréif un d’Chamber, „ob de Geck mat hinne gemaach gëtt“.
An aktuell: Ouni d’Interventioun vun den Direkteren hätt de Minister d’Enseignantë forcéiert, hiren Homeschooling vum Lycée aus ze halen. De Manko u Respekt geet schlussendlech esou wäit, dass d’Direkteren an Professere permanent no RTL informéiert ginn. Dës Opzielung ass net komplett, mee gëtt schonn en deelweis ongefilterten Abléck an d’Gefillswelt vun deene meeschten Enseignanten. D’Kolleegen aus dem psychosoziale Beräich froen esou guer, ob de Minister nach drobar ass. Vläicht kann de Lieser vun dësen Zeilen elo opgekläert dorops äntweren? Op jidder Fall bleift et méi wéi jee bei dëser Ongewëssheet: Quo vadis Minister Meisch? Am Numm vum Comité
vun der DNE, Délégation Nationale
des Enseignants, Christian Schaack,
Präsident