Luxemburger Wort

Chrëschtda­g, d’Fest vun der Famill?

Keng direkt Linn méi op der Kierchbier­g bei d'Spidol an de Rehazenter

-

Ze feieren gëtt et dëst Joer fir d’Familljen näischt. Ech fille mech mat menge Kanner an Enkelkanne­r diskriminé­iert. Lo feiere mer eeben dräi Mol: d’éischt bei eisen Enkel, duerno mat deenen aneren. E schlecht Gewëssen hunn ech dofir net. Mir si sonndes och net mam Pulk duerch d‘„Grandes Surfaces“geschlauft, mir sinn doheem bliwwen. Wéi ee fir sou en Onsënn och nach Werbung am Fernsee ka maachen, kann ech net verstoen. Mä do gesäit een, datt Geld méi zielt wéi d’Famill!

An da krute mir nach e Kaddo vum Ëffentlech­en Transport. Mir aus der Gemeng Weiler-la-Tour haten zënter laange Jore mat der Linn 192 eng direkt Verbindung op de Kierchbier­g bei d’Spidol an de Rehazenter. Lo muss ech vun der Rocade iwwert d’Bréck bei den Tram oder ech huelen e Shuttle

Bus a fueren iwwer Hamm an Cents bis bei d’Busgare um Kierchbier­g. Da ginn ech entweder ze Fouss duerch den décke Verkéier – falls ech dat schaffen –, oder ech waarden op en anere Bus bis bei d’Klinik.

Zënter 40 Joer fueren ech Bus, mä lo huelen ech den Auto (et fuere jo lo net méi sou vill Bussen, da kënne roueg e puer Autoe weider duerch d’Stad fueren). Ech bezuelen de Parking, dat bréngt jo och méi an, wéi wann ech gratis mam Bus fueren.

Deem esou eppes agefall ass, deem wënschen ech, datt en sou en Tour mol mat Krätsche mécht. Lo sinn ech mol gespaant, wat fir Kaddoe mir nach gemaach kréien.

Bravo fir den Transportm­inister!

Hilda Georg, Hassel

Newspapers in German

Newspapers from Luxembourg