Kaffiskichelcher op Franséisch
Do hunn ech dach dëser Deeg misse grinsen, wou ech moies fréi hannert engem manifestement lëtzebuergesche Client – Accent oblige – an enger Bäckerei stoung an ongewollt matkritt hunn, wéi de Mann sech ofgeméit huet, fir der frëndlecher, awer franséischsproocheger Vendeuse kloer ze maachen, wat hien dann elo fir Kaffiskichelcher wéilt: „Une (!) huit et un comme ça.“D'Bäckeschmeedchen: „Excusez-moi, Monsieur, je suis désolée, mais je ne vous ai pas compris.“De Client, scho liicht genervt: „Une (!) huit et un comme ça.“De Gesiichtsausdrock vum Meedchen hannert der Théik war mat Suen net ze bezuelen. Ma
Och eng Mëtsch kafe, wëll geléiert sinn.
kann da keen deem Mann hëllefen, fir dass et hei emol viru geet, duecht ech dunn nach, mee de jonken dynameschen Här am Anorak huet sech dee Moment glécklecherweis drun erënnert, datt hie seng Hänn kéint mat bäihuelen, fir sech auszedrécken. „Ça et ça!“, sot en an huet energesch mam Fanger op d'Mëtsche gewisen. Geet dach! De „S'il vous plaît“schéngt him awer och net geleefeg ze sinn. Oder e kennt en net. Bon, no gefillten zéng Minutten an op mannst 20 Clienten, déi an der Tëschenzäit hannendrun d'Ae verdréint hunn, hat de Mann dunn endlech seng Aachtchen a säi „Comme ça“. An dem Meedchen hannert der Théik konnt een ofgesinn, datt et erliichtert war. Dobäi gouf et kee Grond fir hatt, fir e schlecht Gewëssen ze hunn. Et ass aarmséileg ze gesinn, wéi muench Leit sech an engem Buttik behuelen, ganz egal, ob si et net besser wëssen oder et net besser kënnen. Et soll mer och elo keen hei mat der „En Français svp.“-Seeche kommen. Et sinn net ëmmer déi aner! Dat ass mir dee Moment op en Neits bewosst ginn. Mee eppes weess ech awer elo nach ëmmer net: Wat fir eng Mëscht de „Comme ça“ass a wéi een déi dann elo eigentlech op Lëtzebuergesch nennt. Claude