Baulandvertrag eleng?
Den Terrain-Manktem an d'Responsabilitéit vun de Gemengen
Et huet een den Androck, datt mam Projet de loi „Baulandvertrag“, dee seng Paternitéit d'Auteuren och gläich en passant mat reklaméieren, Zauberformel fonnt gouf. Wann et esou einfach ass, da mussen all Parteien e mea culpa maachen.
D'Auteure schreiwen, datt verschidde Parteien (?) a Politiker (?) net zécken, domat ze dreeën, datt Terrainen, déi brooch leien, enteegent oder mat enger Spekulatiounssteier beluecht ginn. Dës Politiker géife vergiessen, datt et och nobel Grënn ginn fir Terrainen ze halen. An da gëtt déi berüümt Bomi zitéiert, déi fir Enkelen eng Bauplaz hale wëll. D'Bomie mussen omni-present sinn an zimmlech vill Enkelkanner hunn. D'Auteure wësse selwer, datt et bis elo nach keng Expropriatioun gouf, obwuel den Artikel 104 („obligation de construire“) vum Gesetz vum 19. Juli 2004 dat au départ (ënner enger CSV-DP Regierung) virgesinn hatt.
Amplaz vun enger Expropriatioun huet d'Gesetz vum „pacte logement“virgesinn, datt Gemengen alternativ eng sougenannten „taxe de non affectation au logement“konnten erhiewen. Wéivill Gemengen hunn haut, 12 Joer duerno, esou eng Taxe? Wien „obligation de construire“seet, muss natierlech och eng Rutt virgesinn, well mat nëmme Muerten ass et net gedoen.
Datt d'Bomi op mannst zwee Terraine fir hir Enkelkanner kann halen, ouni eng Spekulatiounstaxe mussen ze bezuelen, beweist d'Taxe-Reglement vun der Gemeng Réiser. Well et ee „Règlement de Taxe communale“ass, steet et de Gemenge fräi, Exemptiounen an den Taux vun der Taxe selwer fest ze schreiwen. Zu Réiser beleeft sech dës Taxe op maximal 50 Euro (vum drëtte Joer un) fir de Meter Carré, pro Joer wuel verstanen. Eng Modificatioun vum Artikel 9 „...permet d'accorder à tout propriétaire le droit de garder une place à bâtir pour soi et une place à bâtir pour chaque enfant sans limitation de durée.“D'Gemeng Réiser huet also de Problem vun den „noble Grënn“vun der Bomi geléist.
Wéi Dikrech eestëmmeg een „Hebesatz“vu 15 000 Prozent fir d'Grondsteier vun de B6-Terrainen agefouert huet, gouf et vill Gedäisch am Land. Et bezilt een zu Dikrech ab dem drëtte Joer +- 3 000 Euro fir een Terrain. Dikrech huet näischt anescht gemaach wéi dat, wat am Walprogramm 2013 vun der DP stoung: „...nous voulons graduellement taxer plus les terrains à bâtir non utilisés et les logements non occupés“.
Et gëtt suggeréiert, wéi wann de Baulandvertrag elo d'Léisung fir all Probleemer ass. Et ass op jidder Fall net d'Léisung fir déi nobel Grënn vun der Bomi. Wann nämlech den Délai vum „Créneau temporaire de construction de logements” vu maximal véier Joer ofgelaf ass, da muss d'Bomi no dem
Projet de loi den Terrain awer verkafen. Bei Terrainen déi z. B. aus enger Zone verte an e „PAP Nouveau quartier“ëmklasséiert ginn, mussen d'Gemengen nom Projet de loi e „Créneau temporaire de viabilisation an de construction (CVTL)“virgesinn (Délai „worst case“12 + 4 Joer!). Gespaant duerf ee sinn, ob dann elo d'Gemengen hi ginn, an net nëmmen dës Terraine mat enger „Servitude de construction“beleeën, mee, wéi et am Gesetz virgesinn ass, och all aner Terrainen.
De Problem vum Manktem wéinst Spekulatioun op Bauplazen ass haut an elo. De Projet de loi gesäit iwwregens weiderhin d'Méiglechkeet vun der „Obligation de construire“vir, mat als Rutt enger „taxe de non-affectation au logement“.
Fazit: De Projet de loi iwwert Baulandverträg ass ee weidert Instrument, fir mëttel-laangfristeg Drock op d'Präisser ze maachen. Ob et den erhoffte Succès elo grad bei dëser Mesure antrëtt, ass ofzewaarden an hänkt och vun de Gemengen of. En attendant sollen d'Gemenge selwer hir Responsabilitéit iwwerhuelen a scho laang existéierend Rutten asetzen, ouni der Bomi misste wéi ze doen. André Schmit,
Schieren
Dëst ass eng Äntwert op den „Analyse & Meinung“-Artikel „D'Kand mam Baulandvertrag aus dem Pëtz huelen“vum 5. Dezember 2020.