Luxemburger Wort

Keen weidere Wuesstem ouni eegen Hal

De lokalen Tennis-Club ass u senge Limitten ukomm

-

Walfer. Kierzlech huet den Tennis Club TCR Walfer seng ausgefale Generalver­sammlung vum Mäerz am Centre Prince Henri nogeholl. Houfreg ass een op déi nei Homepage www.tcrwalfer.lu, op där een elo all Informatio­unen iwwert de Club fënnt.

Aus dem Aktivitéit­srapport vum Valérie Quest ass ervirzestr­äichen, datt déi éischt Härenequip­e erëm an d'Nationale 3 geklommen ass. D'Lieve Aenckaert huet de finanziell­e Bilan gemaach. De Club steet finanziell ganz gesond do an d'Zuel vun de Membere klëmmt. Besonnesch d'Ballschool fir Kanner tëschent 4 a 6 Joer huet ëmmer méi Succès. Mat sengen iwwer 300 Memberen ass den Tennisclub ee vun de gréisste Clibb zu Walfer, mä och national ass den TCRW an den Top 10, wann een d'Umeldunge vun den Equippe fir d'Interclub-Championna­t kuckt. Trotzdeem ass den Tennisclub ee vun deene wéinegen am Land, déi nach ëmmer keng Tennishal hunn. „Eng Tennishal ass fir e Club kee Luxus, kee 'nice to have', et ass eng absolut Necessitéi­t, fir sech kënne weiderzëen­twéckelen“, esou de President Gigo Lamesch. Well déi disponibel Creneauen an der Omnisports­hal vun der Gemeng limitéiert sinn, huet de Veräin dëst Joer

fir d'éischte Kéier och misse Kanner refuséiere­n, well keng Plaz méi an der Tennisscho­ul war. Op der Generalver­sammlung gouf et och eng Gedenkminu­tt fir deen, am Summer onerwaart, verstuerwe­nen Tresorier Fabrice Alix. Den neie Comité gesäit elo folgenderm­oossen aus: Gigo Lamesch (President), Dan Flies (Vizepresid­ent), Claudia Engelbrech­t (Sekretärin fir Sport), Valérie Buckhurst (administra­tiv Sekretärin), Lieve Aenckaert (Tresorière), Raymond Majchrzak, Joseph Zouein a Mathieu Chatelet (Memberen).

De Comité huet och decidéiert, de Chouche Feidt, deen 13 Joer laang d'Geschécker vum Veräi geleet hat, zum Éierepresi­dent ze ernennen. Zum Schluss hu verschidde Memberen hire Wonsch fir eng Tennishal ënnerstrac­h a verschidde­n Optioune proposéier­t. D'Membere vum Schäfferot Michel Feidt a Jessie Thill hunn erkläert, datt een déi richteg Plaz fir esou eng Hal fanne muss.

Si hunn och ugekënnegt, datt d'Gemeng d'Clubhaus vergréisse­re wëll. Detailer hätte si awer nach keng. „Mir wëllen als Veräi wuessen, mä ouni Hal ass dat leider net méiglech“, esou den ofschléiss­ende Constat vum Gigo Lamesch.

TC Résidence Walferdang­e

via mywort.lu www.tcrwalfer.lu

 ??  ?? De Comité bedauert dat aus Plazgrënn net all interesséi­ert Membere kënnen ugeholl ginn.
De Comité bedauert dat aus Plazgrënn net all interesséi­ert Membere kënnen ugeholl ginn.
 ??  ??

Newspapers in German

Newspapers from Luxembourg