Aufgab net geléist
Den ëffentlechen Transport an der Kritik
Merci, Madamm Wein fir är éierlech geschriwwe Meenung zum ëffentlechen Transport. Och ech sinn ausser mer vu Roserei, wann ech gesinn, mat wat fir enger Ignoranz hei geschafft gëtt (net mol eng Äntwert op meng Mail un de Ministär de 6. Dezember 2020).
Et geet ëmmer nëmme riets vu Gare-Kierchbierg. Jo, do fiert den Tram, dat fannen ech och gutt. Mee et schafft net jiddereen um Kierchbierg. An et fiert och net jidderee mam Vëlo. Wat ass mat der Stad? Déi besteet net nëmmen aus dem Royal Hamilius. An dem Rescht schaffen och Leit. Ech hunn d'Gefill, wéi wann dee ganze Misär vu Leit gemaach gi wär, déi ni mam ëffentlechen Transport fueren (also e Parking ënnert der Aarbecht hunn oder mam Chauffer bis virun d'Dier fueren).
Nummer 2, 9 an 22 fuere vun der Rocade bis bei d'Kathedral (an zréck). Just kommen déi all beieneen. Si se laanscht, heescht dat waarden an op der Rocade de Bus verpassen.
Wann ech d'Madamm Polfer héieren, di seet, d'Leit sollen an di schéi Stad kommen, kann ech nëmme jidderengem Recht ginn, dass e bei deem Gedeessems keng grouss Loscht méi huet.
Jo, Här Bausch, ech hunn d'Konzept vun der neier Mobilitéit verstane. Mee fir d'éischt baut een anstänneg P&R (Bouillon, Houwald, Grenz, Ettelbréck, Iechternach ...).
Et ass also wéi an der Schoul. Wann een d'Aufgab net richteg geléist huet, wat jo de Fall ass, well et klappt hannen a vir net, da muss een nach eng Kéier ufänken. A fir dass dat gutt geléngt, freet een am beschten déi Leit, déi all Dag mam ëffentlechen Transport fueren. Carole Gudendorf,
Peppange
Dëst ass eng Reaktioun op de Lieserbréif „Der Osten muss zu Fuß in die Stadt“vum 23. Dezember 2020.