Wou bleift de Feierwon?
Virschléi zum Europäesche Joer vun der Schinn
Dëst nach jonkt Joer 2021 gëtt net nëmmen d’Joer vun der Covid-19Impfung, wou mir vläicht erëm kënnen op Concerten, eng Schueberfouer oder Enn des Joers op e Chrëschtmaart goen, mais et ass och vun der Europäescher Unioun zum Joer vun der Schinn ausgeruff ginn.
An deem Kontext ass et dach komesch, dass säitens vun engem Minister, deen emol selwer Eisebunner war, mat Ausnam vun der Aweiung vum Tram den 13. Dezember bis ewell wéineg bis guer näischt héieren huet. Ëmmerhin huet sech d’EU am Kader vun hirem Klimaplang op de Fändel geschriwwen, bis 2030 d’Héichgeschwindegkeetsverbindungen ze verduebelen a bis 2050 ze verdräifachen…
Wann een awer gesäit, wéi sech Zuchverbindunge ronderëm Lëtzebuerg mat Ausnam vun de sechs TGV-Verbindungen op Paräis an zwou Richtung Südfrankräich entwéckelt hunn, da gesäit et alles anescht wéi roseg aus:
– Lëtzebuerg - Stroossbuerg: Grad emol zwou Direktverbindunge pro Dag mat deenen TGVen, déi op Marseille respektiv Montpellier fueren.
– Lëtzebuerg - Bréissel: Knapps sechs Verbindungen, an alternativ mat Ëmklammen op engem Chantier zu Arel. Ënner dräi Stonnen ass do näischt méi ze maachen; dobäi waren ufangs de 90er-Joren zwou Stonnen op enger Express-Verbindung d’Reegel.
– Och Richtung Däitschland hu mir zwar (dank dem Asaz vun der CFL a Rheinland-Pfalz) eng Verbindung pro Stonn, mee och hei sollt ee mat enger Fuerzäit vun 2:30 Stonne bis Koblenz net presséiert sinn.
Bref, d’Schinneréseauen hu sech iwwer déi lescht 20 Joer récknationaliséiert, mat der Konsequenz, dass Lëtzebuerg zur Provënz verkënnt. Besser stounge mir do schonn an den 80er-Jore mat den Trans-Europe-Express, Nuetszich an EuroCity-Reseauën, iwwer déi et ëmmerhi méiglech war, per Direktverbindung an d’Schwäiz, op Rotterdam oder souguer an Italien ze fueren.
Wier et net zum Beispill sënnvoll, an eng Aart „Saarautobunn“op der Schinn (tëscht Beetebuerg a Pärel) ze investéieren, fir esou, spéitstens fir 2030, wann dann och déi nei Streck Houwald-Beetebuerg laanscht d’A3 opgeet, och eng Ubannung vum däitschen ICE ze erméiglechen?
Wéi wëll Lëtzebuerg seng Attraktivitéit fir d’EU-Institutiounen erhale wann d’Qualitéit vun der Zuchverbindung op Bréissel net wesentlech verbessert gëtt, respektiv nëmme mam Auto an zwee Stonnen ze erreechen ass?
Sollt sech net grad Lëtzebuerg dofir staark maachen, datt et nees zu engem richtegen Europa vun der Schinn kënnt, amplaz eng Liberaliséierung weiderzedreiwen, vun där bis elo just Flixbus, EasyJet a Ryanair profitéiert hunn?
Patrick Hurst, Rolleng-Miersch