E flotte Gebuertsdagscadeau
Déi éischt Beem am Kader vum 50. Anniversaire vum LtEtt goufe geplanzt
Ettelbréck. Am Kader vum Dag vum Bam hu Schülerinnen a Schüler aus dem Lycée technique d'Ettlebruck (LtEtt) 26 héichstämmeg Uebstbeem am Grondwee zu Ettelbréck geplanzt.
Am Zeeche vun der Nohaltegkeet ass am Kader vum 50. Gebuertsdag vum Lycée geplangt, fir insgesamt 50 Beem ze planzen. Gestëft goufen dës éischt 26 Beem vun Hëllef fir d'Natur an d'Gemeng Ettelbréck huet den Terrain am Grondwee zur Verfügung gestallt.
D'Planzaarbechte fir dëse Bongert goufe vu Schülerinnen a Schüler vun der 2GSE iwwerholl, dëst ënnert der Leedung vum Michel Frisch vun der Stëftung Hëllef fir d'Natur. De Buergermeeschter vun der Gemeng Ettelbréck, de JeanPaul Schaaf, an den Direkter vum LTEtt, de Fränk Fries, woren dee Moien och am Grondwee derbäi fir eng Hand mat unzepaken.
De Bongert soll an Zukunft fir weider gemeinsam nohalteg Aktioune vu Lycée a Gemeng genotzt ginn, wéi beispielsweis Insektenhoteller, pedagogesch Informatiounspanneauen awer och Praxisübunge fir vill Klassen aus dem LTEtt, sou wéi praktesch Uebstbeemschnëttcoure vun der Stëftung Hëllef fir d'Natur.
Ausgaangen ass de Projet „50 Beem fir de LtEtt“vun zwee 1reSchüler vum Ofschlossjoer 2019/2020, dem Simon Dubos an dem Alex Mamer vun der Sektioun Ëmweltwëssenschaften.
D'Ufanksiddi wor déi, de CO2Ausstouss ze kompenséieren, dee bei der Produktioun vun der geplangter Photovoltaik-Anlag um Dach vun der Sportshal vum Lycée entsteet. An engem weidere Schülerprojet op der GSE-Sektioun soll am nächste Schouljoer ausgeschafft ginn, wéi déi spéider Uebstrekolt beschtméiglech ka genotzt ginn. Déi 24 Beem, déi nach feelen, wäerten am kommenden Hierscht geplanzt ginn. Fir dëse Projet kann een sech nach melle fir Pätter oder Giedel ze ginn. Nieft enger Pätter- oder Giedeldiplom kritt een och een Exemplar vum Buch „50 Joer Lycée technique vun Ettelbréck“.
LtEtt Lycée technique d'Ettelbruck via mywort.lu