Traduttore, traditore?
D’Iwwersetzungssproochen am Lëtzebuerger Online Dictionnaire Bamkuch a Boxemännchen
Traduire, c’est trahir? Oder op Italieenesch: Traduttore, traditore? Kann een dat Gesotent oder dat Geschriwwent ëmmer richteg an enger anerer Sprooch erëmginn? Dat ass déi grouss Erausfuerderung fir den Iwwersetzer. Wann et eng Iddi oder eng Notioun an enger Spriecherkultur net gëtt, da gëtt et dacks och kee Wuert derfir. Dat ass zum Beispill de Fall bei villen auslänneschen Iessspezialitéiten oder bei exoteschen Déierennimm. Well mer an enger globaler Welt liewen, heescht dat awer net onbedéngt, dass dës net iwwer d’Grenzen ewech bekannt sinn. Dat huet eis och déi aktuell Pandemie gewisen, wéi d’Hypothees opkoum, dass de SarsCov-2-Virus sech vun engem Déier op de Mënsch iwwerdroen hätt. Wéi een dat Déier mat de Schuppen op Lëtzebuergesch nennt, gouf d’viregt Joer beim Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) zesumme mat Experten thematiséiert.
Wann et beim Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) fir e Wuert oder en Term keen exakten Iwwersetzungsäquivalent an enger Sprooch gëtt, ginn amplaz vun Iwwersetzungen och mol Definitioune gewisen, déi mat sougenannten Infoboxe kënne completéiert ginn. E Beispill heifir hu mer beim Brauch vum liichte goen: 3. liichte goen:
DE [Definition] an Lichtmess mit Lampions von Haus zu Haus ziehen, um mit Gesang Gaben zu erbitten
FR [définition] aller de porte en porte en demandant des aumônes à l’occasion de la Chandeleur
EN [definition] to go from door to door at Candlemas, carrying lanterns and singing to get gifts
PT [definição] ir de porta a porta com lampiões, por ocasião da Candelária, pedindo dádivas em troca de uma canção
Eng Infobox am Artikel informéiert eis méi am Detail iwwer dëse Brauch:
Traditionell den 2. Februar, op Liichtmëssdag, ginn d’Kanner zu Lëtzebuerg liichten. Se gi mat Lampionen oder Liichtebengele vun Haus zu Haus, fir de Leit nom däischtere Wanter Liicht ze bréngen. Se sange Léiwer Herrgottsblieschen a ginn dofir mat Séissegkeete belount. D’Lidd, an deem vum Hellege Blasius rieds geet, weist de kierchlechen Hannergrond.
Och Wierder, déi regional Spezialitéite bezeechnen, kënnen net ëmmer iwwersat ginn. Boxemännchen:
DE Weckmann, Stutenkerl FR bonhomme de (la) Saint-Nicolas [viennoiserie] EN [definition] yeast pastry baked for Saint Nicholas day PT [definição] bolo em forma de boneco
Bamkuch:
DE Baumkuchen FR gâteau à la broche EN baumkuchen, layer cake [baked on a spit] PT [definição] bolo cilíndrico de camadas finas.
Zousazinformatioune kënnen am LOD och tëschent eckege Klammere gewise ginn, esou ewéi uewen illustréiert bei der franséischer Iwwersetzung vu Boxemännchen. D’Wuert viennoiserie déngt hei derzou, fir déi franséisch Iwwersetzung ze desambiguiséieren, d. h. fir all déi aner méiglech Sënner vu „bonhomme de (la) Saint-Nicolas“auszeschléissen. Net dass ee kéint mengen, all Representatioun vum Kleesche kéint ee „Boxemännchen“nennen. Bei Bamkuch hu mer am Engleschen deemno och eng praktesch Zousazinformatioun zu senger Hierstellung, nämlech baked on a spit, well net all layer cake ass och e Bamkuch. Änlech bei vergraulen: Complementaire Informatiounen an
den eckege Klammere renseignéieren am Franséischen an am Portugiseschen iwwer eng Nuance, déi d’Iwwersetzungen eleng net mat sech bréngen.
vergraulen: DE vergraulen FR faire fuir, chasser [par un comportement désagréable] EN to alienate, to put off PT afugentar, espantar [com um comportamento desagradável]
Och grammatesch Funktiounswierder hunn an enger Iwwersetzungssprooch net ëmmer en Äquivalent. Esou kritt den onperséinleche Personalpronomen „et“am LOD am Portugisesche just eng grammatesch Erklärung (gekennzeechent duerch d’Akkoladen): 5. PT {usa-se com verbos impessoais}, d. h. „gëtt mat onperséinleche Verbe benotzt“. Beim Hëllefsverb „kréien“, dat een hëlt, fir de Rezipientepassiv1 ze bilden, kritt de User an den Akkoladen eng Informatioun iwwer d’Funktioun vum Verb.
kréien: DE bekommen {zur Umschreibung des Passivs} FR {sert à rendre l’idée du passif} EN to get {used to express a passive idea} PT {serve para dar valor de passiva}
Beim Iwwersetze muss een sech dacks d’Fro stellen: Gëtt et dat och an der Zilsprooch? Ass dat e Gebrauch, deen typesch fir Lëtzebuerg ass, oder gëtt et dat och an anere Länner? Mécht een zum Beispill eng kleng Rees an d’Vergaangenheet, da gesäit een, wéi verschidden Traditiounen an Europa iwwer d’Grenzen ewech verbreet waren. Ob zu Lëtzebuerg am Éislek oder zu Guimarães a Portugal, fréier gouf d’Lou (DE Lohe [Eichenrinde], FR écorce de chêne, EN oak bark, PT casca de carvalho) als Gierfstoff genotzt. D’Eechen, déi et am Éislek an de Louhecke gouf, an déi et zum Deel och nach gëtt, huet een och an de Bierger ronderëm Fafe am Norde vu Portugal fonnt. Änlech wéi Wolz war Guimarães also gutt placéiert, fir sech an der Mëtt vum 19. Joerhonnert zu engem Zentrum vun der Gierwerei-Industrie ze entwéckelen. Vestigen heivu sinn nach d’Basengen zu Guimarães (Largo da Cidade), wou d’Lieder dra behandelt gouf.
Heiansdo ass d’Iwwersetzen an déi eng Sprooch méi einfach ewéi an déi aner. Dat ass z. B. de Fall bei „d’Dier bäimaachen“oder „bäizéien“. Do, wou et am Franséische kee geneeën Äquivalent gëtt an dofir als Kompromëss entrebâiller als Iwwersetzung zeréckbehale gouf, hu mer am Portugiseschen e Wuert derfir: encostar uma porta. Och fir d’Wuert Gebuertsdagskand gëtt am Franséische keng direkt Iwwersetzung, mee eng Ëmschreiwung proposéiert (personne qui fête son anniversaire). Am Portugisesche seet een aniversariante. Genee ëmgedréint ass d’Situatioun bei der „geckeger Knippchen“: Am Portugisesche gëtt et kee gebräichlechen Ausdrock fir déi sensibel Plaz um Ielebou am Géigesaz zum Däitschen (Musikantenknochen) oder zum Franséischen (le petit juif), also gouf do och op eng Ëmschreiwung zeréckgegraff (parte sensível do cotovelo).
Ganz gutt muss een oppasse bei Wierder, déi sech gläichen, mee net dat selwecht heeschen – d’Faux-amien oder anescht gesot „falsch Frënn“. Dat gëllt z. B. am Lëtzebuergeschen an am Portugisesche fir d’Koppel Kompass/compasso. Kompass heescht op Portugisesch bússola a compasso ass op Lëtzebuergesch den Zierkel. Ganz duerchernee gëtt een och beim Wuert Pamplemousse, dat eng Risefruucht aus Südostasien (Citrus maxima) bezeechent. Wat mer awer ëmgangssproochlech Pamplemousse nennen, ass a Wierklechkeet de pomélo (Citrus paradisi), eng Kräizung aus der Orange (Citrus × sinensis) an der „richteger“Pamplemousse (Citrus maxima). Och am Portugisesche lauere Verwiesslungsgefore bei de Planzennimm. Wien hätt geduecht, dass rosmaninho eng Zort Lavendel ass an net Rosmarin (PT alecrim)!
Den Ament gi beim LOD eenzel Wierder iwwersat an net ganz Sätz. Dëst erkläert, firwat een heiansdo eng Iwwersetzung muss proposéieren, déi a gewëssene Kontexter net klappt.
Hei e Beispillssaz aus dem LOD: Hatt ass drësseg Joer al. Dat géif op Portugisesch verbal ausgedréckt ginn (ela tem trinta anos). An dësem Fall soll awer just d’Wuert al iwwersat ginn (an net: al sinn). D’Iwwersetzung com a idade de („mam Alter vun“) ass e Kompromëss, deen de Sënn erëmgëtt, awer net onbedéngt fir all d’Beispiller als Iwwersetzungsäquivalent fonctionéiert. An deene Fäll ass et dem Utilisateur iwwerlooss, fir selwer déi intellektuell Gymnastik ze maachen, fir de Saz „richteg“ze iwwersetzen. Heiansdo imposéiert sech och eng portugisesch Iwwersetzung, obwuel d’Syntax net déi selwecht ass ewéi an der Ausgangssprooch. Dat ass z. B. de Fall bei „déckdoen“a „leeddoen“. Deemno géif e Saz ewéi „dee Mënsch deet mer wierklech leed!“mat „tenho muita pena dessa pessoa“iwwersat ginn. Am Lëtzebuergeschen ass d’Persoun, iwwer déi geschwat gëtt („dee Mënsch“), Sujet vum Saz an am portugisesche Saz den Objet („dessa pessoa“).
Am LOD gouf d’Schreifweis vun de Lëtzebuerger Wierder Enn 2019 un déi aktualiséiert Reegelen2 ugepasst. Eng Rei Jore virdru war dat scho fir d’Portugisescht de Fall mat der neier portugisescher Rechtschreiwung vun 1990, déi den 13. Mee 2009 offiziell a Portugal a Kraaft getrueden ass. Esou hunn nom Acordo Ortográfico verschidde portugisesch Wierder och am LOD missen adaptéiert ginn, z. B. otimista (virun der Reform: optimista), oder d’Wuert ato (virdrun: acto). Fir d’Sichfunktioun vum lod.lu huet dëse Fait en Nodeel: Den Ament kritt ee keng Treffer fir déi al Grafien optimista oder acto. Dat soll deemnächst an enger neier Versioun vum Site redresséiert ginn, doduerch dass och eng feelertolerant Sichfunktioun fir d’Zilsproochen implementéiert gëtt.
Beim Iwwersetze gëtt et vill Hürden, déi ee muss iwwerwannen. Ob bei regionale Bräich a Spezialitéiten oder bei net-einheimeschen Déieren, et muss een de Spagat maachen tëschent enger Realitéit, déi et an der Zilsprooch vläicht net gëtt oder déi (nach) net gebräichlech ass, an enger Iwwersetzung, déi méiglechst kloer soll sinn, esou dass jiddwereen se och versteet. Dëst gëllt iwweregens och fir d’Lëtzebuergescht. D’Corona-Pandemie huet dat jo besonnesch gutt gewisen. Fir keng Nuancen ze verléieren, muss een och mol op Ëmschreiwungen zeréckgräifen, an et däerf een net an d’Fal vun de Faux-amie geroden. Déi zousätzlech Contrainten, déi bei engem méisproochegen Dictionnaire ewéi dem LOD derbäikommen, mussen och betruecht ginn: Et iwwersetzt ee keng ganz Sätz, mee just eenzel Wierder oder Termen, wat ë. a. mat sech bréngt, dass d’Syntax net ëmmer ka respektéiert ginn. Dofir bitt de lexikografesche Kader vum LOD awer d’Méiglechkeet – duerch Hëllefen ewéi Definitiounen, Infoboxen, eckeg Klammeren an Akkoladen –, fir dat beschriwwent Wuert besser ze verstoen. An dat alles ëmmer orthografesch aktuell. D’Aarbecht vun engem Iwwersetzer ass dacks en Challenge. Se ass awer grad dowéinster besonnesch interessant a beräichernd, well een duerch d’Recherchen, déi ee mécht, esou muench Saache bäiléiert – an dat iwwer eis Grenzen ewech. Eppes, wouvun och den LOD-Utilisateur ka profitéieren. E gewëssenhaften traduttore ass nämlech grad keen traditore ...
*D’Linguistin Isabel Andrade Bento schafft beim Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS). Si ass schonn zanter 2005 beim Lëtzebuerger Online Dictionnaire täteg. Zesumme mat der Relectrice Alexandra Da Silva Gouveia ass si zoustänneg fir déi portugisesch Iwwersetzungen am Dictionnaire. Nieft deem beschäftegt si sech ë. a. och mat de Flexiounstabelle fir d’Verben an d’Adjektiven, déi um Site ze fanne sinn.
Infoen iwwer d’Verben am Lëtzebuergesche fënnt een op www.verben.lu an an der Publikatioun vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch a SCRIPT: D’Lëtzebuerger Verben (2020).
Déi 4. Oplo vun der Lëtzebuerger Orthografie ass elo do. Et kann een se gratis beim Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch bestellen (Mail un: lod@lod.lu).
D’Lou an d’Gebuertsdagskand
Kompass a Pamplemousse
En Challenge ouni Grenzen