E Wëllkomm fir de Jean-Jacques Flammang
Installatiounfeier fir de néie curé-modérateur an der Rammerich Saint-Valentin
Pärel. Nodeems dat den Herz-Jesu-Pater Jean-Jacques Flammang als curé-modérateur fir déi zwou Paren Atertdall Sainte-Claire a Rammerich Saint-Valentin ernannt gi war an och schonns zu Réiden/Atert an der Kierch feierlech installéiert gouf, war kierzlech déi zweet Installatiounsfeier an der Par Rammerich Saint Valentin.
Ugangs huet de President vum Conseil parossial, de Fränz Jacques, de neie Geeschtlechen häerzlech Wëllkomm geheescht an him de Schlëssel vun der Kierch, stellvertriedend fir all Kierchen aus der Par, iwwerreecht. Dem laangjärege Paschtouer Marcel Grethen, 83 Joer, dee schonns iwwert 45 Joren an der Par Rammerich aktiv ass, huet de Präsident weiderhin alles Guddes gewënscht. De Schlëssel ass dunn vum curé-modérateur un de laangjärege Paschtouer weidergereecht gi, fir déi weiderhi gutt Zesummenaarbecht ze symboliséieren.
A senger Ried ass den Dechen Félix Steichen op déi laang Karriär vum Jean-Jacques Flammang agaangen, den 1956 zu Lamadelaine op d'Welt komm ass. Grad esou wéi de Fränk Dimmer als TitularKatechet an der Par, huet d'Präsidentin vum Pastoralrot, Sonja Kettmann, op déi wichteg Aufgab vum Paschtouer an der heitiger Zäit higewise fir den zwee Geeschtlechen uschléissend e klenge Cadeau
als Zeeche vun Dankbarkeet iwwerreechen ze loossen.
Zum Schluss vum Gottesdéngscht, wou och de Mathieu Janssen, Paschtouer an der Gemeng Useldeng, an de Vincent Billot, curé-subsidiaire, konzelebréiert hunn, an dee musikalesch vum Organist Henri Grof encadréiert gouf, huet de Pater Jean-Jacques Flammang sech fir déi schéin Feier bedankt, mat dem Wonsch mat deenen zwou Paren – déi wéi an der Vergaangenheet, och an Zukunft hir Autonomie behalen – gutt zesummen ze schaffen.
DëseWierder huet sech de Paschtouer Marcel Grethen ugeschloss.
Charles Reiser via mywort.lu