Wat huet e gebrachent Been mat Antifeminismus ze dinn?
a Rietsextremen, ze bekämpfen. Allerdéngs gëllt et hei ze bemierken, dass dës antifeministesch Haltung net all d'Frae gläichermoosse betrëfft, mee dass Women of colour, Frae mat Migratiounshannergrond, lesbesch a queer Fraen, wéi och Inter- an Transgender vill méi vun dësem Antifeminismus betraff sinn an am Fokus vum Feindbild stinn.3
Et stellt sech eraus, dass et innerhalb vun de Fraen och „gutt Fraen“ginn, déi an d'Weltbild vun der traditioneller Gesellschaftsuerdnung
passen: „Eng Fra, déi sech wëll ganz hirer Famill consacréieren, soll dowéinst net kritiséiert oder esou guer vun der Politik bestrooft ginn!“4 Dëst ass och eng Erklärung, firwat sech verschidde Fraen dozou beruff fillen, sech kloer géint feministesch Fuerderungen ze positionéieren am Wonsch dem Fraebild vun enger „stabiler“patriarchalescher Gesellschaftsuerdnung gerecht ze ginn.
Antifeminismus huet genau ewéi Feminismus net nëmmen ee Gesiicht a kennt verschidde Stréimungen. Sou kann de Wonsch vun Ënnerdréckung an d’antifeministesch Haltung sech a verschiddener Moos ausdrécken, dëst reecht vu Gewalt bis zum Klengschwätzen oder Ignoréiere vun der Ënnerdréckung vun der Fra am Alldag. Deemno ass d’Tätege vun der Ausso, en Fraestreik wier „onnéideg an/oder en falscht Signal“, als antifeministesch anzestufen.5
Eng interessant Feststellung
D’Studie weist op där enger Säit, dass Sexismus an Anti-Feminismus queesch duerch d’gesellschaftlech Segmenter virkommen, an dass op där anerer Säit, d’Ënnerdréckungsmustere besonnesch staark bei de sozial schwaache Populatiounen erschéngen. Mat am interessantesten ass d’Feststellung, dass mat Vertrauen an déi eege Kompetenzen a mat staarkem Sozialvertrauen antifeministesch Tendenzen ofhuelen. Sech op feministesch Entwécklungen an op en oppent, progressive Weltbild anzeloosse, setzt also Vertrauen a säin Ëmfeld, a sech selwer an a seng eege Kompetenze viraus.6
De Grond heifir läit an de Fuerderunge vun der feministescher Beweegung, bei der et ëm eng demokratesch Entwécklung geet, déi sech fir d’Bekämpfe vun Ongläichheeten, der kultureller Misogynie an dem Fraenhaass asetzt. Des progressiv Beweegungen distanzéiere sech vun enger traditioneller heteronormative Gesellschaftsuerdnung, der traditioneller Form vum Familljebild an der Herrschaft vum „ale wäisse Mann“. Wat natierlech och als Konsequenz kann hunn, dass d’Virrechter vun de Männer, d‘Ressourcen a gesellschaftlech Ugesinn tëschent de Geschlechter gedeelt muss ginn an dass verschidde Mënschen doran hir eege Stellung a Gefor gesinn.
Vertrauen an eege Kompetenzen Hei kënnt allerdéngs d’Vertrauen an déi eege Kompetenzen an d’Spill an d’Iwwerleeënheet vu FeministInen zum Thema. Firwat si keng Angscht virun der wuessender Emanzipatioun vu de Fraen hunn, beschreift d‘Sophie Passmann7 passend an hirem Buch „Alte weiße Männer“iwwert den Autor an Journalist Sascha Lobo: „Sascha Lobo ist ein gutes Beispiel dafür, dass männlicher Feminismus eine Frage des Selbstbewusstseins ist. Er hat keine Angst, dass Frauen ihm etwas wegnehmen, er hat auch keine Angst zuzugeben, dass Teile seines Erfolges mit seinem Dasein als Mann und nicht mit seinem Können zu tun haben. Er stellt sein Können mit dieser Feststellung nämlich nicht automatisch infrage. Würden Frauen auf einmal 50 Prozent aller Aufträge in seiner Branche bekommen und 50 Prozent aller Talkshows, wäre Sascha Lobo immer noch Sascha Lobo. Das Vertrauen in die eigenen Fähigkeiten schmälert die Angst vor Gleichberechtigung. Je mehr du kannst, desto weniger bist du auf deine Privilegien angewiesen.“
D'Studie weist, dass Sexismus an Anti-Feminismus queesch duerch d’gesellschaftlech Segmenter virkommen.
D'Autorin ass Presidentin vun de Femmes socialistes
ADR, D’ADR–Fraen zum international Fraendag, https://adr.lu/dadr-fraen-zum-internationale-fraendag/ (publié le 7 mars 2020, consulté le 5 février 2021)
Oliver Decker, Elmer Brähler, Autoritäre Dynamiken – Alte Ressentiments – neue Radikalität – Leipziger Autoritarismus-Studie 2020 in Zusammenarbeit mit der HeinrichBöll-Stiftung und der Otto-Brenner-Stiftung, Psychosozial-Verlag, 2020
Oliver Decker, Elmer Brähler, Autoritäre Dynamiken – Alte Ressentiments – neue Radikalität – Leipziger Autoritarismus-Studie 2020 in Zusammenarbeit mit der HeinrichBöll-Stiftung und der Otto-Brenner-Stiftung, Psychosozial-Verlag, 2020, Seite 253
ADR, D’ADR–Fraen zum international Fraendag, https://adr.lu/dadr-fraen-zum-internationale-fraendag/ (publié le 7 mars 2020, consulté le 5 février 2021)
Oliver Decker, Elmer Brähler, Autoritäre Dynamiken – Alte Ressentiments – neue Radikalität – Leipziger Autoritarismus-Studie 2020 in Zusammenarbeit mit der HeinrichBöll-Stiftung und der Otto-Brenner-Stiftung, Psychosozial-Verlag, 2020, Seite 253
Oliver Decker, Elmer Brähler, Autoritäre Dynamiken – Alte Ressentiments – neue Radikalität – Leipziger Autoritarismus-Studie 2020 in Zusammenarbeit mit der HeinrichBöll-Stiftung und der Otto-Brenner-Stiftung, Psychosozial-Verlag, 2020, Seite 263–269 Sophie Passmann, Alte weiße Männer – Ein Schlichtungsversuch, Kiepenheuer&Witsch, Köln, 2019