Fuert dach elektresch!
Vum E-Auto profitéiert virun allem d'Autosindustrie
Den Autosfestival 2021 zu Lëtzebuerg ass zu Enn. Wat solle mer dann elo kafen? E spuersamen Diesel fir wäit Strecken, e Bensinner fir no a wäit, en Hybrid oder e ganz elektresch ugedriwwenen Auto. Den deieren Hybrid ass en Zwitter, e leeft reng elektresch net wäit an op de grousse Strecke schleeft hien de Elektro-Undriff mat vill Gewiicht mat virun. Also keng esou richteg Alternativen. Den 100 % ElektroAuto leeft roueg, geet och gutt, packt awer keng grouss Strecken. An den Teste fiert hie vill manner Kilometer ewéi versprach, genau ewéi Diesel a Bensinner jo och méi verbrauchen ewéi am Prospekt. En ass deier, ass a Moud, ass eben „gréng“.
Säi Probleem sinn d’Batterien, si si schwéier, mat Kobalt a Lithium vollgepaakt a brauche vill CO2 fir hiergestallt ze ginn. Kobalt a Lithium kënnt haaptsächlech aus Drëttlänner a gëtt ënner fierchterlechen, onmënschlechen an ëmweltschiedleche Konditioune gewonnen. Dobäi sinn déi Elementer zimmlech rar op dëser Welt, vum ville roude Koffer, dee fir d’Elektromotore gebraucht gëtt, net ze schwätzen.
Der Autosindustrie ass dat alles egal! Si verkafen dat eent an dat anert, a mam Hybrid di zwou Saache mateneen. Verbrennungsan Elektromotore mat engem Schlag!
Wéi d’Entsuergung vun all deene Batterie soll ausgesinn, de Recyclage, do héiere mir net allze vill. Bei Accidenter a bei engem gesäit et noweisbar ganz schlëmm aus. Wéi ass et am Wanter, am Stau, mat Heizung, Geliichts, Fënsteren déi net sollen ulafen ...? En Akku mat 100 kWh brauch 15 bis 20 Tonne
CO2-Emissioune bei der Produktioun, dann ass den Auto nach kee Kilometer gefuer! En Diesel mat 129 g CO2- Ausstouss kann domat wäit op 135 000 km fueren!
Fir dës Ideologie, a genau dat ass et, nach ze toppen, brénge mir et hei am Ländche fäerdeg, 8 000 Euro, bezuelt vum Staat, bäizeleeën. Beim Hybrid ass et manner an et soll jo och elo doriwwer debattéiert ginn. Wann also gutt situéiert Leit sech wëllen de grénge Mäntelchen undinn, da sollen si dat maachen ouni esou ze profitéieren!
Fir mech ass dat dee grousse Skandal an ech verstinn net, dass di zwou Regierungsparteien, d’DP an d’LSAP, esou e Schwaachsinn matdroen! Kee Wuert vum Energie-Minister Turmes iwwer all déi Probleemer. Nëmmen naiv Polemik, fir ze beweisen, dat hien d’Ëmwelt wäert retten a Lëtzebuerg klimaneutral wäert maachen. D’Automobilindustrie laacht sech kapott a kënnt mat esou Leit voll op hir Käschten!
Aner Technologie missten ënnerstëtzt ginn, besonnesch hei an Europa. Nëmmen naiv Leit gleewen, dat deemnächst d’Camionen, d’Laangstreckentransporter, d’Maschinnen am „Génie-Civil“... wäerte muer elektresch mat Batterien ënnerwee sinn. Vun de Fliger an de Schëffer net ze schwätzen.
Ech hätt d’Subside léiwer gesinn, deene Leit zoukommen ze loossen, déi wierklech an dëser Covid-Pandemie onverschold schlecht Kaarten hunn. Informéiert iech an debattéiert dach emol endlech an der Chamber doriwwer!
Jeannot Roller, Helmdange