Keng Buslinn tëscht Dikrich an der Schmëtt
No den Ännerungen um Busfuerplang huet de Mobilitéitsministère entscheet, datt d’Linn 555 tëscht Dikrich an Huldang (Schmëtt) net méi direkt an d’Sauerstad bzw. an d’Nordspëtzt féiert, ma en Ëmwee iwwer Ettelbréck mécht. Effektiv fiert se elo vum Fridhaff aus net méi direkt op Dikrich, ma si fiert duerch déi nei Aktivitéitszon ZANO, op d'Ettelbrécker Gare. Dono réischt geet et duerch Angelduerf op Dikrich, wat zu engem onnëtzen Zäitverloscht féiert.
D‘Linn 555 gouf vu Schüler aus dem Kolléisch an anere Lycéeë genotzt, grad wéi vu Leit, déi an der Sauerstad schaffen. Si all sëtzen elo méi laang am Bus an dat mécht d’Linn manner attraktiv. Ech selwer hunn se als fréiere Postier benotzt, grad well ech vu Wäiswampich direkt via Housen op Dikrich konnt fueren an ëmgedréit. An ech war keen Eenzelfall.
Gutt, datt den Deputéierten André Bauler, dee vu betraffene Leit kontaktéiert gouf, beim Minister nogehaakt huet fir d’Linn 555 nees op direktem Wee fueren ze loossen. Moies ass d’N7 op ville Plazen iwwerlaascht an et muss een sech eigentlech iwwer jidderee freeën, deen op den ëffentlechen Transport ëmklamme wëll.
De Minister François Bausch ass sech zwar där neier Situatioun bewosst, ass awer lo mol fir de Moment net bereet, dëst ze änneren. Dat ass schued, well mam neie Busplang ass de kollektiven Transport op der genannter Streck manner intressant ginn, soudass rëm etlech Leit op den Auto ëmklamme wäerten. Do notzt et dann och näischt, fir de Bustransport op där enger Säit gratis ze maachen, wann een op där anerer Ännerunge virhëlt, déi kengem eppes bréngen.
Jemp Mainz, Wäiswampich