Kor·ni·schong!
E puer Wierder iwwer ee Wuert
Sidd Der frou mat Kornischongen? A mat Wierder? Mat eppes vu béidem sollt Der et scho sinn, well soss gëtt den Artikel, deen Der hei zerwéiert kritt, nawell zimmlech dréchene Kascht an et geet Iech, wéi et am Luxemburger Wörterbuch (LWB) heescht: „Vun der Zalot an de Kornischonge falen engem d’Bändelen erof.“Erkläert gëtt de Sproch och: Mat Bändele si Strumpfbänder gemengt, also Jarretièren, an dat Ganzt wier eng Uspillung „auf den geringen Nährwert“vun den Zaloten an de Kornischongen. Dobäi kann ee sech dach eleng um Wuert Kornischong scho sat iessen!
Fänke mer bei der Schreifweis un: Am alen Dictionnaire fënnt een nach déi franséisch Schreifweis – Cornichon. Am neien Dictionnaire, dem Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD), ass déi net méi dran. Hei schreift sech d’Fruucht nach just Kornischong, wat e flott Beispill ass fir eng sougenannt integréiert Schreifweis, déi sech un der lëtzebuergescher Aussprooch orientéiert: Aus der franséischer Nasale -on gëtt am Lëtzebuergeschen -ong, wat een och ka bei e sëllegen anere Wierder gesinn respektiv héieren: baron-Barong, béton-Bëtong, bidon-Biddong, bon-Bong, brouillon-Brulljong, façon-Fassong an och fainéant-Fenjong a plafond-Plaffong an esouguer Napoléon-Napoleong.
Déi puer Beispiller hei driwwer stamen all aus dem LWB. Datt also franséisch Wierder am Lëtzebuergeschen anescht ausgeschwat ginn an dann och hir Schreifweis deementspriechend ugepasst gëtt, ass beileiwe keen neie Phenomeen. Bei kéipweis Wierder stéiert sech och nach kaum een dorun: Bei Schantjen (vu chantier) a Giischtjen (vu guichetier) gëtt aus dem ch en sch, ma och Diwwi (vun duvet), Fissi (vu fils) a Jelli (vu gelée) goufe phoneetesch an orthografesch ugepasst. An datt bei esou integréierte Schreifweise wéi bei der Kornischong aus engem c e k, engem ch en sch oder aus engem on en ong ka ginn, entsprécht der interner Logik vum lëtzebuergesche Schreifsystem.
Ënnert dem Stréch hëlleft dës Erklärung wuel jidderengem, deen d’Lëtzebuerger Orthografie wëll intus hunn. Bei Wierder, déi scho laang zum lëtzebuergesche Wuertschatz gehéieren, ass d’Provenienz vum Wuert net méi deen eenzege Krittär, wat besonnesch deenen hëlleft, déi an der Ausgangssprooch net esou doheem sinn. Deenen, déi et sinn, kann eng integréiert Schreifweis natierlech sauer opstoussen – wat jo och nozevollzéien ass: Firwat aus enger Remarque eng Remark maachen? Hei schaaft déi aktualiséiert a komplettéiert Orthografie Kloerheet: Am Prinzip gëllt eng intralëtzebuergesch Schreifweis, mee „natierlech ass et méiglech, eng friem Originalschreifweis bäizebehalen an e Wuert als Zitatwuert ze benotzen“.
Eng kleng Recherche am Textkorpus vum LOD, der grousser Textsammlung mat 4,95 Millioune lafende Wierder an iwwer 500 000 Wuertformen, confirméiert (mat c wéinst dem nasaliséierten on am Prefix con), wat och schonn den LWB geschriwwen huet: „Cornichon […] häufiger Kornischong“. An Zuelen ausgedréckt: Kornischong ass an alle Formen, also Singulier, Pluriel an och zesummegesate Wierder, déi mat Kornischong ufänken, 162 Mol am
Korpus an dat a 45 verschiddenen Texter. Cornichon fënnt sech dogéint just sechsmol a fënnef verschiddenen Texter. D’Concombre an d’Concomber (am LWB fënnt een och déi flott integréiert Grafie Kongkomber) si guer net am LOD-Korpus. Den Auteure schéngt d’Kornischong mat Ofstand am beschten ze schmaachen.
Interessant ass de Genus vum Wuert Kornischong. Den LWB gëtt männlech a weiblech un, den LOD nach just weiblech – et ass also héich offiziell eng Kornischong. (Am Franséischen ass et iwweregens le cornichon, am Däitschen das Cornichon.)
Eng aner Fro, iwwer déi ee sech gemitterlech kéint de Kapp zerbriechen: Ass d’Kornischong dann elo en Uebst (se entsteet aus Bléien, déi befrucht ginn) oder awer e Geméis (et ass eng eejäreg Planz)? Well se gemenkerhand net séiss ass, gëtt d’Kornischong (zesumme mat de Paprikaen, Tomaten, Auberginnen asw.) als Fruuchtgeméis bezeechent. Wéi an der Orthografie gëtt et also och an der Botanik fir d’Kornischonge weeder Schwaarz nach Wäiss. Wat dann och gutt bei hir éischter ronn oder op d’mannst gebéite Form passt. Ëmmerhin huet d’Kornischong, jo, och déi mat K vir an ong hannen, der franséischer Corne hiren Numm ze verdanken. Eng Kornischong wier deemno e klengt Geméis a Form vun engem Har.
Vun den Hare schéngt dann och déi aner Bedeitung vu cornichon am Franséischen ze stamen: niais, naïf, imbécile, esou Larousse a Robert unisono. Porter des cornes heescht jo, datt een erageluecht gouf. Gehörnt géif een op Däitsch soen. Dës Metapher fënnt sech och am Lëtzebuergeschen: Wien engem d’Haren opsetzt, deen huet oder hat eppes mat deem senger Fra. A wann eppes ass, fir en Har op d’Stier ze kréien, dann ass eppes wierklech ze verréckt, ze schlëmm, ze schrecklech, fir wouer ze sinn.
Integréieren oder zitéieren
Occurrencen a Genusfroen
Am Gesiicht ...
Hannescht bei d’Kornischong déi am Lëtzebuergeschen am Jux och eng Bezeechnung fir d’Nues ka sinn – d’Analogie dierft keng weider Erklärung brauchen. Natierlech geet et an éischter Linn ëm kleng, agemaache Kornischongen (Essiggurke) oder ëm grouss Kornischongen (große Treibgurke), aus där een Zalot mécht a fir déi dann och Concombre oder Kongkomber gesot gëtt. Net datt nach een dat Falscht keeft an da Kornischong vernannt gëtt.
Kornischonge schéngen awer nach laang net jidderengem senges ze sinn: „Vun de Korni
schonge gëtt een domm“, ass e Beispillssaz am LWB. E weideren do ass: „D’Kornischonge soll ee gutt fäerdeg maachen an dann op d’Mëscht geheien.“Datt een ofhëlt, wann een (just) Zalot a Kornischongen ësst, war jo ewell ufanks zitéiert ginn, et gëtt de Saz awer och ouni Zalot: „Vun de Kornischonge falen engem d’Bändelen erof.“An deen alen Dictionnaire weess och: „Vum Kornischongssaaft gëtt d’Haut mëll a mokleg.“
Och wann et keng genuin Daddae vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch sinn, dofir gëtt et besser placéiert Servicer, esou soll hei dach net ganz iwwergaange ginn, datt d’Kornischongen och an anere Beräicher eng eminent Roll spillen, wéi e Bléck an d’Textsammlunge vum LOD et weist. Hei e puer Pärelen aus dem Chamberblietchen:
– An deem Kontext huet de Minister erwäänt, dass de Plastik zum Beispill beim Verpake vu Kornischongen derfir suergt, dass de Produit méi laang haltbar ass an och manner Transportschied zustane kommen.
– Dobäi geet et net emol ëm d’Märecher vum Krëmmungsgrad vu Banannen a Kornischongen, mä einfach ëm de Prinzip vun enger reglementarescher, gesetzgeeberescher Invasioun, déi ëmmer méi schwéier ze justifiéieren ass.
– Kromm Kornischongen oder kromm Muerten oder kleng Äppel begéint ee ganz einfach am Commerce net.
… an der Politik ... ... an an der Literatur
Nieft de Politiker bäissen och d’Auteure heiansdo an d’Kornischong a sinn dann inspiréiert. D’Sophie Gitzinger out sech zum Beispill an engem Text selwer als Kornischong:
– Ech hunn e Fürerschäin. Iergendwou. Am Tirang warscheinlech. Net am Portmonni, do sinn ech mir sécher. Mä ech fuere wéi eng Kornischong. Fir d’Sécherheet vu menge Matbierger a virun allem fir meng eegen hunn ech decidéiert, d’Fuere fir de Moment sinn ze loossen.
Ganz beléift sinn awer och Zesummesetzunge mam Wuert Kornischong, wéi dësen Extrait vum Roland Gelhausen et beweist:
– Mäi Mann sot deslescht, mat menger Kornischongs-Yoghurt-Mayonnaise-Mask am Gesiicht géif ech scho vill besser ausgesinn.
E richtege Kornischongsaficionado a Kornischongswuertjongleur schéngt de Guy Rewenig ze sinn:
– Et bréngt näischt méi, de ganzen Dag laang mat Kornischongsrondelen am Gesiicht iwwert d’Beauty Farm ze wandelen, well schonn no e puer Meter stéisst een op en anert Kornischongsrondelegesiicht, dat engem onheemlech bekannt virkënnt […].
An hei setzt de Schrëftsteller nach eng drop: – Fir datt D’Kornischonge net nom 15. August futtiginn, musse s’all giess ginn, ier d’Famill fortfiert. Déi éischt sechs Deeg gëtt et Kornischongszalot, Kornischongsbrochettë vum Grill, Kornischongspudding, KornischongsSoufflé, Kornischongs-Püree a KornischongsEisekuchen.
D’Wuert Kornischong bestit sech also gäre mat aneren, fir Komposita ze bilden. Dat ass net wierklech eppes Besonnesches, dem Guy Rewenig säi Wuert-Crescendo weist awer op eng weider potenziell Schwieregkeet am Zesummenhang mat der Kornischong hin: Verbënnt e sougenannte Fouen-s déi zwee Wierder oder net?
Dacks huet een do de Choix, ma relevant ass d’Fro schonn, absënns wa sech enges Daags en Tool muss dermat erëmploen: Wann e Mënsch Kornischongszalot seet an e Programm soll d’Wuert verschrëftlechen oder e Mënsch huet Kornischongszalot geschriwwen an eng Computerstëmm soll d’Wuert haart virliesen oder eng Iwwersetzungssoftware soll Kornischongszalot an eng aner Sprooch iwwerdroen oder aus Gurkensalat oder Salade de concombre Kornischongszalot maachen. Fir datt d’Technologie mat hiren Algorithmussen an hirer artifizieller Intelligenz dann eens gëtt, muss se mat méiglechst ville konkreeten Date gefiddert ginn. Also och mat Fouen-s-en. Net datt si sech verschléckt oder hir um Enn nach d’Bändelen eroftrëllen …
Lukullesch Linguistik
Falls der Iech elo frot, firwat dës Elucubratiounen iwwer e Fruuchtgeméis iwwerhaapt gutt sinn, dann ass d’Äntwert ganz einfach: D’Kornischong illustréiert zimmlech plakativ, op wéi engen Niveauen sech den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch mat hir befaasst: grammatesch (Wéi ass de Genre vum Wuert? Wéi ass seng Plurielsform? Wéi setzt et sech mat anere Wierder zesummen?), semantesch (Wat bedeit et genee? Gëtt et Synonymmen?), orthografesch (Wéi schreiwe mer et? Gëtt et eng Varianteschreiwung?), phoneetesch (Wéi gëtt et ausgeschwat?), lexikografesch (Wéi weise mer dat alles am LOD? Wéi gëtt et iwwersat? Wat si pertinent Beispillssätz?), sproochhistoresch (Wou kënnt d’Wuert hier?) a computerlinguistesch (Wéi kënne Programmer et spéider verdillegen?). Et gëtt eeben där Wierder, déi muss een einfach gär hunn. Well se déi ganz Sproochenzalot wierzen.
* De Luc Marteling ass Direkter vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch a frou mat klengen a grousse Kornischongen. Ob en och eng am Gesiicht huet, dierft Der selwer decidéieren.