Nei Ziler setzen a positiv an d'Zukunft kucken
D'Chorale municipale well prett sinn, wann erëm Normalitéit akéiert
Gréiwemaacher. D'Maacher Chorale huet hir Generalversammlung als Visiokonferenz ofgehalen. D'Germaine Funck als Präsidentin, een Deel vum Comité an den Dirigent, Martin Elmquist, ware physesch am Proufsall dobäi. Déi meescht Memberen, Vertrieder vun der Gemeng an den Dechen Claude Bache konnten iwwer den Internet déi Versammlung verfollegen. De fréiere Präsident, Raymond Peters, deen am leschte Joer, no laangem Engagement fir d'Chorale säin Amt zur Verfügung gestallt hat, ass zum Éierepresident vun der Maacher Chorale ernannt ginn.
Laut dem Bericht vun der Sekretärin Thessy Demuth konnt, trotz Pandemie, déi eng oder aner
Prouf gehale ginn. Deels open air, deels an der Kierch an a klenger Besetzung am provisoresche Proufsall am Container. D'Josée Ungeheuer huet duerno iwwer d'Keess vun der Chorale rapportéiert. Duerch feelend Einnamen an duerch déi lescht Generalversammlung (am Bistro Quai) huet sech de Bestand vun der Keess reduzéiert.
Eng Kontroll vun der Keess duerch d'Préiwer Liane Felten an Andreas Becker gouf positiv ofgeschloss. Den Dirigent Martin Elmquist huet erausgestrach, datt et wichteg ass, een Ziel ze hunn an op e Projet hin ze schaffen. Mëtt Mäerz wäerte Prouwen a klenger Besetzung an Registerprouwefir de Requiem vum Gabriel Fauré gehale ginn. Nach ass net gewosst, wéini eng Opféierung méiglech wäert sinn, mee et ass wichteg, elo op dat Zil hinzeschaffen. De Bernd Uehlein, als Delegéierte vun der UGDA, huet aktive Membere fir 5, 10, 20, 40 an och 50 Joer Zougehéieregkeet gratuléiert. De Schäffe Marc Krier huet betount, datt Chorale, besonnesch och an der Pandemie, Europa erlieft a gelieft huet.
Am Videovirspann virun der Sëtzung konnt ee gesinn, datt déi Maacher Chorale e villsäitege Veräin ass. Den Dechen Claude Bache hofft drop, datt d'Chorale geschwënn erëm aktiv an der Kierch gi kann.
Bernd Uehlein via mywort.lu www.choralemaacher.lu