Luxemburger Wort

„D'Passioun vun eiser Här Jesus Christus nom Markus“

Die Frohbotsch­aft von „Pällemsonn­deg“

-

2 Lesung (Phil 2,6-11)

Christus Jesus erniedrigt­e sich; darum hat ihn Gott über alle erhöht. Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Philíppi Christus Jesus war Gott gleich, hielt aber nicht daran fest, Gott gleich zu sein, sondern er entäußerte sich und wurde wie ein Sklave und den Menschen gleich. Sein Leben war das eines Menschen; er erniedrigt­e sich und war gehorsam bis zum Tod, bis zum Tod am Kreuz. Darum hat ihn Gott über alle erhöht und ihm den Namen verliehen, der größer ist als alle Namen, damit alle im Himmel, auf der Erde und unter der Erde ihr Knie beugen vor dem Namen Jesu und jeder Mund bekennt: „Jesus Christus ist der Herr“- zur Ehre Gottes, des Vaters.

Evangelium zum Pällemsonn­deg (Joer B/Mk 14,1-15,47)

E = Erzieler

+ = Wierder vum Jesus

A = Wierder vun anere Persounen

E – Et war zwéin Deeg virum Pessach a virun der Woch vum Matesbrout. D’Hohepriist­er an d’Schrëftgel­éiert hu gesicht, wéi si de Jesus mat Hannerlësc­ht an hir Gewalt kréien an doutmaache kéinten. Si hu sech nämlech gesot:

A – „Nëmmen net um Fest, fir datt et keng Oprou am Vollek gëtt.“

E – Wéi de Jesus zu Bethanien am Haus vum Simon dem Aussätzege bei Dësch war, koum eng Fra, déi eng Alabasterf­läsch mat echtem, deierem Nardenuele­g bei sech hat; si huet d’Fläsch opgebrach an dem Jesus den Ueleg iwwer de Kapp geschott. Do gouwen der en etlech ongehalen an hunn zuenee gesot:

A – „Firwat deen Ueleg esou verbëtzen? Et hätt een e kënne fir méi wéi 300 Sëlwermënz­e verkafen an d’Suen deenen Aarme ginn!“

E – A si hunn hir dowéinst Virwërf gemaach. De Jesus awer sot:

+ – „Loosst si!

Firwat bréngt dir si a Verleeënhe­et? Si huet e gutt Wierk fir mech gemaach. Well déi Aarm hutt dir ëmmer bei iech, a wann dir wëllt, kënnt dir hinne Gutts doen; mech awer hutt dir net ëmmer bei iech, Dat, wat si maache konnt, huet si gemaach: Si huet am Viraus mäi Läif fir d’Begriefnes gesaleft. Amen, ech soen iech: Wou och ëmmer op der ganzer Welt d’Evangelium verkënnegt gëtt, do gëtt erzielt, wat si gemaach huet, an et gëtt u si geduecht.“

E – De Judas Iskarioth, ee vun den Zwielef, ass fortgaang bei d’Hohepriist­er, fir hinnen de Jesus auszeliwwe­ren. Wéi d’Hohepriist­er dat héieren hunn, hu si sech gefreet a versprach, him Suen derfir ze ginn. Dunn huet hien no engem gënschtege­n Ament gesicht, wou hien de Jesus ausliwwere kéint. Den éischten Dag an der Woch vum Matesbrout, wou d’Pessach-Lamm geschluech­t gouf, soten dem Jesus seng Jünger zu him:

A – „Wuer solle mir higoen, fir d’Pessach-Iesse fir dech virzeberee­den?“

E – Dunn huet hien der zwéi vun hinne virgeschéc­kt a gesot:

+ – „Gitt an d’Stad. Do kënnt een iech entgéint, deen en äerde Krou mat Waasser dréit. Gitt him no, an do, wou hien erageet, sot zum Haushär: ,De Meeschter léisst dir soen: Wou ass mäi Sall, an deem ech d’Pessach mat menge Jünger iesse soll?‘ Hie weist iech dann e grousst Zëmmer uewenop, dat prett ass, mat Këssen ausgeluegt.

Bereet äis et do vir!“

E – D’Jünger si fortgaang a koumen an d’Stad. Si hunn alles esou fonnt, wéi hien hinnen et gesot hat, a si hunn d’Pessach-Iesse virbereet. Owes ass de Jesus mat deenen Zwielef komm. Wéi si um Dësch waren a giess hunn, sot hien:

+ – „Amen, ech soen iech: Ee vun iech, deen elo amgaang ass, mat mir z’iessen, liwwert mech herno aus.“

E – Si hunn ugefaang, verdrëssle­ch ze ginn, an hunn een nom aneren zu him gesot:

A – „Ech dach net?“

E – Hien awer huet hinne geäntwert: + – „Et ass ee vun iech Zwielef, een, dee mat mir an déiselwech­t Schossel zappt. De Mënschejon­g muss wuel säi Wee goen, esou wéi et iwwer hie geschriwwe steet. Gare awer deemjéineg­e senger, duerch deen de Mënschejon­g ausgeliwwe­rt gëtt! Et wär besser fir dee Mënsch, wann hien ni op d’Welt komm wär.“

E – Iwwerdeems si giess hunn, huet de Jesus Brout geholl an den Herrgott gelueft; hien huet et gebrach, hinnen et ginn a gesot:

+ – „Huelt! Dat hei ass mäi Läif.“

E – Dunn huet hien e Kielech geholl an dem Herrgott merci gesot; hien huet hinnen e ginn, a si hunn alleguer draus gedronk. An hie sot zu hinnen:

+ – „Dat hei ass mäi Blutt, d’Blutt vum Bond, dat fir der vill vergoss gëtt. Amen, ech soen iech: Ech drénken ganz sécher net méi vum Drauwestac­k senger Fruucht bis deen Dag, wou ech am Herrgott sengem Räich op en neits dervun drénken.“

E – Nodeems si d’Luefpsalme gesong haten, sinn si erausgaang, op den Olivebierg. De Jesus sot zu hinnen:

+ – „Dir huelt alleguer Ustouss u mir, well et steet geschriwwe­n: Ech erschloen den Hiert, an d’Schof ginn ausenee gejot.1 Ma nodeems ech aus dem Doud erwächt gi sinn, ginn ech iech viraus a Galiläa.“

E – De Péitrus awer sot zu him:

A – „A wann se och alleguer Ustouss un dir huelen – ech net!“

E – Du sot de Jesus zu him:

+ – „Amen, ech soen dir: Hënt, an dëser Nuecht,

op engem Schëld festgehal: De Kinnek vun de Judden. Mat him hunn si zwéi Raiber gekräizegt, een op senger rietser an een op senger lénkser Säit. Déi, déi laanscht goungen, hunn hie gelästert, si hunn de Kapp gerëselt a soten: A – „Hee du, deen s du den Tempel ofrapps an en an dräi Deeg nees opbaus, rett dech selwer a klamm vum Kräiz erof!“

E – Op déiselwech­t Manéier hunn och d’Hohepriist­er an d’Schrëftgel­éiert de Spott mat him gedriwwen an zuenee gesot:

A – „Anerer huet hie gerett, sech selwer kann hien net retten! De Messias, de Kinnek vun Israel, hie soll elo vum Kräiz erofklamme­n, fir datt mir gesinn a gleewen!“

E – Och déi, déi mat him gekräizegt gi waren, hunn him Frechheete gemaach. (Hei stinn d’Leit op) Wéi déi sechst Stonn koum, gouf et am ganze Land däischter – bis déi néngt Stonn. An déi néngt

Stonn huet de Jesus haart geruff:

+ – „Eloï, Eloï, lema sabachthan­i?“

E – Dat heescht iwwersat:

+ – „Mäi Gott, mäi Gott, firwat hues du mech verlooss?5“

E – E puer vun deenen, déi derbäi stoungen an et héieren hunn, soten:

A – „Kuckt, hie rifft den Elias!“

E – Dunn ass een dohi gelaf, huet e Schwamp an Esseg gezappt an en op e Bengel gestach. Hien huet dem

Jesus ze drénke ginn a sot:

A – „Loosst gewäerden! Mir kucken emol, ob den Elias kënnt, fir hien erofzehuel­en.“

E – De Jesus awer huet en haarde Kreesch gedoen an ass gestuerwen. (Kuerz Paus; d’Leit knéie sech) Dunn ass de Rido vum Tempel an zwee gerass, vun uewe bis ënnen. Wéi den Centurio, dee vis-à-vis vum Jesus stoung, hien esou stierwe gesinn huet, sot hien:

A – „Dëse Mënsch war wierklech dem Herrgott säi Jong!“

E – Et waren och Fraen do, déi vu wäitem nogekuckt hunn, ënner hinnen d’Maria vu Magdala, d’Maria, dem Jakobus deem Klengen an dem Joses hir Mamm, an d’Salome – si waren dem Jesus nogaang an haten him gedéngt, wéi hien nach a Galiläa war. Et waren och nach vill anerer do, déi mat him op Jerusalem eropkomm waren. Herno, géint der

Owend, a well et de Virbereedu­ngsdag, den Dag virum Sabbat war, huet de Jouseph vun Arimathäa, en ugesinnene Member vum Sanhedrin, deen och op dem Herrgott säi Räich gewaart huet, et gewot, bei de Pilatus ze goen an dem Jesus säi Läif ze froen. De Pilatus war verwonnert, datt de Jesus schon dout sollt sinn. Hien huet den Centurio komme gelooss an hie gefrot, ob de Jesus scho laang dout wär a wéi hie vum Centurio doriwwer Bescheed kritt hat, huet hien dem Jouseph deen Doudegen iwwerlooss. Dee Jouseph huet e léngen Duch kaaft, de Jesus vum Kräiz erofgeholl an hien an d'Duch agewéckelt. Dunn huet hien de Jesus an e Graf geluecht, dat aus engem Fiels erausgeha war, an huet e Stee virun den Agank vum Graf gerullt. D’Maria vu Magdala an d'Maria, dem Joses seng Mamm, awer hunn uechtgedoe­n, wouhinner de Jesus geluecht ginn ass.

Copyright: Editions Saint-Paul / Archevêché D’Sonndeseva­ngelium fënnt een och op www.cathol.lu

Newspapers in German

Newspapers from Luxembourg