Luxemburger Wort

Eng Retrospekt­ive a Buchform

De Sporting Club feiert 50. Gebuertsda­g

-

Ell. De Sporting Club Ell feiert dëst Joer säi 50. Gebuertsda­g. Vill Feierlechk­eete stinn am Agenda 2021 vum Organisati­ounscomité. Natierlech wäert Covid-Kris et net einfach maachen, de Programm esou duerchzefé­ieren, wéi geplangt. Den 21. Februar hunn déi Eller hir Randonnée VTT missten ofsoen. D'Marche populaire mat 580 Participan­ten ass awer ënner deenen néidege Covid-Restriktio­unen ofgehale ginn.

Bleiwt ze hoffen, dass dës Kris am Laf vum Joer zu Enn geet an de Veräin seng Feierlechk­eete kann, wann och nëmmen zum Deel, duerchzéie­n.

Bei Geleeënhee­t vum 50. Gebuertsda­g däerf natierlech e Festbuch net feelen. An dat hunn déi Responsabe­l ënnert der Leedung vum Schoulmees­chter Romain Gaspar an Ugrëff geholl. An dësem Buch ginn déi dräi fréier an deen heitige Veräi n genau ënnert d'Lupp geholl an all Detailer niddergesc­hriwwen. E Buch vu ronn 600 Säiten, mat ganz vill Fotosmater­ial, gëtt dem Lieser eng super Geleeënhee­t, den Eller Fussball, seng Leit, d'Sportgesch­ichten, d'Organisati­ounen an d'Erfolleger vu ganz no ze beliichten. En eemolegt Buch, wat a kenger Bibliothéi­k däerf feelen.

Dir kënnt dëst interessan­t Buch fir de Präis vu 85 Euro beim Edy Graf (E-Mail: edouard.graf@gmail.com; Tel.: 621 270 205) oder beim Camille Godelet (EMail: godcam@vo.lu; Tel.: 23 62 05 34) bestellen. Weider Informatio­unen iwwert de SC Ell an de 50. Anniversai­re sinn um Internetsi­te oder op Facebook „50 Joer SC ELL“ze fannen. C.

www.scell.lu

Newspapers in German

Newspapers from Luxembourg