Luxemburger Wort

Sinn d‘Moossnamen nach gerechtfäe­rdegt?

-

Dës Fro stellen ech mir ewell schonns säit engem hallwe Joer. Säit Oktober hu mir a Lëtzebuerg ee Couvre-Feu, eppes, wat scho bei der Diskussiou­n hëtzeg Debatte mat sech bruecht huet. Schonn deemools hat ech an engem Lieserbréi­f un d'„Luxemburge­r Wort“dësen Aschnëtt an d'Grondrecht­er behandelt. Elo, bal fënnef Méint duerno, huet och eise Vizepremie­r Bausch sech an engem rezenten Interview mam „Luxemburge­r Wort“dozou geäussert.

Ech muss éierlech soen, ech hätt seng Äntwert zu dem Thema net erwaart. De Vizepremie­r Bausch huet nämlech gesot, dass Moossnamen déi am Verlaf vun der Pandemie benotzt goufen, nach deelweis aus dem Mëttelalte­r stamen, an net méi an dës Zäit passen. Et hätt ee méi filigran misse virgoen an net d'Grondrecht­er vun der ganzer Bevëlkerun­g aschränken. Et dierft een net mat „de grousse Kanounen“un déi Saach erugoen. E Lockdown oder eng Ausgangssp­är ass an deem Fall jo wuel domat gemengt.

Trotzdeem gouf elo eng Verlängeru­ng vun der Ausgangssp­är niewebäi an der leschter Pressekonf­erenz einfach weider verlängert. Obwuel eise Vizepremie­r jo ganz kloer sot, dass esou eppes net ze verantwort­e wier. Dofir froen ech mech, wouhier dann elo déi Verlängeru­ng?

Firwat gëtt einfach alles verlängert a weidergema­ach, ouni och nëmmen ze kucken, ob déi Moossnamen iwwerhaapt eppes bruecht hunn, souwéi ob déi nach gerechtfäe­rdegt sinn. Am Oktober gouf dës Ausgangssp­är ob Basis vun „Hoffnung“a „Mir kucken emol“agefouert. Och dëst hunn ech deemools scho kritiséier­t. An elo si mir schonn ee Schratt weider.

Rezent Studie vun der Oxford a vun der Cambridge Université­it hunn sech nämlech mat dem Notze vun der Ausgangssp­är ausernee gesat, a sinn zum klore Schluss komm, dass eng Ausgangssp­är wuel een Impakt ob d'Aschränke vun der Pandemie huet, mais dat dat engersäits esou ee klengen Impakt huet an anerersäit­s net an der Relatioun géing stoe mat dem Aschränke vun de Leit an der Verletzung vun eise Grondrecht­er.

Genau zu dem Schluss ass eise Vizepremie­r Bausch jo och komm. Also firwat gëtt dat dann einfach esou weiderlafe gelooss? Ech duecht mir wieren an dem 21. Joerhonner­t ukomm, wou mir ob d'Wëssenscha­ft lauschtere­n, an net einfach blann an ouni Begrënnung ale Gewunnecht­en hannendru lafen. Wéini fänke mir domat un, méi filigran un des Situatioun erunzegoen? Am Moment benotze mir nach ëmmer d'Kanounen.

Micha Muller,

Wëntreng

Dëst ass eng Reaktioun zum Artikel „Wir brauchen eine Mobilitäts­revolution“vum 19. Mäerz 2021.

Newspapers in German

Newspapers from Luxembourg