Wéini impft mäin Hausdokter?
Zwee weider Impfzentren – dat eleng ass net d’Léisung
Mir sinn an der drëtter Well, awer dank Gléck, der Gesondheetspolitik an der medezinescher Versuergung net exponentiell, a besser wéi eis Noperen. Meeschter gi mer de Covid-19 nëmmen duerch schnellstméiglecht Impfen. Dofir hëlt de Macron d’Arméi a Vaccinodrome fir d’Hausdokteren zu Hëllef, an der Belsch schloen se d’Rad mat den Hausdokteren an den Impfzentren a Merkel/Spahn zielen op Hausdokteren. A mir? Zwee weider Impfzentren? Dat eleng ass net d’Léisung. Zu Lëtzebuerg sinn elo 90 000 Impfdosen an dräi Méint gesprëtzt ginn.
Mir sinn zu 500 Hausdokteren, wann da 400 matmaachen an all Dag zéng Leit impfen, hu mer 120 000 Leit an 30 Deeg geimpft!
Mat zéng Dose pro Flacon Astra/Zeneca, geschwënn och Johnson, dierft all Dokteren – alengschaffend oder a Gemeinschaftspraxis – dat hikréien. Wann een do en „Haut comissaire de la protection nationale“héiert soen, dat géing net, well Dose vläicht verbëtzt géifen, wat e Quatsch, net méi a net manner wéi am Impfzentrum.
An da gëtt et och Léisungen, fir d’Logistik vun der Killketten, fir de BioNTec, Moderna oder Curevac! Mir hunn 100 Apdikten zu Lëtzebuerg. Wann all Apdikt en 100-lDéifkühler bis -86°C fir zegdausenden 400 Hausdokteren kéinten an 30 Deeg 120 000 Leit impfen, seet den Auteur.
Dose à 10 000 Euro, oder all Dokteschpraxis ee 7-l-Déifkühler honnerten Dosen bis -30°C à 5 600 Euro (no neisten Erkenntnisser geet dat duer fir déi Impfstoffer bis zwee Wochen ze lageren). Esou Déifkühler ginn zu Lëtzebuerg fabrizéiert (BioMedical Housen, Va-Q-Tec Nürnberg, Eppendorf oder Haier …).
Vill ze deier? Et wiere wuel 2,7 Milliounen Euro awer nohalteg investéiert – an duerno kéint ee se jo an Afrika weiderverschenken. Wat ass dat schonn, wann z. B. eng Woch LST (Large Scale Testing) 2,2 Milliounen Euro/Woch an der drëtter Phase kascht? Eng Patientin
vu 94 sot mer d’lescht Woch, wou ech se opmierksam gemaach hunn, besser mam Adapto oder mat der Infirmière vun Hëllef Doheem gratis an den Impfzenter ze fueren: „Mir ass den Impfstoff egal, Astra oder Pfizer, awer nëmmen dir maacht mir deen, Dokter“. 75 Prozent vun eise Vulnerabelen an iwwer 75 si geimpft, dat heescht ëmmer nach ee vu véier net!
An da koum do eng jonk Koppel: „Dokter, deen Astra wëlle mer net“. „Dee kritt der awer, wann et un iech ass.“„Nee Merci, da fléie mir op Dubai, do impfen se och Touriste mam Pfizer.“Ech wor perplex.
An der nämmlechter Woch huet meng Assistentin eng Fra positiv getest, well hire Mann a Kand positiv woren – den Hoken – si gouf véier Woche virdru fir d'zweete Kéier mam BioNTec Pfizer geimpft! Keng Symptomer, mä wéi infektiéis weess de Guckuck.
Vu dat mer elo +- 150 000 Impfdose kréien, gëtt et héich Zäit, d’Hausdoktere mat an d’Boot ze huelen; well de Staat alles selwer handhaben? Wat heescht dann „mir sinn all en Deel vun der Léisung“? Datt mer komplementar zu den Impfzentre virun de Mutante esou schnell wéi méiglech eng Herdenimmunitéit kréien.
Dr Claude Weber,
Huelmes