Wéi eng Spränz an der Strass…
„Den Här Müller spréngt iwwert säi Schiet a land am Guinnessbuch“vum Guy Rewenig
De Guy Rewenig bleift de Meeschter vun der eescht-subtiler Situatiounskomik, déi engem beim Liese wéi eng Spränz am Hals stieche bleift an och mat vill Houschten a Katzen net méi fortgeet. Et bleift engem d’Gefill vun engem Kraazen a Picken an der Strass, dat sech ëmmer dann zréckmellt, wann ee méngt, et wier een et endlech lass. Esou ass et och mat deene Geschichten an Erzielunge vum Guy Rewenig, déi hien a séngem neie Buch „Den Här Müller spréngt iwwert säi Schiet a land am Guinnessbuch“publizéiert. Ewéi schon an deenen zwee éischte Bänn vun dëser Serie, déi domadder ofgeschloss ass – „Déi bescht Manéier, aus der Landschaft ze verschwannen (2015)“an „Do wéinstens däi Sonnebrëll aus, wann s de mam Kapp duerch d’Mauer renns“(2017) –, beschreift hien hei och erëm alldeeglech, banal a méi oder manner witzeg Situatiounen, déi a Form vu Monologer, Dialoger oder Prosa erzielt an op d’Spëtz gedriwwe gin, an der Reegel an eng grotesk Komik ausaarten an e battere Geschmaach am Mond hannerloossen oder, wéi gesot, wéi eng Spränz an der Strass nach eng Zäit laang stieche bleiwen.
Liewen, esou gutt et geet
An eelef Szenen oder Biller, an deenen den Auteur ëmmer erem seng narrativ an dramaturgesch Villsäitegkeet beweist, schaaft de Guy Rewenig munnech Situatiounen, fir dem Lieser di verschiddenst an di widdersprëchlechst Figuren mat hiren dacks krommbockelegen Reflexiounen an Iwwerzeegungen ze presentéieren. Wéi an absurden, minimalistesch inszeenéiert Theaterszeenen trieden hei erem skurril, queesch oder trauregemouvant
E gudde Mënschekenner mat engem schaarfe Sënn fir atmosphäresche Realismus – de Guy Rewenig.
Guy Rewenig:
„Den Här Müller spréngt iwwert säi Schiet a land am Guinnessbuch“, Editions Guy Binsfeld, 320 Säiten, 24 Euro. Personnagen op a loossen de Bléck eran an eng net seelen tragesch a leedvoll Welt, wou keng Plaaz méi ass fir eng läscht Grëtz vun Optimismus a positive Gedanken. Ob bei engem alljäreg nom sälweschte Muster sech widderhuelenden Familljefest op Neijooschdaag, bei enger Vakanzerees vu Grousseletern an Enkelkanner, bei reegelméissege Sonndegausflich vun enger Koppel op de Stauséi, am Alldag vun engem einsame Mann a séngem Rollstull, bei engem Patientebesuch am Spidol oder mat engem Auteur, deen e Buch iwer Näischt geschriwwen huet, ëmmer erem beschreift hei de Guy Rewenig Fäll vu verstopptenen kléngen Tragédien, vu Sträit,
Hypokrisie a Konflikt, mee virun allem vun Isolatioun a Monotonie an enger klengbiergerlecher Welt ouni positiv Perspektiven. Erem weist den Auteur, dass hien e gudde Mënschekenner ass an e schaarfe Sënn huet fir atmosphäresche Realismus bei der Zeechnung vu stereotypesche Musteren, Figuren, Situatiounen an Existenzen, déi all op hir verschidde Manéier repräsentativ kenne sinn fir e grad esou klengbiergerlecht Lëtzebuerg, an deem hannert Materialismus a vill blanne Schäin eng fatzeg Portioun mënschlech Isolatioun a Resignatioun stécht. Daat gëtt virun allem däitlech bei der Erzielung „Schnéiwäiss Männer“, déi iwwert d’Hal-schent vum Buch ausmécht a vun zwee fréiere Schoulkolleegen handelt, déi sech zu Mamer op engem Parking begéinen a net méi vun enee lass kommen: e pensionéierten Erzéier, deen d’Liewen zum Misantrop gemaach huet („D’Menschheet ass déi allerdommste Gattung um Planéit (…), keen Anstand a keng Vernonft (…) verlugene Pak, Gauner, Banditten, Doutschléier…“), an e fréiere Beamten aus dem diplomateschen Dingscht, deen zu Lasauvage ëmmer de Schnapp kritt an nach ni zu Suessem wuar. Si liewen haut „sou gutt et geet“a sinn de Contraire vun deem, wat si fréier wuaren.
E provokative Geescht
Wéi di zwee éischt an dëser Serie, ass och dat neit Buch vum Guy Rewenig erëm keen einfacht, well et a sénger reduktiver, plazeweis experimenteller Sproochform och e Maximum vu Konzentratioun an Disziplin vum Lieser verlaangt. Mee dee mierkt dann awer och séier, wat alles un inhaltlechem Message, un Déift an Direktheet – et kann ee soen: un Eierlechkeet – an där authentescher Sprooch vum Guy Rewenig stécht. An hie brauch net laang, bis den déiwen, provokativen an zivilisatiounskritesche Geescht vun dësen Texter him opgeet – an da wéi eng Spränz an der Strass fir eng Zäit laang stieche bleift.