Eng eemoleg Lëtzebuerger Geschicht
Neit Buch iwwert d'Schlass Biertreng vum Marc Schoentgen
Lëtzebuerg. No der Publikatioun vun de Bicher „Schengen – En europäescht Wënzerduerf“, „Vun der Rief zum Wäin“an „Die Dynastie Luxemburg-Nassau 1890-2015“huet de Fotograf Marc Schoentgen kierzlech e néit Buch publizéiert a luet an op e fotografesche Rondgank duerch Vergaangenheet a Géigewaart vun Schlass Biertreng.
Vum Gaspard-Florent de Breiderbach 1775 ëmgebaut a vergréissert, wor d'Schlass laang Joere Besëtz vun der Famill de Blochhausen.
Ouni Zweiwel wor de Baron Félix de Blochhausen – 1834 am Schlass op d'Welt komm a fréiere Lëtzebuerger Premier – de renomméiertste Bewunner. 1935 ass de Besëtz dunn un d'Famill de Broqueville
gaangen. Lescht Besëtzerin wor d'Baronne Claudine de Broqueville.
D'Baronne, déi schonns 1998 aus dem Schlass erausgeplënnert ass, ass 2018 gestuerwen an huet d'Schlass an aner Gebailechkeeten dem Lëtzebuerger Roude Kräiz vermaach.
D'Schlass selwer, als Nationalmonument klasséiert, steet lo séit 23 Joer eidel, huet lues a lues opgehale mat liewen an ass zu engem verloossenen Uert ginn. Op 248 Säiten, mat iwwer 250 exklusive Fotoen, ënnerluecht mat informativen Texter vum Mil Goerens, luet de Marc Schoentgen de Betruechter an, d'Schlass, seng Besëtzer, hier Geschicht an d'Geschichte ronderëm d'Schlass selwer ze erliewen. Besicht den Uert Grentzen, seng idyllesch Kapell, spadséiert mat duerch d'Härenallee an entdeckt d’Iwwerreschter vun der aler Baronsbréck.
D’Buch „Schlass Biertreng – Eng eemoleg Lëtzebuerger Geschicht“kascht 44 Euro an ass an all gudde Bicherbuttik an och beim Auteur selwer (mat Widmung op Wonsch) iwwer E-Mail (schengen@gms.lu) ze kréien. C.