Firwat d’IPA näischt mat Béier ze dinn huet
D’Lautschrëft am Lëtzebuerger Online Dictionnaire: Wat een alles doraus kann héieren
Neierdéngs fënnt den Notzer vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD.lu) am Artikel zu sengem gesichten Term ënnert „Aussprooch“och d’Lautschrëft vum Wuert, dat en aginn huet. Dëst ass net nëmme begréissenswäert, well dat den Dictionnaire weider komplettéiert (eng 15 000 Wierder si scho fäerdeg), mee natierlech virun allem, well een elo kann noliesen, wéi e Wuert ausgeschwat gëtt (nieft der Audiofunktioun am Dictionnaire). An dat ass net just fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren, wichteg, mee och fir Lëtzebuergesch-Mammesproochler, déi vläicht onsécher sinn, wéi een en onbekannten Uertsnumm kann ausschwätzen, oder méi seele Wierder wéi Wermischel respektiv nei Wierder wéi Skypero net kennen.
D’Transkriptiounen, also d’Notatioun vun der Lautschrëft, sinn op Initiativ vun an a Kooperatioun mat der Uni Lëtzebuerg1 entstanen an no IPA-Standarde gemaach ginn, dat heescht mam Symbolinventar2 vum Internationale Phoneeteschen Alphabet. Hei kënnt op all Laut ee Symbol. Dobäi trëfft een op Kuriositéite wéi en e deen op der Kopp steet (de sougenannte Schwa), deen esou kléngt wéi den ë bei Këscht, oder och eppes wéi e laangezunnenen s deen an der Schrëft der Buschtawekombinatioun sch a Schoul entsprécht. Notéiert gëtt d’Lautschrëft an eckege Klameren. Vill Symboler sinn awer guer net esou komplizéiert, zum Beispill vill Vokaler wéi [u] oder [i] an Zuch respektiv vill. Ginn dës Lauter laang geschwat, kënnt nach en Doppelpunkt an der Transkriptioun hannendrun: [u:] wéi a Luucht an [i:] wéi a liicht. Et gesäit een, dass an dëse Fäll d’Längt an der Transkriptioun, also an der Aussprooch, mat der Verdueblung vun de Buschtawen an der Orthografie korreléiert. Dat ass awer natierlech net ëmmer de Fall, denkt een zum Beispill u Biz, wat mat engem laangen [i:] geschwat gëtt, mee wéinst der Quantitéitsreegel3 kee verduebelten i kritt.
Bei der Transkriptioun däerf een sech also net op d’Schrëftbild verloossen, mee op dat, wat wierklech geschwat gëtt, also op dat, wat een héiert. Dat kléngt guer net esou schwéier, mee et gëtt awer eng ganz Partie Saachen, déi ee bei enger systematescher Transkriptioun muss bedenken, respektiv wou Decisioune musse getraff ginn. Mir hunn et am Lëtzebuergeschen zum Beispill mat ganz vill Variatioun ze dinn – Aussproochen, bei deenen een net ka soen, déi eng ass méi heefeg, méi richteg, méi dialektal oder soss eppes wéi déi aner. Ganz konkreet betrëfft dat zum Beispill Wierder, déi op -tioun ophalen. Sot Dir Varia[s]ioun oder Varia[ts]ioun? A wéi sot Dir zum Schluss vu Biolog – Biolo[k] oder Biolo[x]?4 Kléngt bei Iech de j a jäizen wéi a Yannick oder wéi a Jean? Dacks fanne mer jeeweils eng méi germanesch an eng méi romanesch Aussprooch, déi kontrastéieren. Vläicht benotzt Dir och béid Formen, vläicht souguer ouni et ze mierken. Dat kann eng perséinlech Virléift sinn, et ka vum Kommunikatiounspartner ofhänken, et kann um Stil leien, mee net seelen ass et eng Altersfro – jonk Spriecher benotzen éischter déi eng Form an eeler Spriecher éischter déi aner (cf.
Conrad 20175; Resultater aus der SchnëssenApp6).
Wat heescht dat elo fir d’Transkriptioun am Dictionnaire? Hei musse mir als Annotateuren eis da fir eng Form entscheeden an e Wee fannen, fir op d’Variatioun hinzeweisen. Dat heescht net, dass déi eng Variant „besser“ass wéi déi aner, mee d’Transkriptiounen am LOD sollen esou eenheetlech wéi méiglech sinn. Am Beispill vun -tioun hu mer eis fir [ts] entscheet, et sief dann, mir hunn et mat engem Wuert ze dinn, dat kloer aus dem Franséische kënnt, wéi Vocatioun, bei deem en [s] ze erwaarden ass.
En anere Wee ass, sech um Audio ze orientéieren, dee schonn am LOD implementéiert ass. Héiere mer do accidentéiert mat engem (franséischen) Nasal wéi an Anchois oder awer mat engem kuerzen, oppenen a plus n wéi an Händsch? Jee nodeems wat een am LOD-Audiofichier héiert, gëtt dann d’Transkriptioun gemaach. Dat geet deelweis natierlech op d’Käschte vun der Systematik an der Transkriptioun, well och d’Spriecher am Dictionnaire
hir eege Variatioun matbréngen a bei iwwer 30 000 Wierder dës Variatioun um Niveau vun Eenzellauter net kënne konsistent halen, eebe well mir do am Lëtzebuergesche kënne fräi wielen a mol déi eng a mol déi aner Variant benotzen. De Fait, dass d’Spriecher dat net konsistent halen, bilt awer dofir eeben och genee dës Variabilitéit of.
Variatioun, Biolog, jäizen
Streckeisen, Grousselteren, Haaptargument
Doriwwer eraus gëtt et och Variatioun, déi net direkt vun der perséinlecher Virléift oder der Situatioun betraff ass, mee éischter vun der Vitess, mat där mer schwätzen. Hei gi Konsonanten zum Schluss vun engem Wuert oder enger Silb vermëllt, dat heescht, se kréie Stëmm derbäi. Sou kann zum Beispill e [k] zu engem [g] ginn. Dëst geschitt just, wann duerno e Vokal steet, also bei engem Wuert wéi Streckeisen. Schwätze mer lues a vläicht mat enger klenger Paus tëschent den zwou Komponente Streck an Eisen, soe mer Stre[k]eisen. Schwätze mer awer
méi séier, soe mer Stre[g]eisen. Dat fanne mer zum Beispill och a Grou[s]elteren (lues) respektiv Grou[z]elteren (méi séier).7 An hei ka souguer méi wéi ee Konsonant betraff sinn, sou zum Beispill an Haaptargument, dat entweeder als Haa[pt]argument (lues) oder als Haa[bd]argument (méi séier) ausgeschwat gëtt. Well dat en immens konsistente Phenomeen ass a mer seelen esou lues schwätzen, oder besser gesot, sou prezis artikuléieren8, hu mer d’Vermëllung an d’Transkriptioun mat opgeholl.
Nach e weidert Symbol, dat een an all Wuert mat méi wéi enger Silb fënnt, ass d’Betounungszeechen Huet e Wuert méi Silben, gëtt et ëmmer eng, déi méi prominent ass wéi déi aner, an dat gëtt an der Transkriptioun markéiert. Wéi kéinte mer soss [']ëm.go.en vun ëm.[']go.en ënnerscheeden?10 Dacks gëtt et och hei Variatioun, déi awer net zu enger anerer Bedeitung féiert, mee vläicht just eng aner (emotional) Intensitéit erëmgëtt: [']doud.midd vs. doud.[']midd. An dann hu mer och nach Wierder, bei deenen d’Variatioun fräi ass, respektiv vun enger perséinlecher Virléift oder och nees vum Alter ofhänkt: [']Ree.man.tel vs. Ree.[']man.tel. A Komposita, also zesummegesate Wierder wéi Verkéiersreegel huet all Bestanddeel seng eege Betounung (Ver.[']kéi.ers + [']Ree.gel), mee just eng dovu gëtt zur Haaptbetounung. Déi aner gëtt eng Niewebetounung, mee fir dat net ze komplizéiert ze maachen, gëtt dës am LOD net notéiert.
Donieft gëtt et awer och ganz einfach Saachen, déi ganz systematesch oflafen, wéi zum Beispill d’Ennverhäerdung. Dobäi ginn [b], [d], [g], [z] a [v] entstëmmlecht, dat heescht se ginn ouni d’Vibratioun vun de Stëmmlëpse gebilt an se ginn zu [p], [t], [k], [s] a [f]: Frënd -> Frën[t] (awer: Frën[d]in); brav -> bra[f] (awer: bra[v]en)11. An dat ka souguer innerhalb vun engem Wuert geschéien, wann de Laut un enger Silbegrenz steet: Frënd.schaft -> Frën[t].schaft; ab.solut -> a[p].solut. Hei muss da keng Decisioun getraff ginn, well dat ëmmer konsistent bleift an eis kee Kappzerbrieches mécht.
Et kann een also festhalen, dass d’Transkriptioun en immens spannend Feld ass, bei deem ee méi iwwert d’Sprooch léiert, wéi ee mengt. A wann ee gutt opgepasst huet, weess een elo och, dass hannert der Ofkierzung ,IPA’ net den Indian Pale Ale stécht, soulaang et ëm d’Aussprooch (am niichteren Zoustand) geet.
Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft.
D’Korrespondenz vu Schrëft a Laut, also d’Grapheem-Phoneem-Zouuerdnung ass an der Lëtzebuerger Orthografie no Gilles an Trouvain nozeliesen: Conseil fir d’Lëtzebuerger Sprooch [CPLL] & Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch [ZLS] (2019): D’Lëtzebuerger Orthografie. Walfer & Stroossen: SCRIPT & ZLS.
D’Orthografiesreegele fënnt een zum Beispill am offizielle Reegelwierk: D’Lëtzebuerger Orthografie.
De [x] héiere mer och a Baach.
Conrad, François (2017): Variation durch Sprachkontakt. Lautliche Dubletten im Luxemburgischen (= LuxemburgStudien/Etudes luxembourgeoises 14). Frankfurt: Peter Lang.
Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft (2018): Schnëssen. Är Sprooch fir d’Fuerschung. [Mobile app]. URL: https://infolux.uni.lu/schnessen/
De [s] entsprécht dem s an naass an de [z] fënnt een an sëlwer.
Kuckt d’Infobox „Hannergrondwëssen“.
Am LOD steet d’Betounungszeechen ëmmer virum Vokal, deen de Kär vun der betounter Silb bilt, z. B. Di.a [d'i:.a:]. Hei ass déi éischt Silb di méi prominent wéi déi zweet a.
De Punkt am Wuert markéiert hei d’Silbegrenz.
Frënd, brav, absolut
* D’Dr. Judith Manzoni ass Phoneetikerin op der Universitéit Tréier. Si schafft als extern Expertin zesumme mam Prof. Peter Gilles vun der Uni Lëtzebuerg un den Transkriptiounen am LOD.