Spueren hannerloossen
De Päischtméindig um Përmesknupp war trotz Restriktioune gutt besicht
Kauneref. Vill Pilgerinnen a Pilger hunn trotz dem néck brillante Wieder an de villen Corona-Restriktiounen och dëst Joer vill Spuere vun hirem Glawen an hirer Veréierung fir den Hl. Pirmin um Përmesknupp hannerlooss.
Matt der néideger Distanz, de Masken, an de matgeschleefte Klappstill, hunn all déi Leckt disziplinéiert an eescht un der Festmass deelgeholl.
De Här Paschtouer Marco Wehles huet zesumme mam Festpriediger, dem Här Paschtouer Nico Schartz vun der Par Iewescht SyrSaint
Esprit, de Massendinger an dem Gesank ënner der Direktioun vum Liliane Cornette, un der Uergel dem Carlo Grotz, eng schéin an ergräifend Mass gefeiert.
De Festpriediger huet a senger Priedigt betount, dass vill Mënsche ginge bedaueren an hirem Liewe kee Beweis vu Gottes Presenz ze fannen. Awer wann mer eis mol Zäit huele fir an eist Liewen eranzelauschteren, fanne mer zwar keng Gottesbeweiser awer vill Spueren, déi Gott op eisem Liewenswee hannerléisst. Sou wéi och den Hellege Pirmin a sengem laange Wandererliewë vill Spueren a ville Länner hannerlooss huet. A ganz bestëmmt och um Përmesknupp, soss kéime neck Joer fir Joer esou vill Leckt bei Hien, besonnesch an dëse schlechten Zäiten.
Awer och dës Kris geet hoffentlich eriwwer, an d'Amis du Saint Pirmin (Përmesfrënn) hoffe mat allen Veréierer vum Hl. Pirmin op d'nächst Joer, fir erëm ouni Masken a Reglementer op de Përmesknupp ze pilgeren.
Josette Schintgen-Nickels
via mywort.lu