Eng Chance fir Lëtzebuerg
„Léif Reesender, wéinst engem technesche Problem ass eis Endstatioun haut zu Ettelbréck!“
Méindeg, 7. Juni, 23.20 Auer, ech sëtzen am Zuch fir op Dikrech. Hannert Schieren héieren ech déi schéi Stëmm vum gentil Accompagnateur: „Léif Reesender, wéinst engem technesche Problem ass eis Endstatioun haut zu Ettelbréck!“
Blöd! Ech misst op Dikrech! De gentil Accompagnateur hieft gelangweilt d’Schëlleren. Den agreabele Conducteur rëselt de Kapp: „Mäi léiwen Här ...“Wéi kommen ech mattsen an der Nuecht op Dikrech?
Kee Mënsch op der Strooss, keen Euro an der Täsch, keen Hotel, keen Taxi, keen Handy – kee Kuss fir de Bus (deen elo net méi fiert). Also: Carrement zu Fouss Lafen!
Fir d’éischt iwwert déi wonnerbar „nei“Patton’s Bréck (ass fir Foussgänger verbueden, mee nuets gesäit jo keen Auto mech); dann erëm laanscht d’CFL’s Gleiser, déi mech op Angelduerf féieren; déisäits läit deen anere Betrib, deen d’Iwwerliewe vun eisem Vollek méiglech mécht; nach ëmmer leede mech d’Schinne (negativ getest!) sécher bis op d'Dikrecher Gare. Et bréicht ee mol keen Zuch méi! Op der Gare waart mäin Auto op mech. Nëmmen eng knapp Stonn méi spéit wéi geplangt ukomm! Cool sinn! Gesond bleiwen!
Di nächst Woch fueren ech op Klierf – mat der CFL. Ech héieren elo schonn déi waarm Stëmm vun der gentile Accompagnatrice: „Léif Reesender, wéinst iergendengem technesche Problem ass eis Endstatioun haut zu Draufelt!“
Ech hunn elo endlech de raffinéierten Hannergrond vun der CFL hirer Reklamm verstanen: „Visitez le Luxembourg avec les CFL!“– Op lëtzebuergesch: „D’CFL deet Iech lafen!“
Merci CFL! Villmools Merci! Paul Scheuer,
Bettendorf