„Aus der Schoul geschwat“
Ërennerungen un d’Joffer Marie Treff vu Bëschrued † 4.06.2021
„Ich hab Ehrfurcht vor schneeweißen Haaren, sie verschönern der Mutter Gesicht,
und sie krönen die Arbeit von Jahren, und ein Leben der Treue und Pflicht“
Ech fannen, datt dës Wierder, déi de Camillo Felgen fir u Jore gesong huet, nawell gutt zu „Péitches Mariechen“passen.
Och wann d’Marie Treff ni bestuet war a keng eege Kanner hat, war si dach sou eppes wéi eng Mamm fir vill Bëschrieder Kanner, déi bei si an d’Schoul gaange sinn. Ech gehéieren och zu deenen a weess duerfir vu wat ech schwätzen.
No hirem Léierinnendiplom am Fréijoer 1943 goung et awer nit gläich an d’Schoul, wëll et war Krich, an duerfir goung et vir d’éischt emol fir 6 Méint an de „Reichsarbeitsdienst“op Ichtershausen an Thüringen.
Éischt Erfarungen am Schoulhale goufen ab November 1943 zu Iermsdref, zu Osper an zu Masseler gesammelt.
Am September 1947 huet d’Joffer Marie Treff d’Schoul vu Bëschrued uvertraut kritt. Si hat deemools 25 Joer an huet d’Kanner vun 8 Klasse gläichzäiteg ënnerriicht. Mat vill Engagement, Asaz a Fangerspëtzegefill huet si probéiert eis Liesen a Schreiwen, Rechnen a Villes méi bäi ze bréngen.
Natierlech huet d’Léierin sech mussen dee néidege Respekt erschaffen an huet duerfir vun den Erzéiungsmethode profitéiert déi deemools üblech waren. Och wann et alt emol e bësse méi haart hier goung, dann ass haut kee méi béiss doriwwer, an ausserdeem goufe beim Mariechen keng Strofe verdeelt déi nit méi ewéi berechtegt waren.
Mäi Liblingsfach war Heimatkunde. Do gouf een interessant Saache gewuer. An der Schoul houngen z.B. 2 grouss Portraiten, vum Grang a vum Krantz. Sou Saachen hu mech interesséiert. Zwéi Bëschrieder Jongen déi et zu eppes bruecht haten. Deen ee war an Afrika an deen aneren an Amerika. An da gouf e puermol am Joer e grousse Spadséiergank gemaach.
– Am Mee goung et an d’Fielsterbach Meeréisercher plécken. Ënnerwee hu mir all Bam an all Strauch erkläert kritt an all Déieren déi mer begéint sinn. Blindschleichen, Eidechsen, Fräschen a Kauzekäpp goufen ënnert d’Lupp geholl.
– Ee besonnescht Erliefnis war de Spadséiergang duerch d’Schankegriecht. Dës enk Schlucht mat hire Sandstengformatioune war fir eis Kanner eng ganz aner Welt wéi hei zu Bëschrued.
An da gouf et jo d’Geschicht vum Schankemännchen déi mir verzielt kruten. Och wann een de Schankemännchen nit gesinn hat, kount een sech e gutt virstellen datt hien do an enger Heelt gewunnt huet, a sech e Spaass draus gemaach huet fir Nuets d’Leit ze erschrecken. Kee vun eis Kanner hätt sech bei Vollmound ëm Hallefnuecht do an de Bësch getraut.
– Zu Fouss goung et awer och vu Bëschrued aus laascht d’Kiemelskräiz, iwwert de Parbësch an Huemerschlassbour bis op d’Schuerelser Schlass wou mer d’Liewe vun de Ritter aus dem Mëttelalter kenne geléiert hunn. No der Geschichtsstonn hannert deenen ale Maueren ass et duerno natierlech och erëm zu Fous op den Heemwee gaangen. Haut freet een sech wéi déi kleng Däbbessen aus dem 1. Schouljoer sou laang Weeër deemools gepackt hunn.
Beim järleche Schoulausfluch hu mir zesumme mam Mariechen, mat de Kanner vu Wal, der Joffer Ketty Kieffer an dem Paschtouer Marcel Keiser d’Lëtzebuerger Land entdeckt. Vum Minette bis an d’Spëtzt vum Éislek hu mir Villes kenne geléiert.
Sou ware mer beim Biergaarbechterdenkmol a bei der Léiffrächen zu Käl um Kanounenhiwwel a bei der Gëlle Fra an der Stad, bei deene wäisse Pateren am Mariendall, op der Esplanade zu Réimech, beim Willibrord sengem Graf zu Iechternach an an der „Folterkammer“am Schlass zu Beefort.
De Niklosbierg an d’Schlass vu Veianen, d’Abtei zu Clierf, d’Klëppelkrigerdenkmol mam Schéifermisch vun Aasselbuer, d’Streikmonument zu Wolz a Villes méi, hu natierlech och zu den Ausflugzieler vun deemools gehéiert.
Wéi ech 1964 hei zu Bëschrued am 7te Schouljoer war hat d’Léierin nach ëmmer Kanner vu 7 verschiddene Klasse gläichzäiteg an engem Sall.
Duerno goufe wéinst dem Réckgang vun de Kannerzuelen déi kleng Schoulen no a no zesumme geluecht an zum Schluss vun hirer aktiver Schoulzäit hat d’Mariechen just nach 2 Klassen, nämlech d‘5. an d‘6. Schouljoer, iert si am Juli 1982 an déi wuel verdéngte Pensioun gaangen ass.
Niewent der Schoul hat d’Mariechen awer nach eng aner Aufgab. Vu 1947 un huet si sech och ëm déi Bëschrieder Kierch gekëmmert, an et gouf kaum een Dag wou si nit op mannst eemol do passéiert ass fir ze kucken op alles an der Rei wier.
Hei ass si nit mat 60 a Pensioun gaang mee eréischt mat 90 am Joer 2012 also no 65 Dingschtjoeren, nodeems si mam „Bouren-Olga“eng zouverlässeg Nofollgerin found hat.
Vum Fréijoer bis an de spéiden Hierscht huet d’Mariechen d‘Kierch Sonndeg fir Sonndeg mat frësche Blumme gerëscht déi zum gréissten Deel aus „Péitches“hirem Gaart koumen. Zesumme mam Virginie goufen d’Kierchekleeder an d’Altoerdicher an der Rei gehal an et gouf sech ëm alles gekëmmert wat an der Kierch ugefall ass.
Och fir de Kierchegesank war d’Mariechen laang Zäit zoustänneg. Si huet fir d’Sonndesmasse passend Lidder proposéiert, den Tableau mat de Lidder preparéiert a bei de Wiertesmassen d’Lidder ugestëmmt.
Hiert Engagement an der Kierch huet sech awer nit nëmmen op Blummen, Koschter a Gesank beschränkt, mä do war jo och nach d‘Kannerbetreiung a d‘Kannerbegleedung wärend de Gottesdingschter.
Fir d’Joffer Mariechen war d’Erzéiungsaarbecht als Léierin nit eriwwer wa si d’Schouldier hannert sech zou gemaach huet.
An der Kierch hat si hier fest Plaz op der Muttergottessäit direkt hannert de Kannerbänken. Déi éischt Plaz niewent dem Gank war fir si reservéiert. Hei hat si ee gudden Iwwerbléck iwwert hier Kanner an huet derfir gesuergt datt ëmmer alles an der Rei war.
Ech ka mech nach gutt erënneren, datt dat deeglecht Rousekranzgebiet am November fir eis Kanner dacks laang gedauert huet an zimmlech langweileg war. Wann dann als Zäitverdreif mam Rousekranz gedréint gouf, dann ass d’Léierin aktiv ginn, an huet je no der Situatioun méi oder manner staark agegraff fir d’Saach ënner Kontroll ze kréien.
Nom Rousekranz ass et dann erëm interessant ginn. Bei klorem Himmel hu mir virun der Kierch zesumme mat der Léierin no de Stäre gekuckt. De Polarstär gouf gesicht, de grousse Won, de klenge Won, déi 3 Kinneken, d’Mëllechstrooss a Villes méi konnte mir mat hier zesummen um Himmel entdecken.
Am Numm vun all hire Kanner wëll ech heimat der Joffer Marie Treff Merci soe fir all hier Méi an hier Engagementer am Duerf, souwuel an der Schoul wéi an der Kierch.
„Merci Mariechen fir alles was Du an dengem Liewe fir däi Bëschrued, deng Schoul, deng Kanner a deng Kierch gemaach hues. Ech si sécher, dass Du bei eis a gudder Erënnerung bleifs a soubal nach nit wäers vergiess ginn“.
Jean Ferber