De Comité ass nees komplett
D'Rout-Kräiz-Sektioun erënnert un de Wally Fiedler an de Jemp Hinkel
Jonglënster. De neie President vun der lokaler Rout-Kräiz-Sektioun, Nico Lux war frou, eng ganz Rëtsch vun de Membre an der Generalversammlung begréissen ze kënnen. Hien huet déi immens Verdéngschter vun de verstuerwene Membren, dem President a Keessier Wally Fiedler, an dem Jemp Hinkel hervirgehuewen. Hiren Doud huet grouss Wonnen am Veräin hannerlooss, déi net esou séier wäerte ganz geheelt sinn.
Hien huet sech awer erfreet gewisen, datt de Comité elo erëm komplett ass duerch déi nei Membren Nico Lux a Sonja JungbluthThill. Säi Merci geet un dee fréiere Comité, deen eng gutt Aarbecht geleescht huet, awer och un déi nei Equipe, déi voll Begeeschterung op deen nächsten Asaz waart.
De President huet matgedeelt, datt de Veräin och dëst Jar erëm en Don vun 1 250 Euro un d'RoutZentral mécht. De Conseiller Raphaël Schmitz huet op dee perséinleche Kontakt am Veräi higewisen, dee leider déi leschten Zäit, Corna bedéngt, ze kuerz komm ass. Säi Merci goung un all Membre vun der Sektioun an un d'Quêteuren. Och den Denis Dimmer ass op déi mannegDe fach Verdéngschter vum Wally Fiedler a vum Jemp Hinkel agaangen.
D'Sekretärin war leider séier fäerdeg mam Aktivitéitsbericht, a si huet awer de Wonsch ausgedréckt, datt et 2022 erëm méi Aarbecht gëtt am Interessi vun enger gudder Saach.
D'Keessière Margot Neu huet en detailléierte Rapport virgeluegt, deen zwar positiv war, awer méi bescheide wéi de Jare virdrun. D'Marie-Lou Grethen-Felten huet déi genee Comptabilitéit hervirgehuewen, an doropshinn huet d'Generalversammlung der Keesière Entlaaschtung erdeelt. Neie Member am Comité ass de Sven Fiedler. D'Danielle Védie an d'Nadine Conrardy, Vertriederinne vum Zentralcomité, sinn op déi vill Aarbecht agaangen, déi an der Lënster Sektioun geleescht gëtt a si hunn déi gutt Zesummenaarbecht mat der Lënster Gemeng hervirgehuewen, an dat op deene verschiddenste Pläng, wéi CIPA, Amicale vum Cipa, lokal Sektioun vum Roude Kräiz, Jugendhaus an de Club Senior Loupëscht.
Denis Dimmer via mywort.lu