Wéi gutt gi mer iwwer d’Wandenergie informéiert?
Reaktioun op den Artikel „An der Windkraft scheiden sich die Geister“
An engem Artikel den 11. Juni am „Luxemburger Wort“suergt d'Madamm Longin op e Neits fir kloer Verhältnesser: franséisch Wandkraaftkritiker si gréisstendeels Rietspopulisten, déi Lige verbreeden, d'Atomenergie ass ofgenotzt oder deier, oder béides, a bréngt näischt fir de Klimaschutz.
Op där aner Säit steet de regenerative Modell mat der Wandenergie, déi no der Madamm Longin däitlech méi bëlleg gëtt, an déi no engem IFOP-Sondage dräi Véierel vun de Fransouse gutt fannen. Déi däitsch Energiewend gëtt gelueft, well se nom Klimaschutzindex vun der Organisatioun Germanwatch besser agestuuft gëtt ewéi de franséische System. Datt den däitsche Stroum zéngmol méi CO2-halteg wier ewéi de franséische Stroum, gëtt am Bäitrag als rietspopulistesch Falschinformatioun entlarvt.
Wou soll een do ufänken? D'Längt vun engem Lieserbréif ass begrenzt, dofir just e puer Wierder.
Fir d'Wandenergie kritesch ze hannerfroen, muss ee kenger politescher Richtung ugehéieren. Et hëlleft schonn, wann ee rational a wëssenschaftlech un d'Fro erugeet, a sech op physikalesch, technesch, ekonomesch an ekologesch
Aspekter konzentréiert. Wichteg sinn d‘Zuelen, a nach vill méi d’Gréisstenuerdnungen.
Objektiv Krittäre sinn z. B. de globale Flächen- a Ressourcëverbrauch, oder och nach d'zäitlech Ëmsetzungsméiglechkeeten an d'Käschte vum gesamte Modell − all Systemkäschten abegraff, fir datt d'Versuergungssécherheet garantéiert ass.
Wann een esou gefestegt Feindbiller huet, ewéi an dem Artikel vum 11. Juni, da kann ee jo dovun ausgoen, datt dee beschriwwenen Exercice am Virfeld konsequent gemaach gouf. Oder vläicht awer net? Wat z. B. de Klimaschutz ubelaangt, geet e Bléck an déi offiziell Zuelen duer: den CO2-Gehalt vum däitsche Stroum läit bei ongeféier 400 Gramm pro KWh, am franséische Stroum läit e bei ongeféier 50 Gramm pro KWh, mat anere Wieder eng Gréisstenuerdnung drënner. Also awer keng falsch Informatioun ewéi am Artikel behaapt? Den CO2-Gehalt vun der gesamter franséischer Primärenergie gouf iwwregens parallel zum Ausbau vun der Nuklearenergie an engem eenzege Joerzéngt ëm ronn en
Drëttel reduzéiert. D'Entwécklung vum CO2-Gehalt vun der däitscher Primärenergie weist dogéint säit de 60er Joren déi selwecht linear Erosioun ewéi den europäeschen Duerchschnëtt, ouni zousätzleche positiven Impakt déi lescht 20 Joer. Do gëtt engem d'Qualitéit bewosst vu Klimaschutzindexer, déi vun Organisatiounen an d'Welt gesat ginn, déi bewosst Lobbyaarbecht fir d'Wandindustrie maachen.
Beim IFOP-Sondage, an deem dräi Véierel vun de Befroten d'Wandenergie als positiv gesinn, gëtt eis am Artikel vum 11. Juni eng interessant Konklusioun leider virenthalen.
De Sondage huet nämlech déi befrote Leit och engem Wëssenstest iwwer d'Wandenergie ënnerzunn. Dobäi gouf festgestallt, dass mat engem méi héije Wëssensniveau d'Akzeptanz vun de Leit gefall ass. Déi eigentlech Konklusioun vun där Ëmfro ass also, datt eng Majoritéit vu Leit schlecht iwwer d'Wandenergie informéiert ass. Wonnert een dat?
Paul Heinen, Schoos
Dëst ass eng Reaktioun op den Artikel „An der Windkraft scheiden sich die Geister“vum 11. Juni 2021.