Impfe fir jiddereen … wien ass dee Jiddereen?
Virwat op Nationalfeierdag de Fändel dëst Joer am Keller bleift
Am Virfeld vu Nationalfeierdag, wou ee jo als Lëtzebuerger mat stolzgeschwollener Broscht de Fändel eraus hänkt, muss een och emol driwwer nodenken, ob alles esou perfekt ass, wéi et schéngt. Ech hu viru 15 Joer eng fräiwëlleg Decisioun getraff, déi sech haut als problematesch erweist. Et konnt jo deemools och kee wëssen, dass iergendwann de Corona géing kommen.
Ech sinn 2006 an Däitschland geplënnert, mat all de Konsequenzen. Ech sinn do ugemellt, hunn däitsch Nummereschëlder um
Auto … Dat eenzegt, wat mech nach mat Lëtzebuerg verbënnt, ass meng Famill, meng Aarbecht a mäin Hausdokter. Dee verschreift mir entre-temps dräi Medikamenter, déi ech all Dag soll huelen. Mat 44 Joer … sinn ech elo eng vulnerabel Persoun? Ech fille mech zum Gléck net esou. An der Tëschenzäit si vill vu menge Frënn geimpft, zum Deel méi jonk ewéi ech. Ech duecht bei mir: da mellen ech mech och un.
An hei fänkt d’Geschicht un traureg ze ginn. Dat geet nämlech net. Ech si Frontalier. Ech si mir däers och bewosst a wéi gesot, et huet jo och kee mech dozou gezwongen. Ech däerf mech also net driwwer opreegen – an awer! Ech hunn e Lëtzebuerger Pass, kommen all Dag heihinner schaffen a cotiséieren an d’Krankekeess. An elo huet Lëtzebuerg net emol méi zwou Sprëtze fir mech rescht? Elo sinn ech en däitsche Problem.
Verfälscht dat därmoossen d’Statistiken? Oder wat kann de Grond hei sinn?
Da kënnt op eemol sou e blöde Virus, a ruckzuck gëtt et keen Europa méi?! Grenze ginn zou gemaach an Impfdosissen ofgezielt, fir dass duerno ee mam Fanger op deen anere ka weisen.
Ech hu probéiert, mech iwwert d’Säit vun impfen.lu unzemellen, bei menger Nummer vun der Sécurité sociale war scho Schluss. Ech sinn net eligibel fir de Programm.
Wéi soll ech mech elo fillen? Als Landesverräter? Als Heimatlosen? Als Aussätzegen? Op jidder Fall bleift dëst Joer de Fändel fir Nationalfeierdag am Keller, dat ass sécher.
Christian Balthasar, Mettlach/Faha (D)