D’Zweerieder am Park an an der Stad
Wär et net besser, eng Vitesse-Limit anzeféieren?
Fir d’éischt wëll ech soen, datt ech et gutt fannen, datt d’Vëloen an d’Trottinette kënnen am Park fueren. Mee!
Ech sinn en ale Mann mat engem kënschtleche Knéi an engem liichte Gläichgewiichtsproblem. Dofir huet de Kiné mer gesot, ech soll all Dag e puer Kilometer goen, fir net anzeraschten. Dee Spadséiergank maachen ech zënter dräi Joer, andeem ech de grousse baussenzegsten Tour vum Park trëppelen. Dat schéngt mer elo verbueden ze sinn, well dee baussenzegsten Tour neierdéngs, wéinstens deelweis, fir d’Vëloe reservéiert ass. Ok, da muss ech mer eben nei Weeër sichen. Op verschiddenen ass et fir béid, Foussgänger a Vëloen, erlaabt. Ech huelen déi dann.
Wat do awer leider de Fall ass, ass, datt vill ze vill Zweerieder mat vill ze vill Vitesse rennen. An heiansdo iwwerhuelen se d’Leit a fueren nëmmen zéng Zentimeter laanscht se. Mat mengem Gläichgewiichtsproblem veronséchert dat mech onheemlech. Besonnesch natierlech, wann se vun hanne kommen, wou een se jo net gesäit an net héiert. Ech erschrecken all Kéier a meng Spadséiergäng sinn net méi friddlech a flott. Et ass schonn eng gutt Zäit, datt dat mech plot. Et ass awer schlëmm, dass een elo am Park grad esou vill muss oppasse wéi matten an der Stad, wou d’Vëloen an d’Trottinetten och dorëmmer rennen. Soll een d’Trottoiren an der Foussgängerzon an am Park erëm aféieren? Dat wär awer e Witz!
Tëschent 17 an 18.30 Auer, wann enorm vill Leit vun der Schaff kommen, ass et am schlëmmsten. Da kommen déi Vëloen an déi Trottinetten am Park vun alle Säite geflitzt. Amplaz déi komplizéiert Verbueter mat deene sëllege Markéierungen
um Buedem anzeféieren, wär et net besser, et géif een eng limitéiert Vitesse erlaben an d’Zweerieder zwéngen ze schellen, éier se e Foussgänger iwwerhuelen? Da wären d’Verbueter net méi onbedéngt néideg, mee d’Markéierunge kéinten trotzdeem bleiwen.
Natierlech missten am Ufank, an eng Zäit laang, Kontrolle gemaach gi mat Protokolle fir déi, déi wierklech iwwerdreiwen. Deslescht sinn ech am Park iwwerholl gi vun engem op engem Course-Vëlo a mat der passender Kleedung. Seng Vitesse war esou, datt ech duecht, e géif fir den Tour de France trainéieren. Wa mäi Gleichgewiichtsproblem mech deet, e Schrëtt säitlech ze maachen, oder, schlëmmer, wann e Kand just dann aus enger Heck gelaf kënnt, well mir si jo am Park, dann ass d’Bëtschel fett. Charel München,
Lëtzebuerg