D'Gemengefusioun ass kee Kannergebuertsdag
Gedanken zum neie Mobilitéitsprojet an zur Fusioun vun den Nordstadgemengen
Warscheinlech hunn d'Ministere Bausch an Turmes an och den Här Haagen elo agesinn, wat fir e Fiasko d'Renovatioun vun der N7 tëschen Ettelbréck an Dikrech ass, an datt si domat vill Nordstadbierger ganz gehéireg veriergert hunn.
An Hisiicht op de Referendum betreffend d'Fusioun vun de Gemengen, deen 2022 an d'Haus steet, gëtt elo erëm versicht, d'Wieler positiv ze stëmmen. Mat neien Illusiounen, fir net ze soen Hirngespinster, kréien d'Leit wäisgemaach, wéi fantastesch hir Nordstad no der Fusioun wäert ginn. Et bleift nëmmen ze hoffen, datt d'Wieler net op de Bluff erafalen a sech drun erënneren, datt si schonn 2007 un Hand vun enger groussaarteger Broschür e fantastesche Boulevard tëschent Ettelbréck an Dikrech versprach kruten.
A wat ass draus ginn? Eng verschassen, oniwwersiichtlech véierspuereg Strooss, mat enger Vëlospist, déi kee Mënsch benotzt, an derniewent en Zuch, deen all Véierelsstonn, gréisstendeels eidel, vu moies sechs bis nuets eng Auer fir vill Radau suergt, zum Leed vun dem neie Wunngebitt, dat eis Gemeng viru kuerzem erschloss huet. A knapps ass de Chantier ofgeschloss, ginn nei Etüden op den Dësch gezaubert, fir erëm alles ëmzeänneren. Wéi et schéngt, schwamme mir am Geld, mä fir eppes Sënnvolles ze maachen ass keent do.
D'Cité Longchamps hat e Lärmschutz an Aussiicht gestallt kritt, deen och méi wéi néideg wier nieft dëser vill befuerener Strooss. Heizou kënne weder Ministère, nach Gemeng, nach Ponts & Chaussées eng Äntwert ginn, ob e realiséiert gëtt oder net. E kloert Nee wär och eng Äntwert, déi deene betraffene Leit géif erlaben, Privatinitiativen ze ergräifen, fir sech vum Radau ofzeschotten. Mä leider brauch Éierlechkeet méi Courage wéi Illusiounen
an d'Welt ze setzen. D'Reaktioune vun de betraffene Gemengen zum neie Mobilitéitsprojet schwätze fir sech. Ettelbréck seet näischt. Den Här Schaaf gouf jo kuerzerhand op d'Oppositiounsbänk verwisen, wéi hien net begeeschtert war vum Geflécks un der Nordstrooss tëschent ColmerBierg a Fridhaff. Den Ierpeldenger Buergermeeschter ass paff, d.h. hie gëtt net informéiert, wat op sengem Territoire geplangt gëtt! Dikrech iwwerléisst deenen aneren de Radau vun Zuch a Verkéier a gesäit sech als autofräit Paradäis, mat Parking zu Ierpeldeng!
Ausser der Mobilitéit stinn nach vill Froen am Raum, déi virum Referendum op Äntwert waarden.
Als alleréischt sollen eis Politiker mol erklären, wéi d'Gerüst vun der neier 25 000-Awunnergemeng soll ausgesinn, wéi déi nei Gemeng
soll funktionéieren a wéi et mat der Gläichberechtegung tëschen deene verschiddene Memberen ausgesäit. Mir wëllen als Ierpeldenger jo net paff sinn, wann enges gudden Daags Ieselen op eis Kierchtierm klammen.
D'Gemengefusioun ass kee Kannergebuertsdag,op deem all Wënsch an Erfëllung ginn, a soll och net als solchen duergestallt ginn un Hand vun Expressvëlospisten, Brécken an Tunnellen, déi warscheinlech ni gebaut ginn.
Jiddefalls soll d'Sciencefiction fir 2035 net benotzt ginn, fir sech laanscht eng éierlech Opklärungsaarbecht iwwer essentiell Froen ze mogelen, déi all responsabelen Nordstadbierger virum Referendum erwaart.
Michèle Hoffmann, Member vum Biergerbeirot vun der Gemeng Ierpeldeng