Net grad esou, Här Kayser
Dir „huet“Iech mat deene Plakaten, déi den Educatiounsministère mat sengem „Zenter fir Lëtzebuerger Sprooch (ZLS)“elo als Reklamm dorëmmer gehaangen huet. Dir fannt et zwar eng gutt Saach – ech och – awer da gëtt et „gro“an Ärem Artikel.
Et schéngt, wéi wann Dir net matkritt hätt, datt an der leschter Zäit eng ganz Schwadrull vun Initiative fir eis Sprooch um Leescht gewiescht sinn. Dat offiziell an och privat. Mir hu mat eiser AktiounLëtzebuergesch an de leschte 50 (!) Joer eiser Sprooch iwwer X-Manéieren op hir Plaz gehollef; dat kënnt Dir net mat engem klenge „Wéitschert“esou einfach an engem (eemolegen Artikelchen) an de „Biischteschaf“juppen.
Mir hunn de Staat och souzesoen un d’Wibbele kritt; sief et duerch „Arrêtéën“, mat Gesetzer oder elo och geschwënn iwwer eis
Constitutioun. Et giff eng langlaang Lëscht vun eenzelen Aktiounen, wann et soll hei opgerechent ginn… dat geet wäit iwwer Ärer Bomchen hir Suerg mam „s’il vous plaît“an de Butteker eraus.
Eng ganz héiflech a frëndlech Fro: Wat ass Iech da bis elo fir eis Sprooch agefall? Wat huet Dir fir d’Lëtzebuergescht an Ärer Famill oder an Ärem Ëmkrees fir eis Sprooch opweises? Huet Dir Iech oder anerer ewell fir lëtzebuergesch Bicher, Lidder, Artikelen intresséiert? Pardon, datt ech elo sou mat der Dier an d’Haus gefall sinn … vläicht ginn se dann net nëmmen am Ministère op, deen Dir um Napp ze hu schéngt … Ärer Saach … mä näischt fir ongutt.
Lex Roth, Lëtzebuerg
Dëst ass eng Reaktioun zum Lieserbréif „Lëtzebuerger Spréch“vum 3. Juli 2021.