125. Anniversaire an der Virbereedung
VERDéNGSCHTVOLL MEMBERE BEIM SäNGERBOND MUSELDALL AUSGEzEECHENT
Mäertert. Déi 124. Generalversammlung vum Waasserbëlleger Männerchouer ass am Respekt vun den aktuelleCorona-Virschrëften ofgehale gi. De President Yvon Streff war erfreet dat d'Sänger quasi alleguer present waren an dass si all d'Pandemie gutt iwwerstanen hunn.
Aus dem Rapport vum Sekretär Mich Kohn konnt ee gewuer ginn, dat den dynamesche Chouer aacht Concerten huet missen ofsoen an dat nëmmen 19 Prouwe gehale gi sinn. Zwou Veranstaltungen – den traditionellen Theater an en Nomëtteg mat Musek aus den 1920er Jore mam Carlo Hartmann a senger Ekipp – konnte stattfannen. An engem stëlle Moment ass un de verstuerwen Narcisse Moes geduecht ginn. De Keessjee Frank Hansen konnt trotz dem Feelen vu villem Akommes eng gesond finanziell Situatioun presentéieren. D'Reviseure Georges Mahnen an
Abbes Hoffmann hunn eng virbildlech Keeseféierung bestätegt.
De President huet alle Bedeelegte Merci gesot, dat se trei zu hirer Chorale municipale Sängerbond Museldall stinn. Houfereg
konnt hie matdeelen, dat déi laangjäreg Theaterspillerin Mariette Zacharias bereet ass, de Poste vun der Presidentin vum Festcomité fir den 125. Gebuertsdag ze iwwerhuelen. Eng Ekipp, wou niewent Veräinsmemberen, d'Theaterspillerinë Sandra Bettendorf, Simone Toonen an Delphine Hansen och de Buergermeeschter Laurent Jérome, den DechenClaude Bache an de Gemengeconseilljee Alain Scheid matschaffe wäerten. E kulturelle Programm niewent engem Buch iwwer 125 Joar Veräinsgeschicht solle fir 2022 organiséiert ginn. D'Dirigentin Viviane Kohn-Hames ass frou, dat si erëm ka mam Chouer prouwen. E flotte Chrëschtconcert am Advent ass d'Ziel bis zum Schluss vum Joer. Uschléissend huet d'Madame Angèle Michels am Numm vun der UGDA verdéngschtvoll Memberen ausgezeechent. De Georges Alliaume, den Henri Feltgen an den Titularpianist Daniel Lang si fir 10 Joer mat der Bronzemedail geéiert ginn; de Roby Kersch mat der gëlle Medail fir 40 Joer an de Georges Mahnen mat der gëlle Medail Union Grand Duc Adolphe fir 60 Joer. De Mich Kohn an d'Viviane Hames hu fir 40 Joer Sekretär respektiv Pianistin, Sous-Chefin an Dirigentin d'Plaquette de reconnaissance J.A. Zinnen feierlech iwwerreecht kritt.
De Buergermeeschter huet de Jubilare gratuléiert a versprach datt d'Gemeng Mäertert-Waasserbëlleg weiderhin en oppent Ouer fir d'Belaanger vun der Kultur am Allgemengen a fir d'Chorale municipale am Besonneschen hätt.
Michel Kohn via mywort.lu