Luxemburger Wort

Endlech nees zesummen

De Lions Club Mameranus iwwerreech­t Schecken am Wäert vun 56 000 Euro

-

Lëtzebuerg. Kierzlech hat de Lions Club Mameranus (LCM) op een Apero op der Place d'Armes invitéiert. Engersäits war dësen éischten Event geduecht fir de Memberen, déi sech zënter November 2020 zwar reegelméis­seg all Mount iwwer Videokonfe­renz fir eng Reunioun gesinn hunn, d'Méiglechke­et ze bidden, sech no dëser laanger Waardezäit, mol nees physesch begréissen ze kënnen.

Op der anerer Säit gouf dëse Come together och als Geleeënhee­t genotzt, fir déi verschidde­n Associatio­unen ze invitéiere­n, deenen hir Projeten de LCM wärend sengem Geschäftsj­oer 2020/21 mat engem Gesamtbetr­ag vu 56 000 Euro ënnerstëtz­t hat. Op nationalem Niveau waren dës d'Asssociati­oun Blëtz, d'Bourse universita­ire pour étudiants réfugiés, d'Associatio­n Luxembourg Alzheimer, de Leederwon, Equiclic an d'Trauerbuch-Kannerbuch „Mein Papa hieß Michel“vum Simone Thill. Finanziell ënnerstëtz­t goufe weider e syresche Flüchtling, e peruanesch­en Aarbechter zu Lëtzebuerg an zwee Museker vum Estro Armonico, souwéi den Téléthon. Och internatio­nal Projete vun Dignity, Iles de Paix Luxembourg, SOS

Faim Luxembourg, Villa Kunterbunt, Amitié Am Sand-Amizero an AEIN Luxembourg goufe net vergiess.

D'Invitatiou­n vum Lions Club Mameranus gouf vun enger ganz grousser Zuel vu eegene Memberen a Vertrieder vun de finanzéier­te Verbänn ugeholl an domat huet dëst Zesummentr­effen ënner stralendem Himmel op enger Terrass eng exzellent Geleeënhee­t fir interessan­t Gespréiche­r gebueden. Den Event gouf mat den obligate Scheckiwwe­rreechunge­n ofgeronnt.

Jacques Barthel via mywort.lu

 ??  ?? D'Membere vum Club an d'Vertrieder vun den Associatio­unen hu sech no laanger Zäit nees gesinn.
D'Membere vum Club an d'Vertrieder vun den Associatio­unen hu sech no laanger Zäit nees gesinn.
 ??  ??

Newspapers in German

Newspapers from Luxembourg