De Parvis vun der Gare: E Verkéiersknuet
Et ginn net vill Stied, déi sou e schéint Statiounsgebai hunn, souzesoen eng Kathedral aus dem Industriezäitalter. Déi ganz Plaz virun der Gare gëtt awer säit Joerzéngten absolut léift- a konzeptlos behandelt. Leider ass keng Wendung zu engem Besseren an Aussiicht, am Géigendeel. Wou virdrun de Parvis vun der Gare war, ass elo een onméigleche Knäuel aus Autos-, Tram-, Vëlos- a Foussgängertrassen, déi sech och nach onsënnergerweis puermol géigesäiteg duerchkräizen! E gordesche Verkéiersknuet, dee mat der virherrschender Denkweis (Optiméierung vum Individualverkéier op Rieder) wuel net méi wäert opzeléise sinn.
De Parvis vun der Gare mat dem neien Tram.
Déi grouss Verléierer sinn nees eng Kéier d’Leit déi ze Fouss ënnerwee sinn. Net nëmmen, datt si elo mat engem Spiessruttelaf all déi nei Verkéiersschneisen iwwerwanne mussen, nee, op deem klenge Raum, deen hinnen nach bleift, gi se zousätzlech, an trotz Vëloswee, ëmmer méi vun allméiglechen Zorte vun Zweerieder bedrängt. Schmuel Trottoiren dénge gläichzäiteg als Busarrêt inklusiv Bushäisecher, Panneauen ... Fir eeler Leit, a fir Leit mat Rollstull oder Rollator eng onléisbar Aufgab.
De Chantier u sech war net dee gréisste Problem, mee éischter dat trauregt Resultat duerno. Nodeems 99 Prozent vun der Plaz zoubetonéiert ass, wäerten e puer kosmetesch Korrekturen op deem klenge Raum virum Pavillon Grand-Ducal, wou en ënnerierdesche Vëlosparking geplangt ass, d’Kar och net méi aus dem Dreck zéien ...
Vicky Mertens, Lëtzebuerg-Gare