Wéngert a Kierfecht, méi a séier
Iwwer d’Entwécklung vun der Lëtzebuerger Sprooch
Sprooch entwéckelt sech iwwer d’Zäiten. Ob elo zum Gudden oder zum Schlechten, dat sief dohigestallt, se entwéckelt sech. Wann dat net sou wier, hätt ee Sproochhistoriker keng Aarbecht. Wa sech Sprooch net géing entwéckelen, da géinge mir haut nach eng Form vum Urindogermanesche schwätzen, also d’Ursprooch vun eiser Sproochfamill – d’Lëtzebuergescht gehéiert jo an déi germanesch Sproochfamill, déi och nëmmen en Deel vun der urindogermanescher Sproochfamill ass, zu där ënnert anerem och d’Latäin, d’Griichescht an d’Sanskrit gehéieren – wann net souguer nach eng Ursprooch, déi schonn an der Bibel als gemeinsamen Ursprong vun alle Sproochen duergestallt gëtt, déi awer och an der Linguistik oft méi schlecht wéi recht debattéiert gëtt an dobäi mat sou Nimm wéi Nostratesch (vum Laténgeschen nostra, fir eis Sprooch) bezeechent gëtt.
Wa sech Sprooch also net verännere géif, da wier et och ni dozou komm, datt et d’Lëtzebuergescht gi wier. Well et awer d’Lëtzebuergescht gëtt an et am Grand-Duché wéi och driwwer eraus als Sprooch unerkannt ass, ass och ipso facto d’Lëtzebuerger Land net vu Sproochwandel verschount bliwwen.
A wéi Ochs
Fir d’Klammer vun der Sproochgeschicht ganz grouss opzemaachen, kann ee scho mam Alphabet ufänken, dat mir och fir d’Lëtzebuergescht benotzen. Sprooch ass zwar primär mëndlech, mee et gëtt e Grond, datt scho virun Dausende Joren Alphabeter an aner Schrëftsystemer erfonnt gi sinn, fir d’Sprooch ze dokumentéieren. Och d’Schrëftsystemer hu sech iwwert d’Joerhonnerten entwéckelt. Eist Alphabet ass am Noen Osten entstan, an zwar fir Sproochen, déi vum Typus hier näischt ze dinn hu mam Lëtzebuergeschen a mat deene Sproochen, déi mat em Famill sinn. Am Ufank waren et nëmmen Zeeche fir Konsonanten. Wéi am Ale Griichenland déi Schrëft dunn opgeholl ginn ass, do sinn awer gewëss Zeechen, déi een net fir déi griichesch Konsonante gebraucht huet, fir Vokaler benotzt ginn. Vun de Griichen hunn dunn d’Etrusker dëst Alphabet iwwerholl an dono d’Laténger (spéitstens vu 600 v. Chr. un), vun deene mir et jo hunn – alles mat Groussbuschtawen. D’Klengschreiwung ass eréischt am fréie Mëttelalter erfonnt ginn.
D’Buschtawen hu sech vill geännert iwwert d’Zäit an et erkennt een hautdesdaags kaum nach eng Verbindung tëscht deene verschiddene Varianten. Allerdéngs kann een nach haut Unhaltspunkte vun der Geschicht vun eisem Alphabet erkennen, an deem een de Buschtaf einfach op de Kapp stellt. Sou erkennt een dann d’Stiliséierung vun engem Ochsekapp, well dat Zeechen huet ursprénglech dat Déier (an den éischte Klang vun dësem Wuert) bezeechent.
All déi Zousazzeechen, déi d’Lëtzebuerger Alphabet an Orthografie prägen, sou wéi den <é> oder <ë>, sinn awer eréischt vill méi spéit entstan, laang no der Entwécklung vu klenge Buschtawen.
Sang a Klang
Schrëften an Orthografië sinn awer nëmme sekundär fir eng Sprooch, well sech nach bis haut eng Sprooch primär am Mëndleche weiderentwéckelt. Aleng um Niveau vum Klang deet sech oft scho ganz vill. Do falen engem villäicht d’Dialekter an, wéi et se och nach am Lëtzebuergesche gëtt, mee dat si prinzipiell just mikroregional Phenomeener. D’Verännerung vum Klang kann awer och vill méi breet opgestallt sinn. Wéisou soe mir zum Beispill am (Gaart) an (du) bass amplaz im / ëm (Gaart) oder (du) bis(t), bës(t)? Dohannert stécht dat, wat een an der Linguistik ee phonologesche Wandel nennt, dat heescht, datt sech ee Klang an engem spezielle Kontext weiderentwéckelt huet. Et schwätzt een och vu Lautgesetz a sou engem Fall, well sech de Klang /i/ no feste Reegelen (virun n/m an s plus Konsonant) an een /a/ verwandelt huet. D’Regularitéit vum i-Wandel ass en zentrale Punkt an der Entwécklung vun der Sprooch. Mir kënnen d’Wierder zwar am Eenzelen dréinen a kéieren a schläifen a quëtschen, mee en Deel vun der Sprooch ka sech nëmme veränneren, wann dëse Wandel och vun de Spriecher vun dëser Sprooch oder op d’mannst vun enger grousser Grupp vu Spriecher akzeptéiert gëtt. An déi Regularitéit vun der Verännerung vun de Kläng war néideg, fir datt sech fir sou e lautleche Wandel och Akzeptanz fonnt huet an dee sech duerchsetze konnt.
Ënnen um Wéngert
Datt ee Wandel vun de Spriecher muss akzeptéiert sinn, fir datt e sech duerchsetze kann, gëllt awer och fir all déi aner sproochlech Domänen. Et ass awer prinzipiell net sou, datt ee Spriecher eppes decidéiert an datt all déi aner da kuschen. Et muss een et éischter als eng Zort Bottom-up-Phenomeen gesinn, eng Zort Volleksdemokratie. Sou e Wandel kann déi verschiddenst Urspréng hunn, mee net all Wandel muss sech ganz an iwwerall oder iwwerhaapt duerchsetzen.
Wa mer zum Beispill eist Wuert Wéngert kucken, da kënne mer dorunner dräi Saachen erkennen. Fir d’éischt (1.) ass hei net den alen /i/ (vum mëttelalterleche win-gard – also Gaart fir Wäin) zu /a/ ginn, mee zu /é/. Wann een dann awer net nëmmen déi geschwate Sprooch bedenkt, mee och eis Flouernimm, da gesäit een,
datt et och eng Form Wangert gouf. Dës Form ass an de Flouernimm zimmlech iwwerall verbreet, déi Form Wéngert gëtt et awer virun allem an der haiteger Wäigéigend. Wéi dunn iergendwa just nach op der Musel Wäi produzéiert ginn ass, dunn huet sech och déi Form vun do duerchgesat. Et erkennt een also (2.), datt e phonologesche Wandel vun engem Deel vun de Spriecher gedeelt muss ginn, awer net vun allen, an (3.) datt e Lautwandel prinzipiell och verännert ka ginn, also datt de Wandel net absolut ass. Datt mir iwweregens Wäin an net Wan(n), Win(n) oder Wén soen, dat läit dorunner, datt hei an enger eelerer Sproochstuf e laangen i (/i:/) stoung, bei win-gard awer e kuerzen – sou vill zum reglementéierte Kontext.
Aus diachroner Siicht ass Sproochwandel am einfachsten un de Kläng ze erkennen, mee och beim Opbau vun de Wierder, also der Morphologie, kënne sech Saachen änneren. Eis feele meeschtens eeler Quelle vum Lëtzebuergeschen, mee wann een dat, wat mer hunn, vergläicht mat anere germaneschen Idiomer an d’Flouernimm mat eranhëlt, da kann een och hei deen een oder anere Wandel erkennen.
Sou gesäit een zum Beispill, datt gewëss Suffixer méi produktiv gi sinn – produktiv am linguistesche Sënn, also eppes, wat (ëmmer méi) benotzt gëtt. Et gëtt ë. a. déi Suffixendung -echt am Lëtzebuergeschen, déi och relativ vill virkënnt. A vereenzelte Wierder kann dat nach een ale Suffix sinn, sou wéi an Hickecht, mee bei deene meeschten ass dat éischter eng nei Form. An de Flouernimm gesäit een, datt an der Nominalbildung en neie Suffix aus -ech an -t entstan ass. Dëse war dann zum Deel sou produktiv, datt och Wierder mat scho fäerdegem Bauplang ëmgebaut gi sinn. Sou ass eist Wuert Kierfecht och nëmmen eng Methathees – dat ass, wann eenzel Buschtawen an engem Wuert ëmgedréint ginn – vun engem Wuert *Kierchhaff (den Asterisk markéiert an der Linguistik eng rekonstruéiert Form, déi warscheinlech, mee net schrëftlech beluecht ass), wat et esou net ginn ass. Aus engem *Kierchhaff ass dann duerch d’Verännerung vun der Betounung e *Kierchhëff ginn an dann e Kierfech an dono och nach e Kierfecht, well den -t quasi bei den -echt gehéiert huet.
Och op enger anerer Plaz ass sou munches geschitt an der Morphologie. Den Ënnerscheed tëscht engem Steen an zwee Steng ass dorobber zeréckzeféieren, datt bei Steen an enger eelerer Phas keng Endung stoung, mee beim Pluriel Steng schonn. Déi Endung ass an enger méi spéider Entwécklung awer dunn ewechgefall. Theoreetesch misst dat och sou beim Wuert Been sinn. Mee hei hu mer kee Singulier Beng. Allerdéngs gëtt et am Reenert nach en alternative Pluriel Bengen, wou einfach eng méi spéit Plurielsendung -en un e Singulier Beng gepecht ginn ass. Mir gesinn, datt et am moderne Lëtzebuergesche just eng Form fir Been gëtt – hei ass also eng Analogie agetrueden, dat heescht, datt d’Variant vun enger morphologescher Form op déi aner dropgesat ginn ass –, mee datt et an eelerer Zäit nach Alternative gouf.
An anere Sprooche muss een zum Deel vill Flexiounsendunge léieren – fir ze markéieren, wéi een e Wuert am Saz benotzt, an da kënnt et och nach op d’Zort vum Nomen un. D’Latäin ass do ganz aktiv, d’Algriichescht zum Deel manner, mee sou munch net-indogermanesch Sprooche benotzen extreem gär Flexiounsendungen, fir Kasussen ze markéieren. Am Lëtzebuergeschen hu mir dat jo net. Oder besser gesot: Mir hunn et net méi sou, mee awer nach vereenzelt an Iwwerreschter. Sou Reschter fënnt een zum Beispill bei de Pronomen – ech denken do un den Ënnerscheed tëscht hien an him, oder datt et numol wichteg ass ze kucken, ob een seng oder senger benotzt.
D’Hickecht um Kierfecht
Ee Beng, zwee Steenen?
Zum Gléck muss een dat net méi léieren...
Méi, am meeschten, an ëm den Eck
An deene meeschte germanesche Sprooche fënnt een och en Ënnerscheed am morphologesche Komparativ oder Superlativ (am Verglach zum Positiv, also der „Normalform“). Obwuel de Superlativ nach am Lëtzebuergeschen existéiert (De Flocki ass dee séierste vun eisen Hënn), gëtt et kee morphologesche Komparativ méi, dat heescht, et gëtt keng speziell Endung, déi een un en Adjektiv muss drunhänken, fir e Komparativ ze bilden. Et muss een dat anescht maachen, duerch e weidert Wuert: De Flocki ass méi séier wéi déi aner. Déi Komparativform mat méi (... wéi) ass eppes, wat iergendwann nei war am Lëtzebuergeschen, awer eppes, wat elo ganz normal ass.
Hei sinn zwou Saache ganz interessant: (1.) Déi Aart a Weis, e Komparativ ze maachen, ass iergendwéi aus enger romanescher Varietéit ofgekuckt an (2.) méi am Lëtzebuergeschen ass etymologesch net identesch mam däitsche mehr.
An der Romania ass et praktesch iwwerall dozou komm, datt sou en analytesche Komparativ (also een, dee méi op Syntax opbaut) sech duerchgesat huet. Woubäi et sou war, datt déi geografesch méi periphär Sproochvarietéiten de Komparativ éischter mam ale laténgesche magis gemaach hunn, an et bei deene méi zentrale Variante mam laténgesche plus gemaach ginn ass, sou och am Franséischen. Am Germaneschen ass dat manner de Fall, ausser do, wou de romaneschen Afloss méi grouss war, sou wéi bei eis, oder a limitrophen Dialekter am däitsche Sproochraum oder am Engleschen.
Cogna-wat?
Wat huet et da lo mat deem Wiertche méi op sech? Wann et cognat wier mam houdäitsche mehr – cognat ass en Terminus aus der historescher Sproochwëssenschaft a bezeechent den Zoustand tëscht zwee Wierder, wa se morphologesch identesch sinn, mee diachron duerch phonologesch Phenomeener verschidden Entwécklunge matgemaach hunn – da misste mir u sech méier soen. Et gesäit een et zum Beispill bei eisem Wiertche séier, dat am Houdäitschen dem sehr géing entspriechen. Bei eis huet sech d’Bedeitung do awer e bësse geännert. Ganz theoreetesch kéint eise méi aus engem Laténgesche magis entstan sinn, allerdéngs hu mer do de Problem, datt ee misst erklären, wéisou da bei eis dat Wuert geholl gi wier an awer an deene romanesche Varianten an der Géigend éischter de plus. Méiglech ass ëmmer alles, mee net warscheinlech ...
Wann een dann awer weiderkuckt am Germaneschen, da gesäit een, datt et nach eng aner Form vun deem Wuert gëtt am (Al-)Friseschen, eng Form, déi da cognat wier mat eisem méi. Dat heescht, dat Wuert ass warscheinlech awer al, mee alt net mam Houdäitschen ze verbannen. D’Manéier, de Komparativ analytesch auszedrécken, ass dann awer geléint oder op d’mannst ofgekuckt.
Sou ass dat
Och wann eng Sprooch ëmmer engem inhärente Reegelwierk ënnerworf ass, ginn et dach sou vill Méiglechkeeten, dës Reegelen ze benotzen. D’Reegelen, déi intern an enger Sprooch schaffen, sinn der, déi hëllefe sollen, d’Sprooch analyséieren ze kënnen, mee net, fir se anzeschränken. D’Reegelen hëllefen also, der Kreativitéit an dem Sproochgebrauch en Output ze ginn. An d’Resultat vu joerhonnertelaanger Kreativitéit kann et alt och sinn, datt et verschidde Variante ginn an dat eent oder anert och mol ugepasst gëtt. An dat ëmmer erëm an ëmmer weider.
* Den Dr. Sam Mersch schafft als Sproochhistoriker am Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch.