Iesele ginn et net nëmmen zu Dikrech
En neit Buch weess Munches iwwert d’Spottnimm am Dräilännereck
Lëtzebuerg. Wann een hei zu Lëtzebuerg vun engem Stater schwätzt, da weess jidderee Bescheed, wou déi Persoun hierkënnt. Vill manner bekannt ass, datt et am Lëtzebuerger Sproochgebitt nach eng aner Stad gëtt, wou d’Leit als Stater benannt ginn. Fir dat eraus ze fannen, muss ee just bis op di aner Säit vun der franséischer Grenz goen. An den Dierfer ronderëm di gréisst Stad war et dofir ganz normal, datt een zu den Awunner vun Diddenuewen och „d’Stater“gesot huet.
An hei am Ländchen brauch ee keng laang Erklärungen ze ginn, wa vun engem Iesel geschwat gëtt. Do weess jiddereen, datt domat en Dikrecher gemengt ass. Mee och am Dräilännereck bei Schengen ginn et Ieselen. D’Awunner vu Siirk sinn domat gemengt.
Biermerenger Lëmmele
Déi heite Spréch sinn aus engem neie Buch geknäipt, dat dëser Deeg eraus komm ass. Ënnert dem Numm „Les sobriquets du Pays des trois frontières“oder „Spottnimm aus dem Dräilännereck“hunn d’Auteuren Jean-Marc Becker an Armand Bemer eng Hellewull vun Dierfer an Uertschaften op de Leescht geholl.
D’Resultat dovun erstreckt sech vum westlechen Dräilännereck bei Péiteng laanscht eis Minett a bis op di aner Säit vun der Musel. Do sinn dann och en etlech Lëtzebuerger
Uertschafte mat ernimmt. Sou gëtt Biermereng meeschtens mat der Maus Ketty a Verbindung gesat, mee di mannste Leit wëssen, datt d’Awunner vun do déi Biermerenger Lëmmele genannt ginn.
De Jean-Marc Becker ass Präsident vun der Associatioun „Wéi laang nach?”, déi sech em den Erhalt an d’Fërderung vum Lëtzebuergesche këmmert. Den Armand Bemer huet den Text vum Buch geschriwwen. Op 168 Säite gëtt een allerhand Wëssenswäertes gewuer an et muss een heiansdo schmunzelen wann ee liest, datt fréier d’Leit net ëmmer zëmperlech ware, besonnesch wann et em di aner gaangen ass.
D’Buch kann ee fir 20 Euro bestellen bei dem Veräin „Wéi laang nach?“zu Diddenuewen op der Telefonsnummer +33 768 164 540 oder per E-Mail (wln@orange.fr). Et ass virgesinn, datt et d’Buch deemnächst zu Lëtzebuerg och an de Bicherbutteker ze kafe gëtt. fwa
Jean-Marc Becker, Armand Bemer: „Les Sobriquets du Pays des Trois Frontières“, Serge Domini, 176 Seiten, ISBN: 9782354751609, € 20