D’Sécherheet vun de Foussgänger zu Kielen
Handelen, ier et zu engem schwéieren Accident kënnt
Et brauch keng grouss Etudë fir festzestellen, dass de Verkéier zu Kielen all Joer zouhëlt.
De Verkéier vun Autoen a speziell Camionen hëlt zënter enger Rei Joren zou, an et gëtt näischt gemaach, fir dëst massiivt Verkéiersopkommen ze bremsen, respektiv fir dem Foussgänger méi Sécherheet am ëffentleche Raum ze ginn. De Foussgänger huet zu Kielen keng Prioritéit!
Kielen mat sengen enke Stroossen a ville Kéieren ass fir all déi schwéier Gefierer net gemaach an et begéint een all Dag geféierlech Situatiounen, wann een zu Fouss ënnerwee ass.
Déi geféierlech Plazen zu Kielen, an der Kéier beim Chineesesche Restaurant an am ieweschten Deel vun der Ollemerstrooss, wou et mol keen Trottoir gëtt an d’Vitess och net limitéiert ass, si beschtens bekannt.
Eng weider ganz geféierlech Plaz ass di lescht riets Kéier op der Mamerstrooss (Kräizung Brameschhaffstrooss) a Richtung Mamer.
Hei fueren all Dag zeg Camionen a Camion-Remorquen ongenéiert iwwer den Trottoir fir d’Kéier ze schneiden oder well een vun uewen erof entgéint kënnt an net genuch Plaz ass, fir dass zwee grouss Gefierer an der Kéier kënne laanschtenee fueren. Et ass jo och ganz einfach! Den Trottoir ass just e puer Zentimeter héich, grouss Gefierer fueren einfach driwwer, si mierken et mol net.
Wann s de grad do kënns, dann has de Pech. Bass de gutt a Form, kanns de nach op d’Säit sprangen. Mee wéi soll dat eng Persoun maachen, di mat enger Kannerkutsch do kënnt oder vläicht op Kretschen ënnerwee ass, oder Kanner di aus der Schoul kommen, matenee schwätzen a well se jo um Trottoir sinn net weider oppassen …
Op där aner Stroossesäit an dëser Kéier ass et och net méi sécher. Do ass den Trottoir nach méi schmuel an et gëtt wéinst enger héijer Mauer guer keng Auswäichméiglechkeet. D’Gefill dat een huet, wann eng Betonnière mat grousser Vitess op e puer Zentimeter
laanscht ee fiert, ass net schéin. Dobäi ginn et einfach a bëlleg Léisungen an et muss ee keng Zäit verléiere mat Planung, Verkéier zielen an deier Etuden. Zum Beispill kann den Trottoir op béide Säiten ofgeséchert gi mat Leitplanken, enger kalifornescher Mauer oder Polleren, di einfach um Stroossebelag festgemaach ginn an den Trottoir vun der Strooss trennen. Et ass och allgemeng bekannt dass am ieweschten Deel vun der Mamerstrooss vill ze séier gefuer gëtt. Hei misst de Verkéier wéi an anere Stroossen an der Gemeng berouegt ginn, wat ee ganz einfach mat Blummenhochbeeter ka maachen oder/a Parkplazen op d’Strooss anzeechnen.
Am Zentrum vu Kielen, vun der Kopleschterstrooss un bis bei de Kiem gëtt jo dann deemnächst eng Tempo-30-Zon realiséiert. Et ass awer net ze verstoen, firwat déi Zon net bis an d’Nouspelterstrooss laanscht de Schoulcampus verlängert gëtt.
Ech hoffe jiddefalls, dass eis Gemengeverantwortlech sech an d’Zukunft fir schnell Léisungen asetzen, ier et zu engem schwéieren Accident mat Foussgänger kënnt.
Francine Hilgert, Kielen