Firwat kee Genesenepass mat Verlängerungsméiglechkeet?
Logistesch gesinn dierft et kee grousse Problem duerstellen, dëse Wee anzeschloen
Ech hat de Pech, um Covid-19 ze erkranken, ier déi éischt Impfstoffer verfügbar waren, mee gläichzäiteg d’Chance, dass ech en harmlose Verlaf hat. Säitdeem loossen ech all dräi Méint iwwert eng Bluttanalyse meng Antikierper testen. Säit menger Infektioun, de 17. November 2020, si meng Antikierper e puer Mol geklommen an se hunn lo, no bëssen iwwert engem Joer, hire bis dato Héchststand erreecht. Wat dorop schléisse léisst, dass (an dat hunn ech mer vun Dokteren a Kolleegen aus dem Fach och sou soe gelooss) ech tëschenzäitlech nees a Kontakt mam Virus war, a meng Antikierper a mäin Immunsystem, hier Aarbecht geleescht hunn. No enger Infektioun mam SARS-CoV2 ass een noweislech op d'mannst esou gutt geschützt wéi no enger vun de bis lo zougeloossenen Impfungen, an och offensichtlech méi laang. Zousätzlech haakt sou e Schutz all déi néideg Këschten of: neutraliséierend Antikierper, Immunäntwert op zellulärem Niveau (T- a B-Zellen) a breetgefächerte Schutz géint méiglech Varianten, well de Kierper de ganze Virus kennt an net just den S-Protein, wéi dat bei de bisheregen Impfungen de Fall ass.
Déi Fro, déi mir also um Hierze läit ass folgend: Firwat kënne mer hei zu Lëtzebuerg net de Wee goen, deen se och schonn a munch anere Länner (ënner anerem Schwäiz an Éisträich) ginn a gaange sinn, nämlech de Genesenestatus soulaang ëm 90 Deeg ze erweideren, bis ee keng Antikierper méi kann noweisen. Och wann esou en Zertifikat da just zu Lëtzebuerg an eventuell an deene Länner, déi et och sou maachen, gülteg ass. Mee et geet jo virun allem drëm, dass een a sengem eegene Land net grondlos ënnert de sëllegen Aschränkunge leide muss, déi en Geimpften net huet. Logistesch gesinn dierft et och kee grousse Problem duerstellen, dëse Wee anzeschloen: Bedingung fir de Genesenestatus sinn en offizielle positive PCR Test (deen ee jo da forcement schonn huet) an een op eege Fauscht organiséierten Test sérologique, dee vun dem jeeweilege Labo iwwert de Guichet an de Fichier agedroe gëtt (net anescht ewéi d’Apdikten et bis lo och mam Schnelltest maachen).
Op Grond vun dëser Faktebasis drängt sech mir deemno déi zousätzlech Fro op, firwat sech déi lëtzebuergesch Regierung esou enger Mesür an de Wee stelle géif. Et wier jiddefalls en Ligne mat dem Prinzip vum Här Bettel: „Souvill Sécherheet wéi néideg a souvill Fräiheet ewéi méiglech.“
Kris Scheer, Esch/Alzette