Luxemburger Wort

Dat Onméiglech­t méiglech maachen

D'Wonschkuts­ch wënscht vill Gléck am neie Joer

-

Virun e puer Joer haten e puer Idealisten d´Iddi eng Wonschambu­lanz zu Lëtzebuerg ze grënnen. Wonschambu­lanzen sinn et scho laang Joren virdrun am Ausland ginn. De Prinzip ass deen hei: Ee Mënsch, deen eng onheelbar Krankheet huet, huet nach ee leschte Wonsch.

Hei ee Beispill: Eng Damm geet all Dënschdeg mëttes mat hire Frëndinnen an d´Patisserie Kaffi drénken. Elo huet déi Damm eng onheelbar Krankheet a läit an der Klinik. Si kritt vun den Doktere gesot dass si ni méi kann Heem goen a wäert an deenen nächste Woche stierwen. All Dënschdeg Mëtteg läit si an hirer Kummer an ass traureg. Ze vill gär géing si nach emol mat hire Frëndinnen an d´Patisserie ee gutt Stéck Kuch iessen, nach eemol eng Taass Kaffi drénke goen. Awer wéi soll si dohi kommen? Si packt de Wee net. Si hänkt um Sauerstoff.

Eng Saach vun der Onméiglech­keet? Oder net? Hei kënnt d'Wonschkuts­ch an d´Spill: Hier Ekippe fuere mat enger Ambulanz oder engem Rollstulls­auto an d´Klinik, lueden déi Damm op a fuere mat hier an d´Patisserie. Bei hier Frëndinnen. Bei de Kaffi an de Kuch. Si huet d'Geleeënhee­t, ee Mëtteg de Kliniksall­dag ze vergiessen. Si ass net méi Patientin mee e Mënsch. Genee dofir gëtt et keng Wonschambu­lanz, mee eng Wonschkuts­ch. Matt enger Ambulanz transporté­iert een ee Kranken, mat enger Kutsch fiert ee spadséiere­n. Hei gëtt och net vu Patiente, mee vu Fuergäscht geschwat. Ee Patient ass krank, ee Gaascht gëtt verwinnt. D'Wonschkuts­ch mécht alles fir dass de Fuergaasch­t e puer flott Momenter huet.

D'Familljen, d'Fleegepers­onal aus der Klinik oder de Fuergaasch­t selwer erzielen oft, dass si duerno opbléien. Dass et hinne besser geet a sief et nëmme fir e puer Stonnen.

D'Kutscher, wéi déi aktiv Memberen genannt ginn, sinn all fräiwëlleg dobäi. Fir Kutscher ze ginn, muss ee net onbedéngt aus engem Gesondheet­sberuff kommen. Et brauch een eigentlech just e puer Saachen: ee grousst Häerz, ë bëssi Disponibil­itéit an de Wëllen, ë puer Stonnen Formatioun ze maachen. Natierlech ginn et och Dokteren a paramedezi­nescht Personal an hire Reien.

Dëst Joer ass dann och den éischte Wonsch erfëllt ginn, wou de Fuergaasch­t vun zwee Infirmiers-Anesthésis­ten begleet ginn ass. Matt ë bëssi gudde Wëllen a vill Organisati­oun ass villes méiglech. Aner Wënsch waren: Ee Mëtteg op der Marie-Astrid, nach eemol Heem an den eegene Blummegaar­t oder d´Elteren, déi wäit ewech wunnen, bei der Daf vum Kand derbäi ze hunn.

Dëst waren nëmmen e puer Beispiller. Et sief nach ze bemierken, dass, fir déi Faarten, déi aus enger Klinik oder engem Hospice gemaach ginn, de behandelnd­en Dokter säin Accord muss ginn.

Trotz der Pandemie versicht d'Wonschkuts­ch all Wonsch ze erfëllen. Si bieden awer ëm Versteesde­mech, wann et wéinst dem Covid-19 net méiglech ass.

Et ginn iwwregens nach fräiwëlleg Kutscher gesicht. Sollt Dir Loscht hunn mat ze maachen ,da mellt Iech.

De Verwaltung­srot vun der Wonschkuts­ch asbl esou wéi all Memberen wënschen Iech all ee glécklecht neit Joer 2022!

Wonschkuts­ch asbl

5, rue de la Gare – L-7448 Lintgen | Tel.: 621733677 sekretaria­t@wonschkuts­ch.lu | www.wonschkuts­ch.lu

 ?? ??

Newspapers in German

Newspapers from Luxembourg