Luxemburger Wort

„Nolauschte­ren“… ee Rezept wat Wonner bewierke kann

-

Eng Hochzäit, vill Invitéen, d’Stëmmung dréit ze kippe well op ee Mol kee

Wäi méi do ass! Oh Gott!!! Wat solle mer elo maachen? Wien ass schold un deem ganzen? D’Evangelium vun dësem Sonndeg ass eng vun deene beléiftste WonnerErzi­elungen an der Bibel déi de Jesus vollbruech­t huet. Si mer mol éierlech, de Fokus gëtt direkt op d’Wonner gesat, an dat wat ronderëm passéiert kënnt an den Hannergron­d. Ech ginn zou, als Hobby-Wënzer sinn ech erstaunt wéi schnell de Jesus aus 236,34 Liter Waasser, Wäi ka maachen. D’Rezept dozou wéilt ech, an och dir bestëmmt gären hunn …

Zu Zwee eng Léisung fannen

Léif Frënn, ech invitéiere­n Iech op eppes opzepasse wat ganz schnell iwwerlies gëtt. Am Evangelium gëtt op deen anere gelauschte­rt. Fir d’éischt, dat wat guer net opfält, an dach ganz wichteg ass, ass dass eng Persoun opmierksam gëtt – eppes wouer hëlt. Dat ass d’Maria. Hir fält op, dass si kee Wäi méi hunn. Villäicht well sech d'Gäscht direkt oder indirekt beschwéier­t hunn oder well si selwer kee méi zerwéiert krut huet, villäicht awer och, well doriwwer am heemleche getuschelt gëtt, an de Geck driwwer gemaach gëtt. Dem Maria fält dat op. Si weess dass dat net däerf passéieren. Si ass besuergt, si weess awer och dass si selwer eleng do net vill kann änneren. D’Maria an hirer Suerg, deelt dëst dem Jesus da mat.

Oft liese mer dëse Passage als een Opruff, fir ze Handelen. Ech denken dass dat awer net esou gemengt ass. Déi Suerg déi d’Maria huet, deelt si hirem nooste Vertraute mat – fir dass si net eleng d’Suerg muss droen a villäicht zu Zwee eng Léisung kënne fannen. De Jesus lauschtert op seng Mamm, hien héiert hir Suerg – deelt awer mat dass et nach ze fréi ass grouss Wonner ze vollbrénge­n. Doropshin, mat der Hoffnung dass hire Jong de Problem zur Chefsaach awer wäert maachen, geet d’Maria bei d’Dénger a seet hinnen, dass si egal wat passéiert, op hire Jong de Jesus solle lauschtere­n. D’Dénger lauschtere­n op d’Maria a kuerz drop och op de Jesus. An do passéiert d’Wonner …

Nolauschte­ren an iwwerleeën

Ännerungen ze bewierken, heescht fir d’éischt opmierksam ze sinn, nozelausch­teren an dann ze iwwerleeë wat kann ech dozou bäizedroe fir dass d’Situatioun sech zum Gudden ännert? Dëst Evangelium kann eis hëllefen als eng synodal Kierch ze denken an ze handelen. D’Kierch ass och an enger prekärer Situatioun, wéi zu Kanaa op der Hochzäit. Et heescht elo net bei an allen Froen déi sech stellen (oder gestallt ginn), Feeler engem virzewerfe – esou wéi den Zoustänneg­e vun der Hochzäit, deen zum Schluss am Evangelium de Bräutigam kritiséier­t. Hien selwer war dach bei de Fässer am Keller an huet net drop reagéiert. Problemer oder Feeler op anerer ze verschiebe­n bréngt nämlech zu näischt. Et heescht d’Problemer wouerzehue­len, esou wéi d’Maria et mécht, si lauschtert um Dësch no an gëtt et weider an der Hoffnung dass doduerch ee Steen un d’Rulle kënnt.

Esou kënne mir selwer och dozou bäidroen dass ee Steen un d’Rulle kënnt, ouni dass mir äis géigesäite­g mat Kritik iwwerheefe­n an dorënner selwer zu Gronn ginn. Dat heescht géigesäite­g d’Situatioun eescht huelen an deem ee wouerhëlt, reflektéie­ren (sech freet wat ee selwer gemaach oder net gemaach huet) a matdeelt … ob als eenzege Gleewegen, als Laien, Priister, Bëschof oder Poopst, als Gemeinscha­ft an als Kierch, gëllt dann d’Nolauschte­ren als Rezept vun all Léisung a villäicht och vun engem néie – klenge – Wonner an eiser Weltkierch.

Lauschtere mir eis duerfir géigesäite­g no, a ganz wichteg, och op den Härgott an säin Hellege Geescht.

Ännerungen ze bewierken, heescht fir d’éischt opmierksam ze sinn.

Zu Kana a Galiläa war eng Hochzäit, an dem Jesus seng Mamm war drop. Och de Jesus a seng Jünger waren op d’Hochzäit geruff ginn. Wéi kee Wäi méi do war, sot dem Jesus seng Mamm zu him: „Si hu kee Wäi méi!“Du sot de Jesus zu hir: „Wat hunn ech domat ze doen, Fra? Meng Stonn ass nach net komm.“Seng Mamm sot zu den Dénger: „Maacht dat, wat hien iech seet!“Et stounge sechs stenge Waasserkré­i do, wéi d’Judde se fir [rituell] d'Rengegunge geholl hunn. A jidder Krou goungen zwou bis dräi Metreten. De Jesus sot zu den Dénger: „Fëllt d’Kréi mat Waasser!“Dunn hu si se bis uewenhi gefëllt. Dueropshi sot de Jesus zu hinnen: „Schäfft elo eraus an drot deem et, dee sech ëm d’Iessen an d’Gedrénks këmmert!“Dat hu si gemaach. Nodeems de Mann, dee fir d’Gedrénks zoustänneg war, d’Waasser geschmaach­t hat, dat Wäi gi war – hie wousst net, wou de Wäin hierkoum, ma d’Dénger, déi d’Waasser geschäfft haten, woussten et –, huet hien de Bräitchema­nn geruff an zu him gesot: „All Mënsch setzt fir d’éischt dee gudde Wäin dohinner, an eréischt herno, wann d’Leit es vëllege gedronk hunn, dee manner gudden. Du awer hues dee gudde Wäi bis elo versuergt!“Dat hei huet de Jesus zu Kana a Galiläa gemaach als Ufank vu sengen Zeechen. Esou huet hie seng Herrlechke­et gewisen, a seng Jünger hunn un hie gegleeft.

Copyright: Editions Saint-Paul / Archevêché D’Sonndeseva­ngelium fënnt een och op www.cathol.lu

 ?? Foto: Shuttersto­ck ?? Op ee Mol ass kee Wäi méi do – an d'Maria gëtt opmierksam.
Foto: Shuttersto­ck Op ee Mol ass kee Wäi méi do – an d'Maria gëtt opmierksam.
 ?? ?? Vum Paschtouer Charles Bremer
Vum Paschtouer Charles Bremer

Newspapers in German

Newspapers from Luxembourg